Radioen

On air

De Moien  |  Jalen Ngonda - Rapture

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sowjetesch Zwangsaarbechter zu Lëtzebuerg

Geschicht

Sowjetesch Zwangsaarbechter zu Lëtzebuerg

Am Kader vun engem Recherche-Projet iwwer "100 Joer russesch Emigratioun op Lëtzebuerg" fuerscht d'Inna Ganschow, mat der Ënnerstëtzung vun der Lydie-Schmit-Stëftung, ënnert anerem och iwwer d'Lous vu sowjeteschen Zwangsaarbechter, déi an de Joren 1942 bis 44 op Lëtzebuerger Schmelzen an a Lëtzebuerger Bauerebetriber geschafft hunn.

auto_stories

5 min

D'Inna Ganschow fuerscht iwwert sowjetesch Zwangsaarbechter.

4.000 Sowjetbierger sinn tëscht 1942 an 1944 op Lëtzebuerg komm. Net fräiwëlleg, mä gezwongen. Op där enger Säit waren dat Zaldote, Krichsgefaangener, jonk Männer, déi der däitscher Wehrmacht an d'Gräpp gefall waren. An op där anerer Säit sougenannt Ostarbeiter, am Fong bal nëmmen Arbeiterinnen. Jonk Fraen, Meedercher tëscht 12 an 20 Joer, aus Russland, Wäissrussland, an aus der Ukrain.

Si sinn an Däitschland verschleeft ginn, souzen dann do a Lageren, bis Leit opgekräizt si - vu grousse Fabricken haaptsächlech (dorënner och Lëtzebuerger Schmelzen) - déi un der Aarbechtskraaft vun de jonke Fraen interesséiert waren a si matgeholl hunn. Sou koumen der och e puer Honnert hei an d'Land.

En ofgekapselt Liewen

Déi sowjetesch Krichsgefaangener sinn duerch eng ähnlech Lotterie zu Lëtzebuerg gelant. Kontakt haten déi zwou Gruppen hei kee mateneen, net op der Aarbecht, wou si natierlech fir ganz ënnerschiddlech Chargen agedeelt waren, an scho guer net nieft der Aarbecht. Si hunn a getrennte Lagere gelieft, déi eng (d'Prisonéier) goufe vun däitschen Zaldoten, déi aner vu Lëtzebuerger Ziviliste bewaacht.

Ausser hire respektive Braken an der Aarbecht hu si net vill gesinn. Eenzelen ass et gegléckt, fort ze lafen. Déi, déi fortkoumen, hunn dann och meeschtens e Lëtzebuerger Haus fonnt, an deem si verstoppt goufen. Dat weist, datt d'Leit vun hei duerchaus Empathie gewisen hu fir d'Russen. An dat erkläert firwat et ënnert deene Russe keng generell Rancune, keen Haass op d'Lëtzebuerger gouf, seet d'Historikerin Inna Ganschow.

Wien déi Gutt an déi Béis, respektiv déi besser an déi manner gutt an deem Kontext waren, ass fir si awer irrelevant. Si wier mat hirer Fuerschung zwar nach net fäerdeg, mä d'Zil wier et net, schéin oder onschéi Säite vun der Geschicht opzedecken, mä déi Saachen ze dokumentéieren.

No der Liberatioun: Zréck an d'Sowjetunioun

D'Liberatioun vun eisem Land am September 1944 ännert alles: Am fräie Lëtzebuerg ass keng Plaz méi fir sowjetesch Zwangsaarbechter. Och net fir déi, déi sech gutt hei agelieft, déi Relatiounen hei opgebaut a sech eventuell souguer verléift hunn. Si sollen heem: Dat wëllen d'Lëtzebuerger, dat wëllen awer och d'Sowjets - aus ënnerschiddleche Grënn.

D'Sowjetunioun ass, nom Krich, e Land um Buedem. Ausgeblutt. Fir den Nees-Opbau gëtt all Hand gebraucht. Mä dat ass net den eenzege Grond, firwat dat risegt Land seng Leit rapatriéiere wëllt, seet d'Inna Ganschow. Et géif ëm de Prinzip goen, well et och eng Konfrontatioun tëscht zwou Ideologië war. Et hätt een an der Sowjetunioun net gäre gesinn, wann Leit zwee Joer am Weste gelieft hätten, an et hinnen do gefall hätt. Et wollt ee sécher goen, datt hinnen de kommunistesche Staat besser gefall hätt.

