arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sonn, Sonneschutz an Hautkriibs

Serie

|
reading time

1 min

Sonn, Sonneschutz an Hautkriibs

D'Summervakanz steet virun der Dier an domat vill Departen a méi waarm Géigende bei d'Mier oder an d'Bierger, meeschtens op Plazen, wou d'Sonn um Rendez-vous ass. D'Sonn deet eis gutt, léisst munch ee gutt entspanen, mee kann awer och geféierlech ginn.

reading time

1 min

Wien net oppasst, sech net richteg oder genuch schützt, ka seng Haut duerch e Sonnebrand beschiedegen an domat och Gefor lafen en Hautkriibs ze entwéckelen. Hautkriibs ass déi heefegst Kriibserkrankung weltwäit. Dofir ass et net vu Muttwëll, datt d'Präventioun grouss geschriwwe gëtt. Déi soll scho bei de ganz klenge Kanner ugesat ginn.

Den Dermatolog Dokter Xavier Miller, Grënnungsmember vun der Société luxembourgeoise de Dermato-Vénérologie Sonn, schwätzt an eiser Serie iwwer Sonneschutz an Hautkriibs. Säi Message: Et geet net ëm e Verbuet, mee ëm de richtegen Ëmgang. Genéisst d'Vakanz op der Plage beim Mier an der Sonn, mat Mooss a Virsiicht. Eng Serie vum Angie Maquil.

play_arrow Deel 1: Hautkriibs

play_arrow Deel 2: D'Haut vergësst näischt

play_arrow Deel 3: Sonneschutzproduiten

play_arrow Deel 4: Sonnespray an After Sun

play_arrow Deel 5: Sonnestrahle genéissen