Radioen

On air

De Moien  |  Notre Dame zu Paräis: Wou sinn d`Arbichten fir den Opbau dran?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Somewhere over the rainbow"

LGBT an Israel

"Somewhere over the rainbow"

De Juni gëllt als "Pride Month". Uechter d'Welt steet hei d'Villfalt ënnert de sexuellen Orientéierungen am Fokus. Zu Tel Aviv waren dëst Joer iwwer 200.000 Mënschen um Dill, wéi déi sougenannte "Pride Parade" stattfonnt huet. Mä wat seet dës impressionnant Zuel iwwer d'Lag vun der LGBT Communautéit am Staat am Noen Osten aus?

auto_stories

6 min

Bis haut si vill gesetzlech Privileegien doru gekoppelt, wien ee gär huet a mat wiem een d'Bett deelt. Sou grouss, wéi de Choix bei eben dëser privater Decisioun ass, sou grouss ass och d'Ongläichheet a ville Länner am Bezuch op d'Rechter vu Mënschen, déi sech net als heterosexuell definéieren. Wie sech géint d'Diskriminéierung wiere wëll, deem stinn ënnerschiddlech Forme fir ze reagéieren zur Verfügung.

"Et wäert e Changement an der Ëffentlechkeet kommen"

De jonke wäissrussesche Jud Slav bitt zum Beispill regelméisseg guidéiert Touren zu Tel Aviv un. Hei erkläert hien interesséierte Mënschen aus sengem Heemechtsland, mä och dem Ausland, wat an der LGBT-Zeen lass ass. Den Akronym LGBT steet fir lesbian, gay, bisexual an transgendered. Him schéngt de Kontakt mat Leit, déi sech selwer éischter net an der Zeen zou uerdnen besonnesch interessant.

"Ech soen hinnen ëmmer zum Schluss: 'Dir sidd meng Ambassadeuren.' Well wa si mat enger Persoun schwätzen, déi sech net mat LGBT auskennt, da kënne si soen, datt si eng Persoun aus dëser Zeen getraff hunn, gutt Erfarunge mat hir gemaach hunn. A si kënnen och falsch Aussoe widderleeën. Dofir denken ech, datt de Changement net eleng duerch Protester, nei Gesetzer an d'Regierung kënnt. Och déi Aarbecht ass wichteg. D'Leit, déi an dësem Kontext aktiv sinn, gleewen un dat, wat se maachen. Mä ech ginn et gär vu enger anerer Säit un: Duerch Gespréicher an och doduerch, datt ech weisen, datt ech mech gutt spieren, sou wéi ech sinn. Meng Oppenheet an de Fait, datt mir driwwer diskutéiere kënnen, heescht nämlech, datt et normal ka sinn. Dat wäert och an der breeder Ëffentlechkeet changéieren. Wa Leit begräifen, datt et normal ass. Do deet sech grad vill. Mir sinn nach net um Zil ukomm, mä ech hoffen, datt et eis gelénge wäert."

Enorm vill symbolesch Reeboufändelen

Während dem "Pride Month" gëtt awer net nëmme problematiséiert. Mä et gëtt och dat gefeiert, wat schonn erreecht gouf. D'Visibilitéit gëtt deels op dat Äusserst gedriwwen: An der israelescher Groussstad Tel Aviv gesäit een am Juni enorm vill symbolesch Reeboufändelen Mä virun allem och vill schwul Männer, déi engem vun Dausende vu Party Plakater, dacks op d'mannst hallef plakeg a lasziv zouwénken.

Foto: Bigstock / Roman Yanushevsky

Och um Internetsite vun der Pride Parade gëtt eng Dating-App proposéiert, déi sech just u Männer adresséiert. Blatzen an Israel bestëmmte Faarwe méi séier aus, während anerer sou hell blénken, datt e bal geblent gëtt? De Slav argumentéiert an dësem Fall domat, datt och d'LGBT Zeen selwer net homogen ass.

"Eng lieweg lesbesch, queer an trans Communautéit"

"Et ginn iwwregens och speziell Dating-Apps fir lesbesch Fraen an Tinder gëtt ganz dacks benotzt. Op verschidde Leit wierkt et sou, wéi wann ech als schwule Mann och de Recht géing representéieren. Mä dat ass net esou. Mir hunn eng lieweg lesbesch, queer an trans Communautéit. Ech wäert mech ganz sécher net heihi stellen a behaapten, Frae wiere net lëschteg a géifen ni eraus goen. Si maache just d'Saachen anescht. An hirer eegener Zeen ass dat Ganzt méi "Underground-like" organiséiert. Am Géigesaz zu de méi zweedeitege Plakater vu Männer, wäerts du hei éischter keng Fra gesinn op enger Affiche, déi dech 'oben ohne' op hir Party invitéiert. Et ass einfach eng Stilfro."

