Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Time to remix

Zäithistoriker

Time to remix

"Lëtzebuerg fir d'Drëtt. Mir héiere schonn der Jury hir Reflexiounen dozou. Net schonn erëm ... Net nach eng Kéier dat Selwecht. Effektiv net esou! Op kee Fall. Mir wëllen eng ganz aner Visioun vu Lëtzebuerg bidden. Net déi international Finanzplaz, net d'Lëtzebuerg vu räiche Banker a Bürokraten. Net dat Lëtzebuerg. Mir proposéieren eng aner an hoffentlech faszinéierend Perspektiv. Eng 'zweet Stad', onbekannt, verstoppt, spannend." Mat dëse Wierder fänkt d'Bittbuch fir Esch Kulturhaaptstad 2022 un, wou erkläert gëtt, firwat Esch an de Bassin minier deen Titel soll kréien.

auto_stories

7 min

Denis Scuto

Eng europäesch Jury vun néng Memberen, déi vun der Europäescher Kommissioun erausgesicht goufen, huet leschte Freideg hiren Ok ginn. A wéi den Ulrich Fuchs, Jurymember a Programmdirekter vun der Europäescher Kulturhaaptstad Marseille-Provence 2013, et ausgedréckt huet, ass et grad d'Perspektiv, den europäesche Bierger eng aner Stad, eng aner Géigend, déi vum roude Buedem, also en anert Lëtzebuerg ze weisen, déi d'Jury iwwerzeegt huet. E grenziwwerschreidenden Territoire mat enger staarker Perséinlechkeet an enger grousser Mixitéit. Eng Géigend mat enger anerer Geschicht. Eng Géigend an enger déiwer Mutatioun zënter e puer Joerzéngten.

Grad de Changement, an de Wierder vun der haiteger, digitaler Zäit, de "Remix", haten d'Coordinateuren vun Esch 2022, Andreas Wagner a Janina Strötgen, déi gutt Iddi zum Haaptthema vun deem Joer ze maachen.

De Minett, dat war fir mech Lëtzebuerg

Wéi déi zwee mech gefrot hunn an der duebeler Funktioun als Escher an als Historiker vun der Uni Lëtzebuerg d'Kandidatur virun der Jury mat ze verdeedegen, hunn ech ouni ze zécken zougesot. Wann ee wéi ech an de 60er Joren zu Esch gebuer an do grouss ginn ass, sprécht "Remix culture" een direkt un. Well ech si gebuer aus dem Migratiounsremix vun zwou Famillen. Mat enger Lëtzebuerger Mamm, déi zu Esch, an engem italienesche Papp, deen zu Catania op d'Welt koum. Well ech 30 Joer an der Jeunesse Esch Fussball gespillt hunn, mat anere jonke Mënsche mat Familljewuerzelen a villen europäesche Länner: Lëtzebuerg, Italien, Frankräich, Portugal, Ex-Jugoslawien ... Well ech de Changement vun där Stad an där Géigend live materlieft hunn.

A menger Kandheet a Jugend waren Esch an de Bassin minier meng Welt. De Minett, dat war fir mech Lëtzebuerg. Vun aacht Joer un hunn ech bei der Jeunesse Fussball gespillt a si mat mengem Bop d'Mätscher kucke gaange. An där Zäit koumen d'Championsclibb all aus dem Minett. D'70er Joren waren déi grouss Zäit vun der Jeunesse an déi grouss Zäit vun der Red Boys a vum Progrès Nidderkuer. Vun deene Clibb, déi ganz enk mat der Stolindustrie verwuesse waren, iwwert hir Spiller, an iwwert hir Zuschauer, déi och national esou zesummegemëscht ware wéi Beleegschaft vun de Schmelzen, lëtzebuergesch, italienesch, franséisch.

Dono war et d'Lycéeszäit, och zu Esch, wou ech gemierkt hunn, datt de Minett net nëmmen am Fussball meng Welt war, well an der Bänk souz ech nieft Escher, Déifferdenger, Diddelenger, Rëmelenger, Schëfflenger a sou weider. A Samschdes owes hunn déi jonk Escher an déi Déifferdenger sech op der Escher Gar getraff fir mam TICE-Bus op Diddeleng, an d'Discoen vum T71, ze fueren. Dat alles war am Zäitalter vun der Industrie, wou de Minett eisen Horizont war.

