Radioen

On air

Notturno  |  Dana Gavanski - Word On A Wing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tracing-App am Kampf géint de Coronavirus

Mäin Europa

Tracing-App am Kampf géint de Coronavirus

Eng Handy App soll d'Ausbreede vum neie Coronavirus andämmen. E Grupp vun europäesche Wëssenschaftler huet ee Bluetooth-System entwéckelt mam Prinzip, datt d'Notzer vun der App anonym an dateschutztfrëndlech gewarnt ginn, wa si mat Infizéierten a Kontakt waren. Wéi funktionéiert déi App? Wat sinn d'Kritikpunkten? A wéi eng EU-Länner ënnerstëtzen d'Initiativ?

auto_stories

8 min

Enger neier Etüd no entstinn d'Hallschent vun de Coronavirus-Infektiounen duerch Leit, déi nach guer keng Symptomer hunn. Si wëssen also net, datt si schonn ustiechend sinn. Fir esou e Weiderverbreeden ze verhënnere misst ee méiglechst vill Leit, déi mat Infizéierten a Kontakt waren, scho méi fréi warnen.

Genee dat ass de Prinzip vun der App, déi dat europäescht Team vu der Pen-European Privacy-Preserving Proximity Tracing (PEPP-PT) entwéckelt huet. Mat engem System, deen op Bluetooth baséiert. De Jurist an Dateschutzexpert Ulf Buermeyer erkläert.

"Eine solche App funktioniert in der Weise, dass sie eine anonyme Kennung aussendet die regelmäßig wechselt. Und andere Handys in der Umgebung fangen diese Kennung auf. speichern sie zunächst mal nur auf dem Handy. Und sobald eine Person positiv getestet wird eine solche App eingesetzt, dann kann sie die Kontaktinformationen von Menschen in ihrer Umgebung an einen zentralen Server hochladen. Und dieser Server hat dann die Möglichkeit die Kontakte davor zu warnen. Wichtig ist dabei, dass das alles anonym abläuft. Das heißt also da werden keine personenbezogenen Daten verarbeitet, sondern es werden ausschließlich Nachrichten an die Handys geschickt mit der Aufforderung sich in Quarantäne zu begeben. Aber keine Behörde erfährt welche Menschen diese App einsetzen oder welche informiert worden sind."

App versprécht Dateschutz a Fräiwëllegkeet

Huele mer d'Sarah als Beispill, dat selwer infizéiert ass. Säin Dokter mellt seng Corona-Infektioun bei der Santé. Déi gëtt him ee Code, deen et fräiwëlleg an der Corona-App agëtt. Doropshi ginn dem Sarah seng Kontakter, déi iwwer Bluetooth gesammelt goufen, gewarnt. Dës Persoune kënnen da séier en Test maachen an a Quarantän goen.

D'PEPP-PT Plattform, déi aus 130 Membere besteet an a méi wéi siwen europäesche Länner schafft, versprécht hei e Maximum u Privatsphär, Dateschutz a Fräiwëllegkeet. Esou eng App kéint sech och positiv op d'Oplockerung vum Confinement auswierken, esou den Ulf Buermeyer, deen och President vun der Gesellschaft für Freiheitsrechte ass.

"Muss man berücksichtigen, dass Datenschutz nicht das einzige Grundrecht ist. Dieses Kontakt-Tracing mittel Apps würde es erlauben die gegenwärtigen Maßnahmen zu Vermeidung von Kontakten zwischen Menschen deutlich herunterzufahren. Damit würden die Apps dazu beitragen massive Beeinträchtigung von Grundrechten wieder zu lockeren. Deshalb sind sie aus Perspektive der Grundrechte ein Schritt in die richtige Richtung."

Grouss Unzuel muss d'App eroflueden

Fir datt d'Applikatioun säi Sënn erfëllt, misste méiglechst vill Mënschen d'App notzen, esou den Expert. Dofir missten d'Bierger Vertrauen an dëse System kréien. De Stefan Brink, Jurist a Landesbeoptragte fir den Datenschutz a Baden-Württemberg, gesäit de System den Ament nach méi kritesch.