Dacks gëtt Israel als de Virreider a Saache "Gayfriendlyness" am Noen Oste gehandelt. Mä bis haut kënne gläichgeschlechtlech Koppele sech net an Israel bestueden. Obwuel hinnen zënter 2008 d'Recht opsteet, Kanner z'adoptéieren, ass dëst der israelescher Zeitung Haaertz no bis haut just dräi Koppele gelongen. Prioritéit hätten nach ëmmer heterosexuell Partnerschaften, heescht et. Dëse Juli huet d'Regierung verkënnegt, dëst Recht eventuell wëlle réckgängeg ze maachen. Fir adoptéierte Kanner keng, Zitat "zousätzlech Laascht" wëllen opzëerleeën. Iwwerdeems huet sech awer d'Situatioun vun transsexuelle Persounen an deene leschte Jore verbessert, wéi de Slav betount. Hie kënnt op d'Arméi ze schwätzen an där all jonke Mënsch an Israel dénge muss.

D'Arméi ass net déi schlechste Plaz fir transsexuell ze sinn

"Interessanterweis ass d'Arméi net déi schlechtste Plaz fir transsexuell ze sinn, well d'Israel "Defense force" bezuelt fir deng Transitioun. Souguer, wann dës scho virun denger Zäit an der Arméi ugefaangen huet. Trotzdem géif ech soen, datt et och an Israel, sou wéi iwwerall soss an der Welt net einfach ass, trans ze sinn. Et handelt sech ëm e komplizéierte Kontext. Zum Beispill sinn hei an Israel leider nach vill trans Mënschen a Prostitutioun implizéiert an et ginn och nach aner Problemer."

Wien e schéine Reebou an der Natur gesäit, vergësst heiansdo, datt et wéi de Numm et scho seet, trotzdem reent. Sou ass et och e wéineg an Israel. Och wann de Mikrokosmos Tel Aviv an e Reeboufändel agepaakt ass, kréckelt a kraacht et an der inoffizieller Haaptstad, souwéi ronderëm heiansdo zimlech zolidd. E grousse Konsens gëtt et net. D'Land ass op ville Plaze staark reliéis gepräägt. Weder d'Bibel nach den Talmud oder d'Tora hale Fräifaartsschäiner fir Léift a Sex ausserhalb vum heterosexuelle Kontext bereet. Trotzdeem ginn et reliéis Gruppéierungen, déi tolerant sinn an eng Hand mat upaken, wéi de Slav erkläert.

Hëllef sech an der Ëffentlechkeet ze outen

"Et ginn e puer wéineg Organisatiounen, déi éierenamtlech schaffen. HOD oder Gavra si reliéis Organisatiounen a begleede reliéis Jonker, déi sech oute wëlle. Mä dat si keng grouss offiziell Institutiounen. An orthodoxe Communautéite ginn et e gutt Stéck méi Problemer. Vill ënnert hinne streiden d'Existenz vum homosexuelle Liewen of."

Hei kommen dann Organisatioune wéi Atzat Nefesh an d'Spill, déi jonke Mënschen zwar och hëllefe wëllen, mä dat andeems si se vun hirer sexueller Orientéierung behaapten ze heelen. En altertümleche Virgank, deen dem Slav misst veruertdeelt ginn.

Foto: Bigstock / RnDmS

"Et existéiert an ass net illegal. Et gouf Versich et ze verbidden. Mä leider huet sech de Gesetzesvirschlag net duerchgesat. Et ass elo net sou eng Konversiounstherapie, wéi ee se aus dem Kubrik sengem 'Clock Work Orange' kennt. Mä Homosexualitéit soll trotzdeem ewech therapéiert, also quasi ausgedriwwe ginn. Ech fannen et schrecklech, datt dat haut nach geschitt."

"Angscht hu mir keng"

2014 gouf dëst Virgoen zwar vum Gesondheetsministère an deem Sënn kritiséiert, andeems recommandéiert gouf, keng sou Therapeuten opzesichen. De Ministère huet un d'Therapeute selwer appelléiert. Wann dës net am Stand wieren, hire Patient fräi vu Jugement, aus enger toleranter, empathescher Positioun eraus ze betreien, da géifen si sech selwer disqualifizéieren. Trotz dëser Warnung an der indirekter Ruge ginn nach vill Famillen enorm Zommen aus, fir hir Kanner - op d'mannst hirer Opfaassung no - op de richtege Wee ze bréngen.

Definitiv um falsche Wee war 2015 en ultraorthodoxe Judd, deen e 16-järegen op der "Pride Parade" zu Jerusalem ëmbruecht huet. Dëst huet fir grouss Trauer an a baussent der LGBT-Zeen gesuergt. Panik virun Attacke wéi dësen oder am nach méi grousse Mooss, huet de Slav awer net.

"Guer net. Neen. Ni. An Israel kanns du jidderee froen, ob en Angscht wéinst dem Konflikt huet an du wäerts ëmmer en 'Neen' als Äntwert kréien. Mir liewe mat deem, wat ass, mä Angscht hu mer keng. Dofir hunn ech keng Angscht. An dir sollt och keng hunn."