Philosophie Tëschent Philosophie a Wëssenschaften

Brécke schloen tëschent de verschiddenen akademeschen Disziplinnen, dat war dem Michel Serres säi Liewensprogramm. De franséische Philosoph ass de leschte Weekend am Alter vun 88 Joer gestuerwen.

Michel Delage / cbi

Michel Serres
Foto: picture alliance / Photoshot

Den Naturwëssenschaftler hat hie virgeworf, sech an hirer Fuerschung net mat ethesche Froen ze beschäftegen. Un d'Philosophe war et de Reproche, ethesch Froen ze stellen, ouni sech gläichzäiteg mat exakte Wëssenschaften auserneenzesetzen. De franséische Philosoph Michel Serres huet déi zwee Beräicher zesummegeduecht. Schold dru war déi amerikanesch Atombomm iwwer Hiroshima, déi beim deemools nach jonke Mathematiker en existenzielle Schock ausgeléist hat.

Vun der Marinn an d'Académie française

Deen zu Agen, am Südweste vu Frankräich gebuerene Michel Serres hat, als Kand vun engem Schëffer op der Garonne, eng Carrière an der Marinn ugestrieft. Sou war hie Mëtt de 50er Joren als Offizéier op engem franséische Militärschëff un der Expeditioun am Suezkanal, deen den ägyptesche President Nasser blockéiert hat, bedeelegt.

De Serres sollt dunn awer déi akademesch Lafbunn aschloen. Nodeems hien Assistant am Philos-Departement zu Clermont-Ferrand war, gouf hien 1969 Professer fir Wëssenschaftsgeschicht op der Sorbonne. Mëtt den 80er Jore hat hien ugefaangen, Coursen op der Uni Stanford ze ginn. 1990 da koum d'Kréinung, wéi hien an d'Academie française gewielt gouf.

Fir jiddwereen accessibel

De Michel Serres war Auteur vun iwwer 80 Bicher, déi hien an enger fir déi meeschte Leit accessibeler Sprooch gehalen hat. Bekannt gouf hien am Laf vun de 70er Jore mat der Verëffentlechung vun enger op fënnef Bänn konzipéierter Serie mam bezeechnenden Titel "Hermès", dem Schutzpatréiner vun de Reesenden. Behandelt goufen do ënner anerem d'Theme vun der Kommunikatioun an der Verdeelung vu Wëssen - de Serres sollt sech spéiderhin zu engem Expert am Beräich vun der Educatioun entwéckelen.

1985 gouf de Michel Serres fir "Les Cinq sens. Philosophie des corps mêlés" mam Prix Médicis de l'essai ausgezeechent. An deem Wierk hat de Philosoph déi séier Verännerung vum mënschleche Kierper duerch d'Fortschrëtter vun der Medezin an der Hygiène an de Mëttelpunkt gesat, an d'Bezéiunge vun deem Kierper mat der Ëmwelt ënnersicht. D'Ëmwelt, dat war en zentrale Sujet am Serres sengem Denken. "Le contrat naturel", zum Beispill, war ee Plaidoyer fir een neit Recht, mat deem d'Zesummespill tëschent Mënsch an Natur gereegelt misst ginn.

De Serres war optimistesch

Aner Theme waren den Zesummenhang tëschent dem Lokalen an dem Globalen, an dann natierlech d'Entwécklunge vun den neien Technologien, déi de franséische Philosoph an der Reegel mat Optimismus opgeholl hat. A sengem 2012 verëffentlechten Essai "Petite Poucette" hat de Michel Serres d'Handyrevolutioun ënner d'Lupp geholl, mat de politeschen, sozialen a wëssens-technesche Verännerungen, déi dës nei Technologië senger Meenung no mat sech bruecht hunn.

"Petite Poucette", eng Referenz op den Domm, mat deem um klengen Ecran gescrollt gëtt, hat sech iwwer 270.000 Mol verkaf. Et war de Bestseller vun engem Denker, deen - iwwer de gewéinleche Studentepublikum eraus -, ëmmer och de grousse Public am A hat. Sou hat hie während laange Joren eng Emissioun op France Info.

Nach eng Woch viru sengem Doud, um Dag vun den Europawahlen, war de Michel Serres iwwregens Invité op France Inter. Dem Serres seng lescht Publikatioun, d'Bichelche "Morales espiègles", beschreift säi klengen Editeur Le Pommier als en "éloge de l'humilité et de l'espièglerie qui fait du bien en ces temps bousculés!"

De Michel Serres ass de leschte Weekend am Alter vun 88 Joer gestuerwen, hie gëllt als ee vun de wichtegsten zäitgenëssesche Philosophen.

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Wëssen oder Glaawen?
Prisma

Eng Analys vun der Fro, wat Wëssen a wat Gleewen ass. Wéi entsteet iwwerhaapt Wëssen a wat kann ech nach gleewen a wat net? De Gilles Retter freet sech, firwat mir als Mënsche gäre Blödsinn gleewen.

Engem d'Hand reechen
Prisma

Gëtt et eng Flicht fir Mënschen an Nout ze hëllefen? Soll oder muss ee sech bei der Bekämpfung vu Weltaarmut bedeelegen oder net? E puer Iwwerleeunge vum Philosoph Joel Holtzem.

Den Niccolò Machiavelli
Niccolò Machiavelli

Ee vun de Pappe vun der moderner Politik ass viru 550 Joer gebuer: den Niccolò Machiavelli steet fir d'Trennung tëschent Politik a Moral. E Portrait vum florentineschen Denker.

Thomas Koenig
Prisma

De Begrëff Alteriteit schwätzt vun eppes, dat esou verschidde vun eis selwer ass, datt mir et net verstoe kënnen. Mee wat genee sollt dat sinn? A wou fanne mir dat?

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen