Radioen

On air

Notturno  |  Karen Dalton - Something On Your Mind

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Streik!" vum Andy Bausch

Zäithistoriker

"Streik!" vum Andy Bausch

“Streik!” Sou heescht den neien Dokumentarfilm vum Andy Bausch iwwert méi wéi 100 Joer fräi Gewerkschaften. De Film, deen d'lescht Woch Avant-Première gefeiert huet an den 11. Mee am Kino uleeft, zeechent eng nei Geschicht vu Lëtzebuerg: eng Geschicht vun ënnen. Eng Chronik vum Zäithistoriker Denis Scuto.

auto_stories

16 min

« Herr Chomé bemerkte, die Gewohnheit des Streiks bestehe glücklicherweise in Luxemburg nicht, und der letzte Streik liege schon über 30 Jahre zurück. Auch sei der alte bewährte Weg des Verhandelns für beide Parteien bei weitem der beste. » Den Herr Chomé, dat war de Felix Chomé, President vun der Stolgesellschaft Arbed. Am Abrëll 1955 behaapt hien a Verhandlungen mat de Gewerkschaften, dass de leschte Streik schonn iwwert 30 Joer zeréckläit. E bezitt sech op de Streik vun 1921. 1921 war de Chomé Generalsekretär vun der Société Métallurgique des Terres Rouges an hat op der Schmelz zu Belval deemools scho versicht den Aarbechter de Streik auszerieden. Och 30 Joer dono, am Abrëll 1955, decidéieren d'Mineuren am ganze bassin minier awer ze streiken fir méi Loun a méi kuerz Aarbechtszäiten.

Mam Gediechtnes, virun allem mam historeschen, ass dat esou eng Saach. Beim Patron vun der Arbed war d'historescht Gediechtnes ganz kuerz. Nach am Februar 1955 haten d'Aarbechter vum Walzwierk op Arbed-Belval gestreikt, no hire Kollegen vum Walzwierk op Arbed-Esch/Schëffleng am Dezember 1954. Am Oktober 1954 haten d'Aarbechter vun der Mine Hadir zu Rëmeleng d'Aarbecht néiergeluecht. De Referendum, deen an den Arbed-Schmelzen zwee Joer virdrun war an deen zum nationale Streikdag vum 4. Februar 1953 gefouert huet, hat de Felix Chomé och net matkritt oder vergiess.

De Streik vun 1953 ass organiséiert ginn fir endlech e Problem ze léisen, dee sech zënter Dezember 1918 gestallt huet, wou den 8-Stonnendag zu Lëtzebuerg agefouert gi war. Zéng Joer drop hat d'Chamber eng international Konventioun ugeholl, déi d'Wochenaarbechtszäit op 48 Stonne, also sechs Deeg zu 8 Stonnen, festgesat huet. Mee op der Schmelz hunn déi meeschten Aarbechter weiderhin net 48 Stonnen mee 56 Stonne geschafft. All drëtte Sonndeg hu se nämlech missen e "laangen Tour" vu 16 Stonnen hannertenee schaffen. Duerch de Streik vun 1953 gouf d'48-Stonne-Woch endlech am Joer 1955 eng Realitéit.

De Streik an der Plätterchersfabrik Cerabati zu Waasserbëlleg vun Oktober 1952 ass et och net ginn fir den Industriellen. Geneesou wéineg wéi den Eisebunner-Streik vum 9. Oktober 1949 an hir Campagne fir eng Upassung vun hire Léin a Pensiounen un déi vun de Staatsbeamten, déi zur Wahlnéierlag vun de Parteien vun der CSV-Groupement démocratique-Regierungskoalitioun sollt féieren.

Et ass bal net ze gleewen, dass de Chomé och de Streik vun Dezember 1950 an de Minière Berens vu Rëmeleng a Kayl net matkrut. Hei ass gestreikt gi géint d'Baisse vun den Akkord- a vun de Schicht-Léin an d'Aarbechter hu sech mat hire Fuerderungen duerchgesat.