Landesbeauftragter für den Datenschutz und die Informationsfreiheit in Baden-Württemberg (Foto: LFDI BW / Jan Potente)

"Die Akzeptanz wird davor abhängen, ob die Bürger Vertrauen in diese Anwendung haben und sich sagen, "Ja, das ist nicht nur eine gute Sache, sondern sie ist auch gut gemacht. Im Moment fehlen uns noch viele Aspekte, viele einzelne Informationen, um prüfen zu können, ob die Apps auch tatsächlich dieses Vertrauen genießen und genießen sollten."

Ginn d'technesch Kompetenzen duer?

De Stefan Brink ass skeptesch, wat den Notzungsëmfang ugeet. Net jiddwereen an der Gesellschaft hätt ee Smartphone. Grad déi vulnerabeler Populatioun net. Ausserdeem géifen d'Technikexperten dovun ausgoen, datt duerch e permanent Benotze vu Bluetooth d'Batterie vum Handy séier kéint platt ginn. Onkloer wier och nach, ob de Bluetooth capabel wier fir d'Distanzen tëschent den Handye prezis genuch ze moossen.

"Bluetooth scheint mir der richtige Ansatz zu sein. Da die Schwäche von Bluetooth gerade darin besteht, dass es nicht weit reicht. Aber es reicht, und das ist der Nachteil, deutlich weiter als 1-2,5 Meter, also das, was von den Wissenschaftler als Relevant angesehen wird um Infektionen zu Übertragen. Die Technologie ist eine, die in Betracht kommt. Wie man aber technisch ausschließen will, dass Kontakte aus dem Bereich von drei, wir fünf oder zehn Meter nicht auch einbezogen werden, und dann zu Meldungen führen, das ist mir nicht bekannt. Meine Techniker sagen mir, dass das nicht einfach zu lösen ist. Und gerade angesichts der Handhabung von Smartphones, manche haben sie in der Hand, manche in der hinteren Hosentasche, manche sind in einem Rucksack: das wird sehr schwer sein da sinnvolle technische Ereignisse zu erzielen."

Och vun der Fraiwëllegkeet fir dës App erofzelueden, ass den Dateschutzexpert net iwwerzeegt.

"Die Datenschutzkonformität steht und fällt mit der Freiwilligkeit der Nutzer, diese App zu installieren, anzuwenden und weiter zu bedienen. Das Umfeld ist nicht angetan von Freiwilligkeit zu reden. Wir sind alle in einer Gesundheitskrise. Wir sind massiven rechtlichen Einschränkungen ausgesetzt. Um uns herum sind viele staatliche Akteure, die uns auffordern und ermuntern, diese App zu nutzen. Sobald es aber heißt, wenn ihr die App nicht nutzt, dann kommen wir mit drastischen Zwangsmaßnahmen. Ich würde als Datenschützer die Freiwilligkeit der Nutzung einer solchen App dann in Frage stellen, also Vorsicht an die Öffentlichen stellen, zu viel Druck aufzubauen. Einen zu hohen Erwartungsdruck, etwa mit der Vorstellung, dass 100 Prozent der Bürger die App nutzen sollen. Das wirkt sich negativ auf das Gelingen einer solchen App aus."

Vill EU-Länner plädéiere fir eng Corona-App

An Éisträich zum Beispill, wou den Ament schonn un der Oplockerung vum Confinement geschafft gëtt, debattéiert d'Politik fir d'Notze vun enger änlecher App obligatoresch ze maachen. Och eis Nopeschlänner si favorabel fir eng Corona-Tracing-App, allerdéngs op fräiwëlleger Basis.

An Däitschland soll d'App vun der Pepp-PT Initiativ, un där och d'Robert Koch Institut bedeelegt ass, schonn no Ouschtere lancéiert ginn, wann d'Politik sech et wënscht. Déi däitsch Kanzlerin hat sech rezent favorabel fir esou eng App ausgeschwat, genee wéi déi franséisch Regierung. Ganz aner Téin goufen et lescht Woch vum Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel.