Eng Juegd op déi eege Leit

Am Ufank geet et ganz séier: Bis Silvester 1944 verloossen 2.800 vun de ronn 4.000 Sowjetbierger de Lëtzebuerger Territoire. Duerno gëtt et méi schwiereg. Opriff iwwer Radio, Zeitungen an aner Kanäl kommen net bei jidderengem un - well och net jiddereen heem wëllt. Déi sowjetesch Autoritéiten acceptéieren dat awer net, schécken Offizéier an d'Land, déi eng richteg Juegd op hir Leit maachen. D'Lëtzebuerger Autoritéiten ënnerstëtze si dobäi oder kucken op d'mannst ewech. Et kënnt zu dramateschen Zeenen: Den Nikolaj Bitschechwost, e Krichsprisonéier, deen op Lëtzebuerg verfracht gi war, beschreift a sengen Erënnerungen esou eng Zeen:

"Beide uniformierten Männer betraten das Haus, wo eine junge Frau Teig in einer Schüssel knetete. Sie war sehr angespannt, versuchte es jedoch zu verstecken. Ihre Hände im Mehl zitterten und sie drückte die Finger zusammen, als sie die Fragen beantwortete. Ja, sie sei aus der UdSSR verschleppt, aber sie wolle nicht zurück. Hier seien ihr Ehemann, ihr Zuhause und ihre Familie. Sie würde zu keinem Sammellager mitfahren. Als die Männer sie an den Armen packten und mit Gewalt ins Auto schleppten, leistete sie Widerstand. Im Auto hat sie versucht zu entfliehen, kratzte, biss und zerriss die Uniform von einem. Jedoch am nächsten Morgen war die junge Frau im Sammellager nicht mehr da: Es ist ihr gelungen, durch ein Loch im Zaun zu fliehen. Man hat nach ihr kein zweites Mal geschickt, obwohl man das laut Befehl hätte tun müssen."

Vun de Russe gejot, vun de Lëtzebuerger net méi erwënscht. Engersäits ass dat eng kloer Missioun vum Commissariat du Rapatriement, deen am August 1944 via Arrêté grand-ducal an d'Liewe geruff gi war an zu deem senge Missiounen net just de Rapatriement vu Lëtzebuerger am Ausland gehéiert huet, mä och "la surveillance, le rassemblement, l'internement éventuel, l'entretien et le rapatriement des ressortissants ennemis et des indésirables trouvés sur le territoire du Grand-Duché."

Dozou hunn och déi sowjetesch Zwangsaarbechter gezielt.

Kooperatioun mat der Sowjetunioun

Et gëtt awer nach en anere Grond, firwat d'Lëtzebuerger Autoritéite mat der Zäit ëmmer méi äerdeg ginn. Si hu gehofft, Moskau gnädeg ze stëmmen, an der Hoffnung, datt d'Sowjetunioun och déi gefaange Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert da méi séier géif lafe loossen.

War dat vun Ufank un de Calcul? Dat wier schwéier ze soen, mengt d'Historikerin Inna Glaschow. Lëtzebuerg hätt seng diplomatesch Bezéiunge mat der Sowjetunioun wëlle fleegen, an all Verweigerung vun der Kooperatioun wier als däitsch-frëndlech Handlung ugesi ginn. Et hätt een also misse maachen, wat déi sowjetesch Säit verlaangt hätt.

Wéi d'Lëtzebuerger sech mat hirer Kooperartiouns-Bereetschaft quasi gebretzt hunn, weist e Bréif vum Lëtzebuerger Ambassadeur zu Moskau René Blum, dee virum Krich Deputéierten a Minister war, un de sowjeteschen Ausseministère:

"Laut der Informationen des Repatrierungskommissariats Luxemburgs sind etwa 90 Russen, die landesweit zerstreut waren, nun aufgefunden (...). Es wurden alle möglichen Maßnahmen - einschließlich Gewalt - ergriffen, damit sie dem sowjetischen Offizier vor Ort überführt werden."

"Einschließlich Gewalt" - wëllt heeschen: Mir hu kee Moyen ausgelooss, fir Iech Satisfaktioun ze ginn. Dee Bréif ass vum Februar 1946, an en huet Moskau net wierklech impressionnéiert, wéi sech herno gewisen huet. Et koumen an der Suite bal keng Lëtzebuerger méi aus Russland heem.