National Grenze gi vermëscht a verwëscht

Eng Zäit och vun alldeeglech geliefter Diversitéit a punkto Sproochen an Nationalitéiten. De Jean Portante huet an sengem bekannte Roman " Mrs Haroy ou la mémoire de la baleine " déi Diversitéit am Minett op seng Aart a Weis beschriwwen. Hei just e kuerzen Extrait, wou den Erzieler e klenge Bouf ass:

"Cinq ou six ans donc, sept ou huit tout au plus, mais pas neuf, puisqu'à neuf ans je parlais déjà à la perfection la nouvelle langue. Sans accent ni rien, comme Charly, le fils de l'épicier Meyer, ou Nico, celui de l'instituteur Schmietz. Pit et Mill, par contre, et même leurs deux petites sœurs Anni et Marie, la progéniture bruyante du maçon Chiaramonte dans la maison duquel ça sent toujours l'ail, l'oignon et l'huile d'olive, malgré des prénoms bien differdangeois, continuent à rouler les r et à ajouter des e à la fin de tous les mots, comme s'ils venaient de débarquer tout neufs des Abruzzes. Et pourtant ils sont arrivés bien avant nous à Differdange. Leurs parents du moins, puisque Pit (il s'appelait encore Piero) est né quelques jours après moi seulement, pas loin de chez nous, dans la rue de Hussigny, et a par conséquent lui aussi cinq ou six ans à présent, ou sept ou huit, alors que Mill, alias Emilio, est beaucoup plus petit et ne fait que chialer et chanter à longueur de journée. "

Mill, Emilio, Pit, Piero, national Grenzen vermësche a verwësche sech, bei esouvill iwwer Joerzingte gewuessen Diversitéit. Oder Mixitéit.

Diversitéit, Mixitéit, alles Wierder, déi et an eiser Kandheet zu Esch net gouf, obwuel ee s'erlieft huet. Och dat Wuert Integratioun gouf et net zu Esch an senger Kandheet, wéi de Michel Clees, Dokter a Liddermaacher, der Jury e Freideg sot. Et gouf just Dausenden Aarbechter, déi all Dag op d'Schmelz oder an d'Minn goungen. Fir e bessert Liewe fir sech oder hir Kanner ze hunn. An et gouf an där selwechter Stad och vill Geschäftsleit, Ingenieuren, Dokteren, Affekoten, Beamten. An iwwert oder matzen an deem Ganzen d'Kierch.

D'Wuert Integratioun gouf et net, mee et gouf Aarbecht, déi all deene verschiddene Leit eng Plaz, net nëmmen am Wirtschaftsliewen, mee och an der Gesellschaft ginn huet. Haut nenne mer dat Integratioun. An du koum eng Stolkris, déi dës Welt staark duerchernee gerëselt huet. An, sot de Michel Clees weider, déi spannend Welt an Zäit huet Jonker aus Esch an Ëmgéigend inspiréiert, dat a Wierder, ob Gedichter, Lidder, Theaterstécker auszedrécken. Eng Anlag aus der éischter industrieller Zäit, e Schluechthaus, gouf besat vu Kënschtler an zu engem Kulturzentrum ëmfunktionéiert, d'Kulturfabrik, déi 2022 eng zentral Roll wäert spillen.

Sozial Ongläichheete kommen op

An du goung de Michel Clees studéieren. An d'Ausland. An eng ganz Zäit och am Ausland schaffen als Dokter. A wou en 1998 erëmkoum, huet en en anert Esch erëmfonnt. Eng Stad wou vill Leit keng Aarbecht méi haten. A wou Jonker net méi déi selwecht Chancen op Educatioun haten. An nieft oder a senger Aarbecht als Dokter huet hien, gezwongenermoossen, och ëmmer méi als Sozialaarbechter fungéiert. Am Kontakt mat Mënschen aus Esch an dem Minette déi just ee Wonsch haten: Deel vun eppes ze sinn, nees Deel vun engem gesellschaftleche Projet.

