Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Edsun - Blue Detainee

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The Empire Strikes Back?

Aus den Archiven

The Empire Strikes Back?

No den Wahlen ass virun den Wahlen. Lo ass d'Zäit komm, fir datt d'Parteien hir Analyse maachen, firwat se gewielt goufen oder firwat se eben net gewielt goufen. A wat een dann elo muss maachen, fir datt et déi nächste Kéier besser leeft. Mee op laang Dauer, wat ass de Sënn vun deem Ganzen, op wat solle mir histeieren? Op déi nächst Wahlen? Oder wéi wär et mat engem Imperium? Weltmacht EU?

auto_stories

6 min

Imperialismus - dat Wuert ass negativ konnotéiert. Do denkt een dann un all déi schéi Phenomener wéi Kolonialisatioun, Sklaverei, Ausbeutung, Ënnerdréckung, an esou weider.

Virun zwou Wochen hat ech d'Fro an de Raum geworf, ob et net eng Iddi wär, endlech Neel mat Käpp ze maachen, an d'Nationalstaaten ofzeschafe fir d'EU zu enger staarker Unioun ze maachen, déi net just am internationalen Handel Gewiicht hätt.

An haut proposéieren ech, datt mir emol iwwer Imperialismus schwätzen. Respektiv iwwer déi ganz interessant an guer net polemesch Fro, ob d'EU net besser hätt, et esou ze maache wéi déi aner an ze probéieren, sech zu engem Imperium opzebauen.

Positiven Imperialismus

A sengem Buch "Imperium der Zukunft: Warum Europa Weltmacht werden muss" stellt den däitsch-britesche Journalist Alan Posener eng interessant Fro, nämlech déi, ob d'EU net vläicht eng moralesch Obligatioun hätt, hire fräiheetlech-demokratesche Modell weltwäit ze exportéieren. Europa misst en Imperium ginn, mee ee gutt Imperium, wou all Mënsch duerch déi selwecht Rechter geschützt wier, wéi an deene Rechtsstaaten, déi mir hei am fräie Weste kennen.

Dat wier net just eng Saach vu Selbstschutz, fir datt Europa sech vis-à-vis vun der Konkurrenz stäerke kéint. Dat wier wéi gesot och eng moralesch Obligatioun, fir datt net just mir Europäer vun all deem, wat gutt a richteg an Europa ass, profitéieren, mee fir datt in fine all Mënsch d'Méiglechkeet hätt, dovun ze profitéieren.

Am Buch diskutéiert de Posener ganz vill Punkten, déi bei ville Leit allergesch Reaktiounen ausléisen. Zum Beispill, ob d'EU net grad eng Chance hätt, en Imperium ze ginn, well se net esou demokratesch organiséiert wier, wéi en Nationalstaat. Datt seng Propos vläicht liicht u Kolonialismus erënnere kann, diskutéiert de Posener natierlech och. Hei en klengt Zitat: "Denn der Antiimperialismus erlaubt es jedem unfähigen, korrupten oder kriminellen Politiker der sogenannten Dritten Welt, die Entwicklungshilfe des Westens in seine eigene Tasche zu stecken und die Probleme seines Landes auf das 'Erbe des Kolonialismus" zu schieben.'" Dir gesitt, fir elo einfach ze soen, datt de Posener Recht hätt, ass komplizéiert, mee d'fundamental Fro vu sengem Buch ass awer eng ganz interessant. Muss d'EU en Imperium vum Gudden ginn?

De Problem mat Imperium

Imperien hunn e bëssen eng schlecht Press hautdesdaags. Et ass kee Wuert, dat eng positiv Konnotatioun huet. Déi lescht Imperien hei an Europa hunn den Éischte Weltkrich net iwwerlieft. An de Filmer sinn Imperien dacks déi béis, siehe "Star Wars" a fir scho bei Schauspiller a "Star Wars" ze bleiwen, den Ronald Reagan huet jo och d'Sowjetunioun als "evil empire" beschriwwen. Gutt, Alliteratioune klenge gutt, mee den Ausdrock ass och an d'Geschicht agaangen. Imperie sinn eppes Béises - op alle Fall fir vill Leit - soit, mee wat ass mam Posener senger Propos?

U sech widdersprécht dat, wat hie proposéiert, jo zimlech all deem, wat Europa zanter dem Westphälesche Fridden als fundamental ugesäit, wat d'Organisatioun vu Staaten ugeet. E Staat soll souverän sinn, a kee Staat soll sech dierfen an anere Staaten hir intern Affären amëschen. Datt dat an der Praxis net respektéiert gëtt, brauch ech Iech jo net z'erklären. Datt Problemer sech och dacks net ëm Grenze këmmeren a sech quasi vum selwen an aner Staaten importéieren, dat ass jo och, woen ech mol ze behaapten, kloer.