E falscht Bild

Mee fir d'Sozial-Geschicht vu Lëtzebuerg ass dëse lokale Streik e Meilesteen aus engem anere Grond. No deem Streik kënnt et zu engem Geriichtsprozess. De Berens hat sengen Aarbechter de Salaire fir déi zwee Feierdeeg vu Chrëschtdag 1950 net ausbezuelt, well am Gesetz iwwer d'Feierdeeg stoung, dass den Aarbechter se net bezuelt kritt wann en an de 25 Deeg virun engem Feierdag ouni Entschëllegung gefeelt huet. Dorops hin hëlt den Aarbechter Courte de Berens op d'Geriicht. An de Conseil de Prud'hommes an d'Cassatiounsgeriicht ginn dem Courte Recht. Hien hätt seng 520 Frang fir déi zwee Deeg zegutt. Zentral ass dëst Urteel, well mat him d'Legalitéit vum Streik zu Lëtzebuerg proklaméiert gëtt. Streiken ass eng "absence légitime". Oder wéi et am Jugement steet: « La grève faite en vue d'obtenir une augmentation de salaire et après la procédure de conciliation instaurée par la loi est une grève professionnelle, légitime et licite."

D'Lëtzebuerger Verfassungsännerungen vun 1948 haten zwar d'Garantie vun de gewerkschaftleche Fräiheete festgehal, mee am Géigesaz zur franséischer Verfassung vun 1946 net explizit d'Streikrecht proklaméiert. An der lëtzebuerger Verfassung gouf dat réischt virun e puer Joer, 2007, nogeholl. Do steet elo, am Artikel 11: "La loi garantit les libertés syndicales et organise le droit de grève."

Et ass vill gestreikt ginn nom Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg. Nëmmen esou konnte wichteg Rechter an de Beräicher Léin, Pensiounen, Aarbechtszäit a gewerkschaftlech Fräiheeten erkämpft ginn. Mee dat alles ass net nëmmen vun de Vertrieder vum Patronat doutgeschwiege ginn. An der Schoul hunn d'Schüler an d'Schülerinnen nom Krich auswenneg geléiert, dass et zënter 1921 kee Streik méi zu Lëtzebuerg gouf. Am Manuel d'histoire nationale vun de konservativen Historiker Herchen-Margue-Meyers (Editioun vun 1952, S. 228), zu Lëtzebuerg um Programm bis an d'1970er Joren, stoung: « En 1921, la grève générale éclata au bassin minier, un moment même les usines furent occupées par les grévistes. Mais tout finit par s’apaiser et ainsi le sort des travailleurs manuels a pu être amélioré et les conditions de travail dans l’industrie ont été réglées sans trop de difficultés. Le tempérament luxembourgeois, qui n’a rien d’excessif, a fini par l’emporter et l’on a pu trouver des solutions de juste milieu. »

Wéi verankert esou e Geschichtsbild zu Lëtzebuerg ass, sinn ech mer bewosst ginn, wéi e jonke Journalist mer 2009 déi heite (suggestiv) Fro gestallt huet: "Mengt Dir net och als Historiker, dass d'Eisebunn, well se den Industrie-Aarbechter erlaabt huet an hirem Duerf wunnen ze bleiwen an net an de bassin minier ze zéien, e wiesentleche Bäitrag zum soziale Fridden geleescht huet an esou zu eise Kultur vum Konsens an d'Ausbleiwen vu grousse soziale Konflikter wéi Streiker bewierkt huet?" Frieden, Freude, Eierkuchen... Déi Fro huet de Journalist mer e puer Méint no der Massendemonstratioun gestallt, zu där net manner wéi 7 Gewerkschaften - OGBL, LCGB, CGFP, ALEBA, FNCTTFEL, SYPROLUX, FGFC - am Land opgeruff haten, fir géint de sozialen Ofbau am Kader vun der Finanzkris ze protestéieren.

