Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Clausel - Let Me Love You (Mr. Scruff Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Staarke Mann: aus engem Hobby ass de Beruff ginn

Am Gespréich

Staarke Mann: aus engem Hobby ass de Beruff ginn

E Mann mat Muskele wéi aus Stol, sensibel am Kär, een deen ni seng Séil verkafe géif a vill iwwer de Sënn vum Liewen nodenkt. Guiness-Weltrekorder, Kraaft-Aktiounen, déi een net begräife kann, ganz haarden Training, strenge vegetaresche Kascht an de Bléck op d'Pensioun, doriwwer schwätze mer dës Woch mam Georges Christen.

auto_stories

6 min

De Georges Christen. Foto: Andrés Lejona

Datt de Georges Christen esou immens staark ass fir Zich a Fligeren aus eegener Kraaft ze zéien, ass scho spektakulär. Datt hien och nach strikt vegetaresch ësst, mécht d'Saach nach méi spannend.

De Georges Christen koum den 21. Dezember 1962 an der Stad Lëtzebuerg op d'Welt. Esou vill Kraaft hunn, louch scho warscheinlech a senge Genen, wäert hie spéider soen. Vu Jonktem un huet hie Kraaftsport a Kraafttraining gemaach an ass ëmmer méi staark ginn, dobäi war hien als Kand guer net dee Staarken, dee sech an der Schoul mat senge Muskele behaapte konnt. Nieft dem villen Training huet hien och ganz jonk seng Ernärung komplett ëmgestallt an ass vun engem Dag op deen anere Vegetarier ginn.

"Ech maachen dat reng aus ethesche Grënn, dat huet näischt mat engem Regimm ze dinn oder fir méi gesond ze sinn. Ech hunn als Kand, als Jugendlechen ëmmer vill Fleesch giess, souguer bis am Joer 1986, ech war deemools 23 Joer al, ech hunn vun engem Dag op deen aneren opgehalen mat Fleesch iessen, well ech mech ëmmer opgereegt hunn, wéi déi Déierentransporter gemaach ginn, an datt d'Deieren am Fong geholl wéi Wuer betruecht ginn. Op där aner Säit hunn ech gesot: ech reege mech doriwwer op, iessen awer gäre Fleesch, dat ass schonn eppes hypokritesch, an dunn hunn ech gesot: Bon, dann häls de lo op a gëss Vegetarier."

Den éischten Deel lauschterenplay_arrow

26 Guinness-Weltrekorder an d'Büne vun der Welt

De Georges Christen, eise stäerkste Mann vu Lëtzebuerg, huet am jonken Alter vu 19 Joer d'Iddi kritt fir e Rekord opzestellen, an zwar fir déck eisen Zammermanns-Neel - 20 Zentimeter laang a siwe Milimeter déck - ze béien. E Wonsch net grad wéi en aneren, mee hien huet e sech erfëllt.

Aus engem Jugenddram goufe schlussendlech 26 Weltrekorder am Guinnessbuch, an domadder stoungen dem Georges Christen d'Dieren an der Welt vum Showbusiness op. Seng Weltrekorder gi vu rappen, zéien a béie vun z. B. 120 Spillkaarten zerrappen, en Eisebunnswaggon, e Schëff oder en Autobus zeien, d'Riserad dréien oder dräi Sportfligere mateneen zéien. Et gefält dem Georges Christen seng Kraaft esou ze weisen.

"Haut kéint een dat vläicht vergläichen an enger Sendung wéi Supertalent mam Dieter Bohlen oder d'franséisch Versioun vun Incroyable Talent, mee déi Zäit war et eben d'Guinnessbuch als Referenz fir speziell Saachen. D'Guinnessbuch war extreem wichteg fir all déi Optrëtter ze kréien, souwuel zu Lëtzebuerg wéi och international."

Den zweeten Deel lauschterenplay_arrow

Staark Schanken a staark Zänn, an all Dag Training awer nimools Doping fir d'Muskelen

Spektakulär Rekorder huet de Georges Christen opgestallt. Fir e Riserad mol einfach bësschen ze réckele muss ee Muskelen hu wéi de Popeye, an déi huet sech de Georges Christen untrainéiert. Mat vill Training all Dag bis haut gëtt doheem oder am Bësch trainéiert, oder hie fiert a säin eegene "Wild West Salon", eng ëmgebaute Schéier, awer och Zänn mussen trainéiert ginn.