An do si mir dann och bei der Problematik, déi ech virun zwou Wochen ugeschwat hunn, nämlech der Fro, ob eng EU sech et leeschte kann, sech net d'Mëttelen ze ginn, aussepoliteschen Afloss op hir Noperen ze huelen. Respektiv, ob se sech et leeschte kann, sech vun hiren Nopere beaflossen ze loossen.

Real Problemer

Huele mir emol zum Beispill déi Geschicht mat der Neier Seidestrooss. China investéiert massiv an Infrastrukturen an anere Länner, fir Handelsbezéiungen zum Beispill mat der EU kënnen ze verdéiwen. Europa huet och emol massiv a China investéiert, an dat ass net gutt ausgaange fir China. Gutt, elo si Bulldozer an Ingenieuren eppes aneres wéi Kanounebooter. Mee wann eenzel Länner aus der EU ufänken hir strategesch Infrastrukturen an de Besëtz vu Wirtschaftskonkurrenten ze ginn, amplaz hir Ressourcen ze poolen, da kann ee sech scho Froe stellen. Et misst een et esouguer. Zum Gléck gëtt awer an der Ëffentlechkeet net wierklech doriwwer geschwat, well mir jo aner Problemer hunn.

Zum Beispill Froe vun Identitéit, Nationalismus oder Souveränitéit, Saachen, déi selwer zum Gléck vill manner konkret sinn, wéi déi wirtschaftlech Realitéit um Terrain.

Et ass schonn erstaunlech. Saachen, déi en direkten Impakt op eisen Alldag hunn, fir déi interesséiere mir eis gären emol manner wéi fir Saachen, mat deene mir eis identifizéieren. Dat erkläert wuel firwat et Reliounskricher gëtt a keng Kricher, wou Leit doriwwer gestridden hunn, wéi eng Zooss op d'Nuddele misst kommen.

Ethesch Froen

Mee et kann ee jo och méi wäit goen, wéi sech just op d'Realpolitik ze konzentréieren, et kann ee sech jo och déi ethesch Komponent emol ukucken.

Wann d'Demokratie e Wäert u sech ass, wann een de qualitativen Ënnerscheed maache kann tëschent Regierungen, déi op dem Plebiszit vun hire Bierger opbauen an aneren, déi hir Bierger am Fong ënnerdrécken oder si net ëm hir Meenung froen, da stellt sech d'Fro jo quasi net. Da wier et eis Flicht als Demokraten, d'demokratesch Staatsform ze exportéieren. Datt dat net einfach esou geet, mengen ech, huet déi international Politik zanter 2001 gewisen. Net jiddwereen ass "dohanne" prett, seng Muecht opzeginn, an Demokratie passéiert och net einfach esou.

Net all Mënsch ass prett, tolerant genuch mat senge Matmënschen ze si fir si an hirer Diversitéit ze akzeptéieren. An hei ass wuel och net all Mënsch prett, déi Käschten ze droen, déi et géif an Usproch huele fir laang genuch - an hei schwätze mir wahrscheinlech vun zwou bis dräi Generatiounen - um Terrain present ze sinn, bis datt jiddweree weltwäit an de Genoss vun der Demokratie kënnt.

Wann et awer elo esou ass, datt Demokratie eng Staatsform ënner villen ass, a mir déi esou schätzen, well mir dran opgewuess sinn a se dofir esou gutt fannen, jo, dann ass et méi problematesch. Wa mir Demokratie als besser empfanne wéi aner Staatsformen, mee se et awer net onbedéngt ass, dann ass d'Fro jo eng komplett aner. Et dierf ee jo net vergiessen, datt et och hei an eisen Demokratië Monarchiste gëtt, respektiv dës lescht jo och ëmmer méi Leit, déi sech zum Beispill zum Faschismus bekennen.

Bref, fir et kuerz ze halen, hei si jo dann zwou kleng Froen, déi mir eis vläicht stelle missten. Wéini däerf oder muss een engem aneren hëllefen, seng eege moralesch Prinzipien unzehuelen - oder carrement se opzezwéngen? An éier Dir Iech elo opreegt an d'Fro als topeg verwerft: ass dat net och grad dat, wat quasi all Mënsch mat senge Kanner mécht, a wat am allgemengen als Erzéiung bezeechent gëtt? Dat wär déi eng Fro. Déi aner Fro ass: Ass Demokratie en universelle Wäert, oder eppes spezifesch Westleches?