Irréductiblen Andy Bausch

E Mann huet decidéiert mat dësem inodoren, incoloren an insipiden Geschichtsbild opzeraumen. Mat engem kriteschen, dichten, gutt recherchéierten an anengems faarwegen, liewegen, populären Dokumentarfilm. Wann en e Schnurres hätt an net e Baart an en Helm mat Flilleken amplaz vun senger Kap, géif hien e bëssen ausgesinn wéi den Asterix. An sengem neie Film iwwer "100 Joer fräi Gewerkschaften", deen hien am Optrag vum OGBL realiséiert huet an dee vu Paul Thiltges Distribution produzéiert gëtt, huet den irréductiblen Andy Bausch op jidder Fall decidéiert de Kampf opzehuelen géint eng Geschicht vu Lëtzebuerg, déi d'Erzielerin (d'Geschichtsstudentin Flou) direkt am Ufank vum Film esou definéiert: "D'Geschicht vu Lëtzebuerg ass éischter vun deenen do uewen geschriwwen ginn, erof diktéiert vum Luxemburger Wort a vum Patronat. Do bleift fir de sozialen an einfachen Aarbechter wéineg Plaz. Mee et ass seng Geschicht an déi vun de Gewerkschaften, déi mech interesséiert." Den Titel eleng hëlt scho kloer Stellung géint dat konservatiivt Geschichtsbild vu Lëtzebuerg mam kuerze Gediechtnes. Well de Film heescht: Streik!

Den Andy Bausch erënnert drun dass, dank de Kämpf, déi och zu Lëtzebuerg vun de Gewerkschaften gefouert goufen, e Schlussstréch ënnert d'19. Jorhonnert gezu gouf, wat d’Jorhonnert vum Individuum a vun der Fräiheet war. Mee et war eben nëmmen d’Fräiheet vum eenzelnen, déi d’franséisch Revolutioun proklaméiert huet. A genee do louch d’Kromm an der Heck. Well ganz séier hunn d’Aarbechter gemierkt, dass d’Revolutioun hinnen zwar de Statut vu fräien Individue ginn huet, mee vun Individuen ouni Rechter. Dass den individuellen Aarbechtskontrakt nëmmen zum Schäin e Kontrakt war. Den Aarbechter huet net fräi verhandelt, d’égal à égal mam Patron. An der Praxis war en net fräi, mee meeschtens gezwongen d’Konditiounen, déi de Patron him proposéiert z’acceptéieren. D’Gewerkschafte si jo grad entstanen, fir aus deene Schäin-Fräiheeten och effektiver ze maachen, fir déi individuell politesch duerch déi sozial kollektiv Rechter ze ergänzen.

Déi “Vergiessen”

Souwéi de Streik an déi grouss Aarbechtskämpf - z. B. déi vun 1917, 1921, 1936, 1955, 1958, 1973, 1982, 2009 - tauchen och d'Protagonisten vun dëse Kämpf kaum an der Geschicht vu Lëtzebuerg op. E Grond méi fir den Andy Bausch fir hinnen eng Plaz an senger Geschicht ze ginn. Wéi den Tullio Cavalazzi, sozialistesche Gewerkschaftsmilitant vu Mailand, deen 1904-1905 d'lëtzebuergesch, déi däitsch an d'italienesch Aarbechter dozou oprifft, sech gewerkschaftlech am Däitsche Metalloarbechterverband zu Lëtzebuerg - eng Lëtzebuerger Gewerkschaft an der Stolindustrie gouf et nach net - ze organiséieren, an deen dofir expulséiert gëtt. Souwéi e spéider vun den italienesche Faschisten aus sengem Land verdriwwe gëtt an 1924 am Exil a Brasilien stierft. Virun 1914 sinn d'Italiener déi aktiivsten a Saachen Agitatioun op der Aarbechtsplaz a stellen déi gréissten Zuel duer op den 1. Mee-Manifestatiounen.

Oder de Walther Schmidt, däitsche Bouf vun 12 Joer, dee beim Streik zu Déifferdeng de 26. Januar 1912 vun enger Policekugel getraff gëtt, eng vu 4 Victimen vun deem Streik. E war sengem grousse Brudder seng Kuuscht brénge komm um 12 Auer, wéi en an de Schosswiessel tëscht den 300 Italiener vun der Schmelz vun der Deutsch-Luxemburgischen Bergwerks-AG zu Déifferdeng an de forces de l'ordre geroden ass. D'Aarbechter vun der Möllerei hu gestreikt, op Initiativ vun hiren anarchistesche Leaderen, fir eng Mark méi pro Dag an der Pai ze kréien. Mee an der Geschicht vu Lëtzebuerg gëtt dëse Streik, wann iwwerhaapt, als eng Bewegung géint d'Pensiounsversécherung, déi 1911 zu Lëtzebuerg agefouert gi war, presentéiert. An seng Affer hu bis haut kee Recht op eng Erënnerungs-Tafel.

