Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Herbie Hancock - Hang Up Your Hang Ups

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Uran - am Niger, mä net fir den Niger

Ëmstridde Ressourcen

Uran - am Niger, mä net fir den Niger

De franséische staatlechen Energiekonzern "Areva" exploitéiert nigereschen Uran fir d'franséisch Nuklearanlagen. Net nëmme profitéiert de Niger selwer wéineg vun dëser Ressource, mä d'Géigend ëm d'Minnen am Norden ass kontaminéiert. An déi franséisch Militärpräsenz huet méi mam Schutz vun der strategescher Ressource ze dinn, wéi mam Schutz vun der Bevëlkerung, soe Kritiker.

auto_stories

3 min

Uran. Foto: Bigstock

Den Documentaire "La colère dans le vent" vun der nigerescher Realisatrice Amina Weira erzielt vun de Konsequenzen zu Arlit vum Uranofbau am Norde vum Niger. De Film thematiséiert d'Ëmwelt- a Gesondheetsschied vun der Aarbecht an de Minnen: Duerch den heefegen a staarke Wand an der Wüst vum Niger, verbreet sech radioaktive Stëbs. Et ass Rieds vu Krankheeten, déi kee kennt. De franséische Grupp "Areva" baut zu Arlit Uran fir d'franséisch Nuklearanlagen of. Den Energiekonzern, deen dem franséische Staat gehéiert, dementéiert, datt d'Uraniumexploitatioun fir Ëmwelt- a Gesondheetsschied responsabel ass.

Nëmmen en Argument?

Arlit ass dernieft als "zone rouge" klasséiert, dëst wéinst der friemer Militärpresenz an der Presenz vun djihadistesche Gruppen, wéi dem "al-Qaida vum islamesche Mahgreb". Ma dat wier nëmmen eng offiziell Narrativ, kritiséiert den Ali Idrissa. Hien ass Koordinator vun der nigerescher Organisatioun ROTAB, de "Réseau des Organisations pour la Transparence et l’Analyse Budgétaire". D'Gefor vun Djihadiste géif nëmmen als Argument benotzt ginn, fir d'Uraniumressourcen ze kontrolléieren. Dat Gefill huet och d'Amina Weira. "Ech hu mat menger ganzer Equipe zu Arlit gedréint. Ech hat kee Problem mat Terroristen oder Djihadisten. Ma dofir awer mat Areva", erzielt d'Realisatrice.

Den Ali Idrissa kritiséiert iwwerdeems, datt de franséischen Energiegrupp sech net fir d'Awunner vun Arlit géif asetzen. Dës géife fir franséisch Nuklearanlagen Uran ofbauen - d'Ressource ass nëmme fir den Export geduecht - hätte selwer awer keen Elektresch.

Keen Notze fir d'Awunner

Dee Moment, wou den Uranium aus dem Buedem geholl gëtt, ass en net vill wäert - eréischt ugeräichert ass d'Mineral wäertvoll. An dee Prozess wier den Niger awer guer net méi mat agebonnen, erkläert de ROTAB-Koordinator. Dofir kéint d'Republik net vun der Ressource profitéieren, bedauert de ROTAB-Koordinator. "Areva läit ganz vir, wann et ëm d'Uraniumsproduktioun geet. