Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Elmiene - Crystal Tears

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Theaterbün oder Rugby-Pitch

AM GESPRÉICH mam STEVE KARIER

Theaterbün oder Rugby-Pitch

Den CNA, de Centre national de l'audiovisuell zu Diddeleng, huet an Zesummenaarbecht mam CNL, dem Nationale Literaturzenter zu Miersch, en neit Lauschterbuch presentéiert. Am Mëttelpunkt steet dem Roger Manderscheid säi Roman "Schacko Klak", a geliest gëtt d'Stéck vum Lëtzebuerger Acteur a fréiere President vun der Rugby-Federatioun Steve Karier.

auto_stories

5 min

Et lauschtert sech besser, wéi et sech liest

Schacko Klak ass net dem Steve Karier säin éischt Lauschterbuch, sief just un de "Reenert" oder un den "Harry Potter an den Alchimistesteen" a Lëtzebuerger Sprooch erënnert, alles Bicher, déi den Acteur schonn als Lauschterbuch opgeholl huet. An dat weist och dem Steve Karier seng Affinitéit zu Lauschterbicher.

"Et ass eng zougänglech Form, besonnesch wat Literatur op Lëtzebuergesch ugeet, net nëmmen de Reenert, déi fir déi allermeeschte Leit quasi net liesbar ass. Dat ass esou schwéier, déi verschidden Dialekter, fir op all déi Buschtawen dee richtege Laut hinzekréien, datt een dat versteet. Et ass nach dobäi [aus dem] 19. Joerhonnert, et ass en aalt Lëtzebuergesch, wou vill Wierder dra sinn, déi net méi am Gebrauch sinn. [...] Och "Schacko Klak", zum Beispill, [war] net esou einfach ze liesen. De Roger Manderscheid huet decidéiert fir alles a klenge Buschtawen ze schreiwen, dat heescht, dem Saz feelt gewëssermoossen d'Geographie oder d'Topographie [...] an dat mécht et da vläicht e bësse méi schwéier fir ze liesen. Et lauschtert sech besser, wéi et sech liest."

Deel 1 vum Gespréich lauschterenplay_arrow


Um Ufank stoung den Escher Jongelycée

De Steve Karier ass vu Beruff e bekannten Acteur, net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee och am däitschsproochege Raum. Hien huet seng Formatioun op der Schauspillschoul zu Stuttgart gemaach. Wann ee vum Steve Karier sengem Wee bei d'Schauspillerei schwätzt, da kënnt ee sécher net laanscht Esch, an do besonnesch och den Escher Jongelycée.

"Ech wier warscheinlech net dohinner gaangen, wann ech net ganz fréi an der Schoul ugefaangen hätt mat spillen, a wann ech net scho fréi, éier ech op d'Schauspillschoul gaange sinn, am Kasemattentheater gespillt hätt, natierlech erëm eng Kéier déi Saachen, déi ech an der Schoul gemaach hunn, well deemools den Ed Maroldt schonn am Donstkrees vum Kasemattentheater war a Leit vermëttelt huet dohinner. Da weess ech net, ob ech et gemaach hätt."

Deel 2 vum Gespréich lauschterenplay_arrow


Eleng op der Theaterbün

Den Acteursberuff fëllt sécher d'Liewe vum Steve Karier aus, mee et ass awer net eleng just beim Spille bliwwen, och d'Regie huet hie schonn tentéiert. Virun allem huet de Steve Karier en Theaterfestival gegrënnt, an zwar de Fundamental Monodrama Festival. De Monodrama ass eng speziell Theaterform, déi garantéiert hire Charme huet an och eng ganz speziell Atmosphär bitt. De Steve Karier huet de Monodrama-Festival gegrënnt, well de Monodrama eng Konschtform ass, déi dem Steve Karier no läit.

