Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tram an Technik

Verkéier

Tram an Technik

Vun dësem Sonndeg un transportéiert den Tram Passagéier vun der Luxexpo bis bei d'Rout Bréck. Bis d'Gefier rullt, ass awer vill Technik néideg. Am Tramsschapp gëtt sech ëm d'Reparatioune vum Tram bekëmmert.

auto_stories

4 min

Et dauscht wann een um Kierchbierg an de Schapp vu Luxtram kënnt. Hei gëtt dono gekuckt, datt den Tram esou funktionéiert, wéi e soll. Et gëtt zum Beispill eng Spur fir méi séier Reparaturen, wann den Tram grad vun der Streck kënnt, wou d'Rieder oder d'Diere kontrolléiert ginn. Da kann den Tram séier erëm op d'Streck, erkläert de Jonathan Ehrmann, Responsabele fir den Atelier.

Wann et mat enger séierer Reperatur net gedoen ass, kënnt den Tram an dee richtegen Atelier. Do kann op verschidde Spuren um Tram geschafft ginn. Den Tram kann heifir opgehuewe ginn, an et gëtt eng Spur, wou den Tram frësch ugestrach ka ginn.

Op der sougenannter Voie de Sablage gëtt Sand benotzt, fir d'Reiwung tëschent de Schinnen an de Rieder z'erhéijen. Hannendrun ass d'Wäschanlag vum Tram.

Reparaturen am neien Tramschapp

Et gëtt sech natierlech net nëmmen ëm en Tram gekëmmert, wann e bis futti ass. Eng reegelméisseg Maintenance ass och wichteg. Den Tram ass awer sou konzipéiert, datt e wéineg Maintenance brauch, seet de Jonathan Ehrmann. All dräi bis véier Méint géif en Entretien gemaacht ginn, an all Dag géif den Tram och gebotzt ginn.

Wann dann awer mol eppes sollt futti ass, misst et ersat ginn. Den Tram wier sou konzipéiert, datt et meeschtens relativ einfach wier, eppes z'ersetzen, seet de Jonathan Ehrmann. D'Diagnostik wier éischter méi komplizéiert. Den Tram hätt eng viraussiichtlech Liewensdauer vun 30 bis 40 Joer, et hätt een haut alles Méigleches antizipéiert. Am Februar wier den éischten Tram geliwwert ginn an et hätt ee sech zënterhier kënne virbereeden, seet de Jonathan Ehrmann.

Och ouni Héichspannungsleitungen

Iwwert den Tracé vum Tram um Kierchbierg sinn Héichspannungsleitungen installéiert, déi eng Leeschtung vu 750 Volt liwweren. Mat engem Aarm um Dach, engem sougenannte Pantograph, kënnt de Stroum an den Tram, mat deem de Motor an och de Rescht vun der Technik versuergt gëtt.

Wann den Tram am nächste Joer iwwert d'Rout Bréck fiert, benotzt e sougenannt Superkondensatoren, also quasi Akkuen. E brauch keng Héichspannungsleitungen. D'Distanz, déi den Tram op dës Manéier zréckleeë kéint, wier esou festgeluecht ginn, datt e vun enger Statioun op déi aner kennt. Den Tram kéint sou tëscht 500 a 700 Meter zréckleeën, ouni datt d'Passagéier eppes heivunner matkréien.

Wann also och dem ganze Reseau de Stroum ausgeet, kënnt den Tram esou ëmmer bis bei déi nächst Statioun, seet den Jonathan Ehrmann. Dat géif den Tram par Rapport zu ähnleche Gefierer an anere Stied ënnerscheeden, déi keen esou en Akku hunn. Zousätzlech hätt den Tram USB-Steckdousen an en Defibrillator, preziséiert de Jonathan Ehrmann.

Vill Sécherheetsmoossnamen

Wichteg ass och d'Sécherheet vum Tram: Souwuel vun deenen, déi mam Tram matfueren, wéi och vun deenen, déi vläicht mam Tram kollidéiere kéinten. De Chauffeur hätt beispillsweis eng Veille de mort, e System, deen an Zich schonn agesat gëtt. Zousätzlech wier den Tram esou gebaut, datt am Fall vun enger Kollisioun mat engem Foussgänger oder Vëlosfuerer, d'Persoun op d'Säit gedréckt gëtt, an net ënnert den Tram geréit.

D'Foussgänger, Vëlosfuerer an Automobiliste missten elo besser opzepassen, seet d'Responsabel fir d'Kommunikatioun bei Luxtram, Françoise Frieden. Virun allem well den Tram mat Elektresch fiert a bal kee Kaméidi mécht.

Wann dann awer mol een Autofuerer oder Foussgänger net oppasst, muss den Tram dann sou séier wéi méiglech bremsen. Dofir ginn et verschidden Aarte vu Bremsen, erkläert de Jonathan Ehrmann. Den Tram géif zimlech séier un d'Stoe kommen, an an engem Noutfall hätt den Tram och eng méi staark, magnéitesch Brems.

Eng Melodie fir all Statioun

Wann den Tram bis fiert, gëtt all Statioun eenzel ugesot. Luxtram huet sech dofir eppes Spezielles iwwerluecht: All eenzel Statioun huet seng eege Melodie, mat Variatiounen. Den Jazzmuseker Michel Reis huet dës Melodië komponéiert.

Et muss sech weisen, datt d'Technik vum Tram och am Alldagsbetrib funktionéiert. An et muss gekuckt ginn, ob den Tram, wéi virgesinn an eelef Minutten iwwert de Kierchbierg kënnt. D'Françoise Frieden seet, datt et um Ufank nach e puer Retarde kéint ginn.