Radioen

On air

Notturno  |  Blake Mills - Three Weeks In Havana

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trennung vu Kierch an CSV

Gesellschaft

Trennung vu Kierch an CSV

Vill ass an der Lescht iwwert d'Trennung vu Kierch an Staat diskutéiert ginn. Fir kritesch Chrëschte war déi Trennung längst iwwerfälleg. Mä wéi ass et mat der Trennung vu Kierch an CSV?

auto_stories

3 min

Michel Pauly

An de leschten dräi Joer ass vill diskutéiert ginn iwwer d'Trennung vu Kierch a Staat. Fir muench Kierchegänger hunn den Äerzbëschof a seng Beroder iwwerraschend séier noginn, an där Trennung zougestëmmt. Fir kritesch Chrëschte war déi Trennung längst iwwerfälleg. Well eng Kierch, déi vun enger Rëtsch gesetzlecher Privileegie profitéiert, net mam Message vu Jesus Christus iwwerteneen ze bréngen ass. Wien dee Message eescht hellt, muss éischter fir eng aarm Kierch an enger räicher Gesellschaft antrieden. Vill manner Gedäisch huet eng aner Entwécklung aus de leschte Jore gemaacht, bei där d'Kierch och riskéiert, Bedeitung an der Gesellschaft ze verléieren.

Trennung vu Kierch a Journalismus?

Am Däitlechste gouf déi Entwécklung mat der erzwongener Demissioun vum Chefredakter vum Lëtzebuerger Wort. De President vum Verwaltungsrot vun der Aktiegesellschaft, den CSV-Politiker Luc Frieden huet nämlech onmëssverständlech vun der Redaktioun verlaangt, si misst eng Mëtt-riets Politik vertrieden. Déi Fuerderung verstousst eendeiteg géint d'Redaktiounscharta vun de Wort-Journalisten. Mä si verstéisst och, wéi de Pierre Lorang am neie Forum-Heft schreift, géint déi kathoulesch Sozialléier, a géint déi päpstlech Pastoral-Instruktioun "communio et progressio", déi d'Prinzipie vun der kathoulescher Presseaarbecht festleet.

Do heescht et ganz kloer:

"Die Freiheit des Einzelnen, seine Empfindungen und Gedanken vortragen zu können, ist unbedingt erforderlich, damit es zu rechter und angemessener Bildung von öffentlicher Meinung kommt. Die Zusammenarbeit aller im Dienste des gesellschaftlichen Fortschritts bedarf der ungehinderten Gegenüberstellung der als wichtig erachteten Meinungen, damit die am besten begründeten und gesicherten Ansichten zum gemeinsamen Handeln zusammenführen können. Bei der Auswahl ihrer Stoffe werden die Kommunikatoren dafür sorgen, alles für die Öffentlichkeit notwendige zu berücksichtigen, sie werden genau darauf achten, dass alle gesellschaftlichen relevanten Gruppen mit ihren Auffassungen zu Wort kommen."

Dofir ass et net akzeptabel, datt weder den Äerzbëschof, nach seng Mataarbechter, op Journalistefroe wëllen äntweren, déi wëlle wëssen, wéi si als Proprietairë vum Wort dee Muechtkampf beuerteelen. Hei geet et nämlech ëm d'Glafwierdegkeet vun der Kierch. Grad an Zäiten, wou et an der ëffentlecher Schoul kee Reliounsunterrecht méi gëtt, wier et ëmsou méi wichteg, datt d'Redaktioun vum Lëtzebuerger Wort eng Aarbecht mécht, déi de chrëschtleche Message net hannert parteipoliteschen Interessie verstoppt.

Ass d'CSV schiedlech fir d'Kierch?

Mä de chrëschtlechen Optrag schéngt och nach op anere Pläng verluer ze goen. An de Spideeler, déi bis elo de Congregatioune gehéiert hunn, a wou eng Heedenaarbecht fir krank an aarm Leit gemaacht gouf, ouni op hir Glaawensiwwerzeegung ze kucken, ass och en CSV-Politiker, de Jean-Louis Schiltz, President gi vum Verwaltungsrot. Et kéint een och nach un d'CARITAS erënneren, wou eng Ex CSV-Ministesch Presidentin vum Verwaltungsrot ginn ass, mä un hirem Engagement géint d'Aarmut hei an an der drëtter Welt besteet keen Zweiwel.

Et ass sécher eng gutt Saach, datt d'Kierch sech ëmmer méi op Laie verléisst, fir hiren Optrag ze vertrieden. Mä et ass eng geféierlech Saach, wann déi exponéiert Laien nach just CSV-Politiker sinn. Eemol méi gëtt un deene Beispiller däitlech, wéi schiedlech et fir d'Kierch an hir Missioun ass, datt eng Partei an hirem Numm den Usproch erhieft, am Numm vum Chrëschtentum ze agéieren, an a Wierklechkeet eng Politik mécht, déi a wäiten Deeler mam chrëschtleche Message vu Gerechtegkeet, Fridden, an Erhale vun der Schëpfung net vill um Hutt huet.

Eng Trennung vu Kierch an CSV wier op d'mannst sou néideg, wéi eng Trennung vu Kierch a Staat, a sief et nëmme well ech den Androck net lass ginn, datt déi anti-klerikal Parteien am Fong net der Kierch hir Grenze wollten opweisen, mä der CSV eng auswëschen, well si tëscht deenen zwee keen Ënnerscheed maachen. Leider ass awer d'Kierch un der falscher Identifikatioun selwer schold.