"Ech hunn där eng Rëtsch gemaach gehat, schonn eent als ganz jonke Schauspiller, Mëtt der 1980er Jore mam Frank Feitler, "Kaspar" vum Handke am Kasemattentheater, eng Kéier am Summer, eng vun deene Summerproduktiounen, wou mer u sech zu Basel e groussen Deel geprouft haten. "Schwimmen nach Kambodscha" a jo, dat huet sech esou entwéckelt. Engersäits ass et meng Affinitéit dozou a meng Erfarung domadder ginn. An zweetens, wéi ech decidéiert hat, net méi fest engagéiert ze sinn [...] do hunn ech mer iwwerluecht: wat méchs de dann, well et gëtt jo näischt méi Schlëmmes enzwousch hinzegoe ganz ouni Plang, besonnesch op eng relativ kleng Plaz, a Lëtzebuerg ass nun awer emol keng Groussstad."

Deel 3 vum Gespréich lauschterenplay_arrow


E Sport mat Respekt an Disziplin

Nieft sengem Beruff als Acteur huet de Steve Karier nach eng ganz grouss Passioun. Et ass eng sportlech Passioun, an zwar de Rugby. An och do huet hie sech um Terrain, mee och um administrative Plang engagéiert.

"Ech hunn zu Basel an der zweeter Ekipp gespillt, ech sinn dunn op Lëtzebuerg komm, ech hunn do mat der zweeter Ekipp gespillt, sinn trainéiere gaangen, ech hu mat der Härenekipp gespillt. Mee wéi ech zu Lëtzebuerg war (.........) do ass et relativ séier kloer ginn, datt alles schéin a gutt war, datt ech nach matgespillt hunn am Veräin am RCL, mee vill méi wichteg war et, datt ech als Lëtzebuerger an de Comité, also an de Verwaltungsrot géing goen. An éier ech mech ëmsinn hat, war ech dunn eng Zort Vize-President an direkt duerno President. A genee esou séier sinn ech an d'Leedung vun der Federatioun komm, a mäi Virgänger den Dokter Krieps, soubal e gewuer gi war, datt ech do wär, huet hie gesuergt, datt ech och géif mat him schaffen, an duerno sinn ech da sechs Joer President vun der Federatioun gewiescht."

Deel 4 vum Gespréich lauschterenplay_arrow


Distanz och op der Theaterbün

Natierlech koume mer net derlaanscht mam Acteur Steve Karier iwwer eng Situatioun ze schwätzen, déi mer alleguerten zanter Mäerz erliewen, d'Coronavirus-Pandemie mat eben och deem wochelaange Confinement. An de Steve Karier huet och e Beispill ginn, wéi hien dat am Theater erlieft.

"Wat den Theater ugeet, op enger Bün si Reegelen, déi ech a mengem ganze Liewen ni hat, dat ass eng Form, du muss et esou nennen, vun ongewollter Zensur, et ass onwarscheinlech. Ech preparéieren am Moment eng Inzenéierung an Däitschland. Ech muss eng Inzenéierung maachen, esou datt Leit sech net méi no wéi zwee Meter däerfe kommen oder e Mask opsetzen, an datt si ni dierfen noeneen iergend eng Requisite beréieren, ausser deen een hätt Händschen un an deen anerer net. Et gëtt bei där Produktioun ee Mënsch, dee just dorobber oppasst, dat ass schonn en Agrëff, deen ass onwarscheinlech. Et muss ee sech einfach bewosst sinn, ech kann et bal net beschreiwen, well d'Frustratioun ass esou grouss, well all natierleche Geste, all openeen duerkommen, wat d'Leit jo och am Alldag maachen, sech kuerz upaken, Kolleeg sinn, sech kuerz beréieren, sech vläicht an d'Äerm falen. Op der Bün kommen do nach méi intensiv Zeenen. Souwuel Gewaltzeenen, wéi awer och léif Zeene sinn einfach gestrach, dat geet net. Schluss, dat geet net!"

Deel 5 vum Gespréich lauschterenplay_arrow