Droit Studente berode Konsumenten

Zënter engem Joer berode Studente vun der Uni Lëtzebuerg Konsumenten, déi sech benodeelegt fillen. D'gratis Berodungsstell huet vill Succès. An d'Studente sammelen op dësem Wee praktesch Erfahrung.

Françoise Keller / ys

Clinique du droit Université du Luxembourg
©Universtié du Luxembourg

D'Elise Poillot ass responsabel vum Master en Droit Privé Européen vun der Uni Lëtzebuerg. Eemol an der Woch sëtzt si an der Droit-Fakultéit um Kierchbierg mat e puer Master Studenten an engem Affekot un engem Dësch. An deene Reuniounen analyséiere si d’Dossiere vu Konsumenten: zënter engem Joer kënnen déi hier Demande iwwer den Internet Site vun der Universitéit Lëtzebuerg eraschécken. Dono gi si juristesch Informatiounen iwwer méiglech Demarchen. Eng Demande den Dag kéim mëttlerweil eran.

D'Clinique du droit

Déi Clinique du droit de la consommation ass net vun der Uni erfonnt ginn, gouf awer vum amerikanesche Modell un de lëtzebuergesche Kontext ugepasst.

Fir d'Elise Poillot ass dës Aart a Weis vun Enseignement ganz wäertvoll. Si ënnersträicht d'Wichtegkeet vum Dialog, d'Equippenaarbecht, déi praktesch Uwennung, den direkte Kontakt mam Consommateur an d'Gestioun vu senger Psychologie

Fir d'Studenten op d'Aarbecht mat de Konsumente virzebereeden, analyséiere si am éischte Semester just fiktiv Fäll. Donieft gi si awer och op déi psychologesch Aspekter vun engem Entretien mat engem Verbraucher preparéiert.

De Kontakt mam Consument

D'Konsumente kënnen hir Demande a verschiddene Sproochen areechen. Bei der Analyse vun den Demandë kënnen awer trotz Villsproochegkeet Problemer mam Versteesdemech optauchen. Net seele mussen d’Studenten d’Konsumente fir zousätzlech Dokumenter froen. Zum Beispill e Verkaafsvertrag, en Devis oder d'Conditions Générales de Vente.

A verschidde Fäll gëtt et och een Entretien tëscht engem Student an dem Consommateur. Dann ass en Affekot dobäi. Vun dësem Gespréich profitéiert awer och de ganze Grupp. Mam Accord vum Consommateur suivéieren déi aner Studenten d'Gespréich iwwer Skype.

D'Beroodungsstell ka keng rechtlech Schrëtt huelen. D'Studenten kënnen déi betraffe Persoun awer zum Beispill un een Affekot oder un de Konsumenteschutz (ULC) weider vermëttelen. D'Elise Poillot erkläert, datt et eng enk Zesummenaarbecht vun der Klinik mat der ULC géif ginn.

De Virdeel fir d’Studenten ass: Wa si no hire Studien eng Aarbecht sichen, kënne si wéinst der Clinique du droit de la consommation op eng gewëss praktesch Erfahrung am Ëmgang mam Consommateur verweisen.


De Formulaire fir Konsumenten: https://luxembourg.eu.qualtrics.com/jfe/form/SV_7adJm1NmNdECBAp

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Françoise Keller
Lauschteren

Méi zum Thema

Andreas Fickers.jpg
Institut fir Zäitgeschicht

De Professer fir digital Geschicht op der Uni Lëtzebuerg soll dat neit Institut fir Zäitgeschicht leeden. Hie wëll Geschicht anescht vermëttelen an op déi Lëtzebuerger Geschicht Wäert leeën.

Rentrée vun der Uni um Campus Belval
Uni Lëtzebuerg

Um Campus Belval feele Plazen, wou ee richtegt Uni-Liewen kéint entstoen. Där Meenung sinn eng Rei Studenten a Professeren vun der uni.lu. D'Initiativ "Beval est à nous" wëll dat änneren.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen