Radioen

On air

Tockcity  |  Daniel Avery - Wonderland

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Timo Wagner: Leeschtungssportler a Schauspiller

Sot Emol

Timo Wagner: Leeschtungssportler a Schauspiller

"Zwei Seelen wohnen, ach! in meiner Brust" ass en Zitat aus dem Goethe sengem "Faust", dat ganz sécher op den Timo Wagner passt. A senger Kandheet a Jugend gouf et fir de Schauspiller nëmme Sport. Plaz fir aner Intresse gouf et net vill.

auto_stories

4 min

Dëschtennis huet schonn als Kand, dem Timo Wagner säi Liewen dominéiert. En huet souguer seng Etuden am Sportlycée gemaach, wat eng absolut schéin Zäit fir hie war. An engem Moos, datt en sech souguer an d'Liichtathletik ëmorientéiert huet fir weider an dem Sportlycée ze bleiwen.

"Een Dram deen ech Joren a Joren a mir dran hat"

Et koum awer den Ament wou den Timo Wagner d'Decisioun huet mussen huelen, ob en de Sport wëll professionell maachen. Oder op een een Dram deen ee Joren a Joren a sech dran hat, soll realiséieren.

"Dat geet esouwäit zeréck, datt ech deemools e Frëndschaftsbuch erëm fonnt hat, wou dra stoung, do hat ech vläicht dräi-véier Joer, datt mäin Dramberuff Schauspiller ass."

An en huet Decisioun geholl Schauspiller ze ginn, an dat mécht en haut, wéi e seet: Mat Léift a mat Séil!

"Kenns du e Punkt wou deng Kandheet opgehalen huet"

De Timo Wagner huet e groussen Deel vu senger Kandheet um Ping Pong-Training verbruecht. An deem Kontext erënnert e sech un eng Co-Produktioun vum Staatstheater Saarbrécken an de Stater Theateren "Das Fenster". An um Ufank krute se vum Regisseur e Froebou, mat ganz perséinleche Froen.

"Wou dann ënnert anerem stoung, well mir eis och un de Roman Peter Pan ugeluecht haten, hues du e Punkt, oder kenns du e Punkt wou deng Kandheet opgehalen huet, a kanns de dech un dee Moment erënneren?"

De Timo Wagner huet sech mat der Fro ausernee gesat an driwwer nogeduecht.

"An dunn hunn ech realiséiert, mat deem ganze Sport do. Vu datt, ee vu Moies bis Owes an den Hale war, dat war deelweis fënnef Stonnen den Dag an dat 7 op 7. Huet een e bëssen en anert Liewe gefouert wéi e normaalt Kand, wat dann eraus spille geet no der Schoul. Bei mir war et, du kënns heem, méchs deng Hausaufgaben a da gees de eriwwer op den Training.(...) Jo, ech hu meng Kandheet do verbruecht, ech bereien et awer net."

"Ech hunn de Jean Paul Maes kenne geléiert"

Decisioun war awer geholl, den Timo Wagner huet sech fir d'Schauspillerei entscheet wat och doheem direkt acceptéiert an ënnerstëtzt gouf. An och do gouf näischt hallef gemaach, en huet Coure geholl an der Diction grad ewéi am Art dramatique. Am Fong huet en Trainingshal mam Escher Conservatoire gewiesselt. An do huet den Timo Wagner de Jean Paul Maes kenne geléiert.

"Ech ka mech nach erënneren, do souz ech mat menger Mamm a mam Jean Paul Maes ënnen an der Cafeteria vum Conservatoire zu Esch. Dat war ee ganz komescht Gespréich, well ech déi Welt jo nach guer net kannt hunn an de Jean Paul huet Froe gestallt wou ech guer keng Äntwert hat."

Den Timo Wagner huet sech ëmmer méi an d'Konscht verléift, an et war fir hien de richtege Wee. A spéider ass och nach op Paräis op de Cour Florent gaangen, fir seng Formatioun ze erweideren.

E Vertrauen ouni Grenzen

De Timo Wagner seet dat et eng grouss Hëllef war fir hien, an och fir seng Geschwëster, datt se vun hiren Elteren ëmmer een absolut Vertraue kruten.

"Wou se soten, wat wëllt der maachen, da maacht et. Da maacht et, der kritt dat iergendwéi hin. Wann der et mat Passioun maacht a wann et wierklech dat ass wat der wëllt, dann zitt et duerch a maacht et net hallef. An dat war och bei eis d'Mentalitéit doheem, maach d'Saachen net Hallef, maach se wierklech dann zu 100 Prozent, wann s du et wëlls"

"Ouni hie wär ech net do wou ech elo sinn"

De Timo Wagner nennt de Schauspiller, Auteur a Regisseur Jean Paul Maes säi Mentor. Ouni hie géif en de Schauspillberuff wuel net maachen, an ouni hie wär en och net do wou en haut ass.

"Deen huet mech gestriizt am Conservatoire wou ech nach e Schüler war. Dee war ëmmer hannert mir, deen huet mech ëmmer ënnerstëtzt, bis haut. An ech mengen, datt sech dat Verhältnis Schüler-Proff, lo iergendwann entwéckelt huet a Frënn. An ech genéissen déi Frëndschaft immens, ech léieren nach ëmmer extrem vill vun him an ech huelen nach ëmmer immens vill Rot vun him un. An ech mengen, datt dat och mëttlerweil an déi aner Richtung geet, datt hien och Rotschléi vu mir unhëlt, wat schéin ass."