Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sténkert, Pissert, Téinert

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Sténkert, Pissert, Téinert

D'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch schwätzt déi Kéier iwwer Pisserten an Téinerten.

auto_stories

4 min

D'Caroline Döhmer ass Linguistin a schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Foto: Archiv

Simon Larosche: Wien ass da fir dech e Pissert an en Téinert?

Caroline Döhmer: Also mer schwätzen haut net iwwer Persounen, mee iwwer Wuertbildung, anzwar iwwer en zimmlech coole lëtzebuergesche Suffix: den -ert.

Wat ass scho méi e Suffix?

E Suffix ass en Deel, deen een hannen un e Wuert drunhänkt, fir en neit Wuert ze bilden. Duerch e Suffix gëtt aus Salz > salzeg, aus schéin > Schéinheet oder aus erhuel(en) > erhuelsam. Oder eeben aus téinen > Téinert, mam Suffix {-ert}.

Ech hunn hei emol eng Lëscht zesummegestallt mat deenen ert-Wierder:

Bretzert, Dreemert, Driibsert, Fäertert, Faschtert, Fëmmert, Granzert, Heeschert, Knaschtert, Knéckert, Latzert, Luussert, Pechert, Pissert, Schnëssert, Seechert, Sténkert, Téinert, Topert, Trëllert an esou weider.

Wat fält der bei dëser Lëscht op?

Et sinn alles zimmlech negativ Saachen.

Richteg, et sinn alles Wuertbildungen aus zimmlech pejorative Verben: bretzen, fäerten, faschten, fëmmen, granzen, téinen, pissen. Déi eng deelweis méi graff wéi déi aner. Also "dreemen" ass definitiv manner graff wéi "seechen". An den {ert} sicht sech besonnesch gär dës méi negativ Verben eraus.

D'Wuertbildung ass awer ganz einfach op dëser Plaz: mer huelen de Verbstamm, also den Infinitiv ouni {en} an hänken einfach {ert} drun: driibs(en) > Driibsert, trëll(en) > Trëllert.

Deelweis si se awer och vu Substantiven ofgeleet: Spaassert (Spaass) oder Knaschtert (Knascht). Oder stinn am Zesummenhang mat engem Adjektiv: Topert (topeg).

Flott sinn awer och verschidde Vullennimm mam -ert.

Déi si jo awer hoffentlech net all negativ, de Groe Fäertert oder esou.

Nee, déi sinn effektiv ganz léif an natierlech och vu Verben ofgeleet: Groe Méckefänkert, Heckejäizert oder de Grousse Piipsert. An ech fannen déi super, well een hei direkt gesäit, wat se maachen, déi Déieren: se fänke Mécken, se jäize bei der Heck oder se piipsen.

Mee hei ass den {ert} lo och net besonnesch negativ, do weist sech, datt den {ert} och an neie Kontexter gebraucht gëtt, also net nëmme fir Persoune mat negativen Eegenschaften.

Sinn et mam {ert} dann ëmmer Mënschen oder Vullen?

Mer fannen och aner Fäll wéi den "Hopsert", wou dann net d'Persoun, mee d'Aktioun gemengt ass. Also d'Päerd hat iwwer de Gruef e klengen Hopsert gemaach.

Oder beim "Knuppert", wou och den Objet gemengt ass, mat deem ee knuppt, oder och de "Krazert" am Lack, wou een aneren eebe gekraazt huet. Also den Ursprong ass och e Verb, mee et mengt een dono net d'Persoun, mee eeben d'Aktioun.

Fält der soss nach eppes op bei de Persounen, also beim Knéckert, Pissert, Fëmmert?

Et sinn alles Männer.

Genee.

Dat gëtt et dach sécher och fir Fraen.

Jo, bei de Fraen hätte mer just net {ert} als Suffix, mee den {esch}, also eng Knéckesch oder eng Fëmmesch. Hei muss ech awer zouginn, datt déi Bildungen net esou vill gebraucht ginn, obwuel se theoreetesch méiglech sinn.

Et géif een éischter net vun enger "Pissesch" oder enger "Latzesch" schwätzen, och wann dat déi respektiv Wuertbildung ass.

Dat hunn ech och nach ni héieren.

Prinzipiell héiert een och net permanent alleguer déi ert-Formen, well se dacks aus engem méi saloppe Langage kommen.

Awer nieft dem {ert} hu mer am Fong och de Suffix {er}, dee mer meeschtens huelen, wa mer neutral iwwer eppes schwätzen. Also grad bei de Sportler oder Beruffer: Schwëmmer, Leefer, Reider oder Bäcker, Bänker, Kënschtler, Grafiker asw.

An do hu mer bei de Fraen dann och d'Bäckesch, awer eng Schwëmmerin a keng Schwëmmesch?

Jo, do ginn et zwee Suffixe bei de Fraen: den {in} an den {esch}, an nach aner Methoden, fir weiblech Bezeechnungen ze bilden, mee doriwwer schwätze mer am beschten eng aner Kéier.

Wat et genee mam {esch} op sech huet, dat erklären ech d'nächst Woch. An do bréngen ech dann och e puer aner Wierder mat, déi no deem selwechte Prinzip fonctionéieren an ech soen Iech dann och, wat dat Ganzt mam Genitiv ze dinn huet.