Radioen

On air

Tockcity  |  Joe Goddard & Fiorious - New World (Flow)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op der Az bei den Islandponyen an de Piwitschen

Sonndegspadséiergang

Op der Az bei den Islandponyen an de Piwitschen

D'Az ass e Fiichtgebitt an der Gemeng Biekerech, dat 2017 ugeluecht ginn ass. Zwee Joer drop koum de Piwitsch. De Max Steinmetz vum Sicona gëtt dem Tessy Steffen Koenig Erklärungen op sengem Sonndegspadséiergang.

auto_stories

1 min

Fotoen: Tessy Troes

D'Zil hei op der Az ass et, d'Fiichtgebitt méiglechst oppen ze gestalten an ze ënnerhalen. Et sollen also keng Hecken eropkommen a méiglechst wéineg Vegetatioun sinn. D'Successioun gëtt ëmmer nees op de Kapp gesat, esou de Max Steinmetz. Dat gëtt hei mat Islandponye gemaach. Fir dat Zil ze erreechen, gëtt versicht mat lokale Betriber zesummenzeschaffen. D'Päerd hëllefen, datt hei op der Fläch net ze vill wiisst an alles kuerz bleift.

D'Fiichtgebitt "Az" ass annerhallwen Hektar grouss (Foto: Tessy Troes)

Hei op der Az existéiert eng relativ homogen Landschaft ouni Hecken a Beem - et ass also just ee charakteristesche Liewensraum fir bestëmmten Aarten. "Déi wéineg Aarten, déi mir hei hunn, si super bedroten Aarten. Dowéinst ass déi Valeur ëmsou méi héich."

De Max Steinmetz schafft als Naturschützer beim Naturschutzsyndicat Sicona (Foto: Tessy Troes)