"Ech kann net all Dag op de Flughafe goe fir ze froen, datt déi mer e Fliger ginn, datt ech dee kann unhalen, dann hieft een ebe mat den Zänn Gewiichter an d'Luucht, ech bäissen ni an d'Eisen, dat heescht ech huelen eng Hantel, do gëtt dann en Duch drëm gemaach, wat natierlech ganz robust ass, do hunn ech dann en Stéck haarde Gummi, deen ech draleeën, datt dat net rëtscht an dann hiewen ech Zänn an d'Luucht. Ech muss soen, zanter datt ech dee Kraafttraining mat den Zänn maachen, si meng Zänn méi stabil wéi soss. Ech hat méi Problemer mat 17 Joer, wéi ech nach keng Saache mat den Zänn gemaach hat, wéi elo, wou ech Kraaft-Saache maachen."

Den drëtten Deel lauschterenplay_arrow

Kierper a Séil an nodenklech Momenter

Spiritualitéit, Iwwerflächlechkeet, Amusement, puer Ënnerhalung, mee keen déiwe Sënn, iwwer alles dat schwätze mer am véierten Deel vun der Serie Am Gespréich, wou mer ee méi nodenkleche Georges Christen kenneléieren, awer och de Kach Georges Christen, an een, dee sech gären a Geschichtsbicher verdéift a mat senger laangjäreger Partnerin duerch d'Welt reest.

"Also déi meescht Leit kennen am Fong de Personnage, deen ech spillen, dat ass de staarke Mann, dee verbéit eise Staangen, zerrappt Telefonsbicher, herno hieft en dann och nach en Zuschauer mat den Zänn an d'Luucht an esou Saachen, dat ass am Fong, kéint ee soen, dat ass dat Produkt, dat ech verkafen, och wann ech domadder professionell meng Sue verdéngen, ass dat net d'Essenz vu mengem Liewen. Wat mer z. B. immens vill Wäert ass, wou ech seelen dovunner schwätzen, mee wat ech awer elo gäre maachen, well ech do ugesprach sinn z. B. d'Relioun: dat ass eppes, wat fir mech immens wichteg ass, dat mech Zeréckzéien am Aklang mat Gott a mat der Welt sinn, dat ass eppes, dat fir mech ganz ganz wichteg ass, a wou ech géif soen, all déi aner Saachen, déi leeden ech e bësschen dovunner of."

De véierten Deel lauschterenplay_arrow

Eng Power-Show, de Film Tour de Force an de Bléck op d'Pensioun

Vun der Sektioun D aus dem Stater Kolléisch an d'Zirkuszelt. De Georges Christen hat ni Wëlles professionelle "Strong Man" ze ginn, mee elo sinn et bal 40 Joer, datt de gebierdegte Stater mat näischt aneschters seng Sue verdéngt. Dat mécht hien och haut nach, och nach wann d'Pensioun ëmmer méi no réckelt.

Säi Beruff besteet awer net nëmmen aus Muskelaarbecht:

"Also ech hu lo bal, kann ee soen, mäin Liewe laang gelieft vu menge Power-Showen, also vu mengen Optrëtter. Ech hat zwar ni geduecht, datt dat do jee géif mäi Beruff ginn, well ech komme guer net aus enger artistescher Famill. Mäi Papp, deen huet ëmmer an enger Bank geschafft, herno beim Ministère des Transports am Büro, mäi Brudder, dee war Englesch Proff, also dat ware jo elo wierklech aner Saachen, an ech war am Athenäum, do war ech op der Sektioun D fir Ekonomie. Parallel, wéi ech am Kolléisch war, hat ech den Exame gemaach fir an den Assurancen ze schaffen. Dat huet mer zwar näischt gesot a bemol sinn ech professionelle Strong Man ginn."

De fënneften Deel lauschterenplay_arrow