Oder d'Mineuren an Deputéiert Schortgens Jang a Bausche Jemp, déi op d'mannst am Süden iwwer Stroossennimm bekannt misste sinn. Et wier derwäert eng Recherche ze maachen, ob et iwwerhaapt soss an Europa Beispiller vun Deputéierter ginn, déi éischtens an d'Parlament gewielt goufen an trotzdem weider an der Mine geschafft hunn an zweetens als Deputéiert an der Mine leie bliwwe sinn. D'Membere vum Jury vu mengem Mémoire de licence iwwer de Streik vun 1921 op der ULB wollte mer op jidder Fall 1988 net gleewen, dass de Schortgen 1918 carrément en 1. Mee - deen eréischt nom Zweete Weltkrich e Feierdag zu Lëtzebuerg gouf - op senger Schaff an der Minière Brommeschbierg zu Téiteng, gestuerwen ass.

Oder Vertrieder vun de klenge Gewerkschaften aus der Pionéierzäit ëm 1900, wéi de Buchdrocker Nic Colling an de Brauerei-Aarbechter Charel Jander, deenen et ze verdanken ass, dass am 1. Weltkrich och d'Bierg- a Schmelzaarbechter sech organiséiert hunn, Militanten déi 1916 méi Jonker wéi Kréiesch Pier iwwerzeegt hunn d'Saach an d'Hand ze huelen, en Anniversaire, dee mer dëst Joer feieren. Oder d'Vendeuse Lily Becker, déi sech als Fra géint d'Gewerkschaftsmänner muss imposéieren fir no 1919 permanent Gewerkschaftssekretärin ze ginn an 1921 wéinst hirer Roll am Streik geriichtlech sanktionéiert gëtt. Oder den Henri Hans Adam, bekannt well en 1942 d'Signal vum Streik géint d'Nazien an d'Zwangsrekrutéierung op der Schmelz zu Schëffleng ginn huet an exekutéiert gouf, mee vun deem manner bekannt ass, dass e schonn 1921 eng Haaptroll bei der Besetzung vun der Schmelz gespillt huet an no deem Streik sollt, als staatelose Rebell, expulséiert ginn.

D’Acquisen

Aarbechtskämpf, déi et anscheinend zu Lëtzebuerg net gouf an hir Helden, weist den Andy Bausch dem paffen Zuschauer. An engems erzielt hien d'Geschicht vun deem wat duerch si erreecht ginn ass a vun de Konflikter vun deene méi wéi 100 Joer, déi alles mee net "apaisées" waren. Hei just e puer Beispiller: d'Tentativen fir eng Eenheetsgewerkschaft vun alle Schaffenden ze realiséieren, dräi Uleef ouni Succès, am 1. Weltkrich, nom 2. Weltkrich an an den 1970er Joren, mat awer enger Eenheet am klengen a Form vum OGBL zënter 1979, éischt Acquisen an den 1930er Joren mat der Unerkennung vun de Gewerkschaften an den éischte Kollektivverträg an der Stolindustrie, den Iwwergank zur Sécurité sociale nom Zweete Weltkrich mat universeller Ofsécherung vu soziale Risiken, de Wee an d'Sozialpartnerschaft mam Rieben-Frang an der Tripartite, nei Defien am Kader vum Iwwergank vun enger Industrie- zu enger Déngschtleeschtungsgesellschaft an der Finanzplaz, d'Konflikter an d'Evolutioun vum Kräfteverhältnis tëscht Gewerkschaften, Patronat a Regierung mee och tëscht verschidden gewerkschaftleche Richtungen.

Dat wat d'Erzielerin Flou um Ufank vum Film ukënnegt, ass dem Andy Bausch gelongen: eng aner Geschicht vu Lëtzebuerg ze erzielen, eng passionéiert a passionnant Geschicht vun ënnen an dobäi eng immens flott filmesch Rees duerch méi wéi 100 Joer, wou alles anenee gräift: Erzielsträng, historesch Text-, Foto- a Filmdokumenter, animéiert Fotoen, nogespillten Seenen, Zäitzeien am Dialog, Musek asw.