Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Pressyes - Purpose

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sozial Netzwierker fir d'Zäit no Facebook

Kommunikatioun

Sozial Netzwierker fir d'Zäit no Facebook

De Facebook-Skandal ronderëm Cambridge Analytica huet déi lescht Wochen d'Schlagzeilen an de Medien dominéiert. De Facebookgrënner Mark Zuckerberg perséinlech huet virum US-Senat ausgesot, a sech an Annoncen a groussen Zeitungen entschëllegt. Ville User geet dat net duer. Als Konsequenz läsche si hire Kont bäi Facebook. Mee och dës Mënsche wäerte weider de Besoin hunn, fir iwwer den Internet ze kommunizéieren. Wéi eng Alternative ginn et?

auto_stories

3 min

Hie versteet net, wou op ee Mol dee groussen Hype rondrëm Facebook a Cambridge Analytica hierkënnt, seet de Sam Grüneisen. Hien ass Spriecher vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg. Et wier scho laang gewosst gewiescht, datt Facebook extrem vill Donnéeë sammelt an drëtte Parteien Accès zu engem Deel vun dëser riseger Datesammlung géif ginn.

"Wann ee Service gratis ass, dann ass ee selwer de Produit. Dat ënnerschreift een eigentlech och tel quel sou bei Facebook, andeems een en Hoke bei den Allgeménge Geschäftsbedingunge setzt"

Dës AGBe géifen awer déi mannste Leit liesen, well si immens laang a juristesch komplizéiert sinn.

Alternativen zu Facebook?

Facebook huet nach ëmmer eng Monopolstellung ënner de soziale Netzwierker. Et kann ee mat Leit a Kontakt kommen an a Kontakt bleiwen. Et kann ee Contenu, wéi Text, Biller a Videoen iwwer Facebook verbreeden, mat anere User interagéieren, kucke wéi eng kulturell Manifestatiounen an der Géigend sinn, a villes méi. Ginn et Alternativen?

Bäi de Membere vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg ass momentan awer d'Netzwierk mam Numm Mastodon relativ beléift. Et bitt eng Rei Virdeeler vis-à-vis vu Facebook seet den Dennis Fink, de President vum C3 Lëtzebuerg. Mastodon wier vergläichbar mat Twitter, et kéint een awer méi wéi 280 Zeechen an engem Post benotzen. De grousse Virdeel wier, datt Mastodon dezentraliséiert ass, an datt een d'Infrastruktur op seng eege Besoine kéint upassen.

Mastodon wier och kompatibel zu anere Netwzierker, wéi GNU social, Quitter, Frendica oder Identica. Bei Quitter hätt de Chaos Computer Club zum Beispill aus Däitschland en offiziellen Account. De Lëtzebuerger C3 net, awer trotzdem kéint ee matenee kommunizéieren, well d'Netzwierker kompatibel sinn.

Facebook Messenger a WhatsApp

Facebook besteet awer net nëmmen aus dem eigentleche sozialen Netzwierk. De Facebook Messenger erméiglecht eng Kommunikatioun tëschent zwou oder méi Persounen iwwer privat Messagen. 2014 huet Facebook de Messenger WhatsApp opkaaft. Zanterhier ginn och vu WhatsApp-Usere Donnéeë gesammelt, och wann d'Kommunikatioun mëttlerweil verschlësselt ass.

Wéi eng Alternative ginn et, wann ee kee Messenger vu Facebook wëllt benotzen? "Verschidden Alternative wéi Telegram oder Signal si scho méi bekannt", seet den Dennis Fink. Wann een eng richteg dezentral Léisung wéilt, misst ee sech XMPP ukucken. Och fir dee System géifen et mëttlerweil gutt Applikatioune fir mobil Plattforme ginn: "Fir iOS heescht en ChatSecure, fir Android Conversations."

Remember myspace?

Vill Leit kéinte sech haut net méi virstellen ouni Facebook ze liewen, seet de Sam Grüneisen. D'Vergaangenheet géif weisen, datt kee soziaalt Netzwierk iwwer laang Zäit fir seng Notzer attraktiv kéint bleiwen.

"Myspace war ganz um Ufank de Non-Plus-Ultra. Op ee Mol kënnt ee mat enger gudder Iddi, déi vu ville Leit ënnerstëtzt gëtt. Meeschtens gëtt d'Netzwierk awer no enger gewësser Zäit langweileg, oder et wiisst een einfach aus dem Alter eraus, oder et ass einfach net méi dat, wat ee wëllt oder brauch."

Och an enger Post-Facebook-Ära sollt een opzepassen, wéi ee mat perséinlechen Donnéeën ëmgeet, a wiem een déi uvertraut, seet de Sam Grüneisen. Dat géif fir jidderee gëllen. Mee virun allem zu Lëtzebuerg hätt Dateschutz nach ëmmer net dee selwechte Stellewäert, wéi an aneren europäesche Länner.