Deindustrialiséierung mat sengen negativen soziale Konsequenzen oder den Exodus vun engem Deel vun der Mëttelschicht aus den Industriestied an déi sougenannten Ceinture verte ronderëm d'Stad Lëtzebuerg, déi nei Welt, déi ab den 1980er Joren zum wirtschaftlechen Zentrum vum Land gouf, sinn zwee vun de Facteuren, déi an Esch a ronderëm zu engem Demixing a sozialer Exklusioun gefouert hunn.

Dat gouf um Beispill vun der Stad Esch an enger Etude - fir d'Stad Esch - vun der Vollekszielung vun 2001 vun de Soziologe Fernand Fehlen an Isabelle Pigeron-Piroth vum deemolege Centre universitaire analyséiert. Déi hunn erausfonnt, datt an Esch zwar ëmmer nach Leit aus verschiddene soziale Schichten liewen, mee ëmmer manner vermëscht an ëmmer méi getrennt. Am Süde vun der Stad, also och am historeschen Zentrum, konzentréiere sech d'Auslänner, déi net-qualifizéiert Aarbechter, déi Aarm. D'Etude huet ënnerstrach, datt et nieft perséinleche Facteuren, wéi dem schwaache Bildungsniveau an dem héijen Alter, och strukturell Grënn ginn, déi dës wuessend Segregatioun erklären: De Mangel u kollektiven Equipementer, zum Beispill speziell schlecht equipéiert al Wunnengen, de Mangel un adequaten Bildungsinfrastrukturen, ethnesch Diskriminéierungen.

Eng präzis sozial Auswäertung vum Recensement vun 2011 steet leider nach aus. Dofir wësse mir net, ob sech d'Lag zu Esch an an anere Minettestied verbessert huet. Mee am Joer 2017 weist den Indice socio-économique par commune, deen de Statec neierdéngs féiert, datt Minett-Stied wéi Esch, Déifferdeng oder Rëmeleng weiderhin déi héchsten Tauxen zu Lëtzebuerg a Saache Chômage, RMG a Niddreglounberuffer hunn. D'Minettestied gehéieren och nieft Stied wéi Wolz an Ettelbréck zu deene mam schwächsten sozioekonomeschen Index am Land, während d'Gemenge vun der grénger Ceinture ronderëm d'Haaptstad deen héchsten opweisen.

Sozial Inegalitéiten um kommunale Plang an um nationale Plang hunn sech also op ville Plaz verschäerft.

Kultur als Motor fir Verännerung

Dat ënnersträicht, datt a Saachen Dezentraliséierung a Stäerkung vu regionale Polen wéi dem Süden zwar Munches an de leschte Joerzéngte geschitt ass - Stéchwuert Uni Lëtzebuerg op Belval, Stéchwuert Notzung vu Frichen, Stéchwuert nei Kulturinstituter - mee datt de Staat un éischter Stell, mee och d'Gemengen, nach méi gefuerdert sinn, wann et ëm ëffentlech Gelder fir Wunnen, fir Tourismus a fir Kultur am Minette geet.

Et ass erfrëschend ze gesinn, datt Kulturschaffend probéiert hunn, mam Konzept fir Esch 2022, no enger éischter historescher Industrialiséierungsphas, déi eng Géigend a mat hir e Land grouss gemaach huet, an enger zweeter Tertirariséirungsphase déi se vernoléissegt huet, op eng drëtt kulturell Phas setzen, fir d'Land vum roude Buedem nees ze boosten. Den Defi ophuelen, d'Mixitéit déi d'Industrialiséirungsperiod charakteriséiert huet, mat innovative kulturelle Projeten am digitalen Zäitalter nees ze developpéieren. Projeten, déi jonken Artisten eng Chance ginn, déi alle Schüler a Schülerinnen en Accès zu Kultur ginn, déi d'Bevëlkerung mat abezéien, an déi souvill wéi méiglech am ëffentleche Raum wäerte stattfannen.

D'europäesch Jury huet op hirer Visite duerch de Minett eng Regioun gesi mat enormem urbanen, wirtschaftlechen an ekologesche Potential. Eng Regioun, déi sech wëllt veränneren a weiderentwéckele mat Hëllef vun engem ambitiéise kreativen a partizipative kulturelle Projet. Ouni seng Identitéit ze verléieren. A wou jidderee sech nees als Deel vun engem gréissere Projet ka spieren. Dëse Genre vu Remix kann duerchaus 2022 eng Inspiratioun fir vill aner europäesch Géigende ginn.