"Mee elo fir ze soen, datt mir eng App hunn, déi mir eng Alarm gëtt fir ze soen: hei ass een an der Géigend, dee krank war, moi j'aime pas. Wann Dokteren eis soen, dat do muss gemaach ginn, da solle mir doriwwer diskutéieren, mee ech ka mir dat net hei zu Lëtzebuerg virstellen."

Lëtzebuerg ass skeptesch

Och d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert huet sech de Weekend bei eis op der Antenn an enger éischter Phas skeptesch vis a vis vun der Corona-Tracing-App gewisen:

"Mir hunn dat am Moment net envisagéiert, well mir och an der spezieller Situatioun sinn, wou mir ganz vill testen. Mir sinn an der EU dat Land, wat mat am wäitsten test. Mir sinn och lo als éischt dobäi mat dem Immunitéitstest. Mir suivéieren dat do awer, ech si frou, datt déi Initiativ do komm ass, well sou Trackingsystemer sinn awer eppes ganz Geféierleches. Et soll een net ze vill an e Panikmodus verfalen. D'Mesuren, déi een hëlt, mussen nach ëmmer appropriéiert bleiwen."

Zu Lëtzebuerg setzt sech de Jean Diederich, President vun der APSI, fir esou digital Léisungen an. D'Associatioun vun de Lëtzebuerger Firmen am IT-Secteur ass och Member vun Digital Europe. D'Regierung wier hei net gutt beroden, bedauert de Jean Diederich.

De Jean Diederich ass de President vun der apsi

"Dat, wat de Premier elo gesot huet, dat ass net positiv. Dat ass just fir all déi Leit, déi scho fäerten, fir déi nach méi fäerten ze doen. Ech fannen et ass guer kee gudde Message vun der Regierung. Zu 99,9 Prozent ass et eng sécher Applikatioun. An da muss ee sech och d'Fro stellen, wat ass d'Alternativ fir den Exit? Doheem bleiwen elo nach Mee, Juni? Oder wa mir elo eraus ginn an da kréie mir eng Corona-Kris 2, musse mir dann erëm all doheem bleiwen? Ass dat dat, wat se wëllen? An d'Medezinner wësse jo och net, ob een de Virus kann eng zweete Kéier kréien. Falls dat de Fall ass, da wier déi App hei och gutt, fir d'Leit ze protegéieren, déi e schonn eemol haten, fir esou e Zenario ze geréieren."

Regierung net gutt beroden

Dem Jean Diederich no misst een eng gemeinsam europäesch Léisung fannen. Lëtzebuerg kéint net eleng esou Decisiounen huelen.

"Et muss een och bedenken, mir sinn an der Grande Region. Mir hunn 200.000 Frontalieren, déi all Dag hei eriwwer kommen aus Däitschland, Frankräich a der Belsch. Dat heescht, et wier och an eisem Interessi, datt déi Länner zesumme mat Lëtzebuerg mol déi selwecht Léisung hätte fir eise Problem, hei an der Grande Region ze vereinfachen."

Zesummenaarbecht vun der EU ass wichteg

Op Nofro bei der nationaler Dateschutzkommissioun heescht et, datt ee mat deenen aneren Dateschutzkommissiounen aus der EU a Kontakt wier. Op EU-Niveau géif et och e Kontaktgrupp ginn, fir iwwer déi do Problematiken ze diskutéieren. Och fir den Dateschutzexpert Ulf Buermeyer wier déi europäesch Zesummenaarbecht an dësem Fall enorm wichteg.

De Jurist an Dateschutzexpert Ulf Buermeyer (Foto: Daniel Moßbrucker)

"Weil wir ermöglichen wollen, dass Menschen zwischen EU-Ländern reisen. Und deswegen halte ich ein System für vorzugswürdig, das ein Roaming von Warndaten zwischen Systemen in den EU-Staaten möglich macht. Der Pepp-pt-Standard hat eine solche Möglichkeit zum Datenroaming schon eingebaut. Und ich finde es schön, wenn er sich europaweit durchsetzen würde."

D'EU-Kommissioun ënnerstëtz de Projet vun der Pepp-PT bis ewell nach net. D'Institutioun zu Bréissel setzt den Ament op Standuertdate vun Handynotzer fir eng Analys ze kréien.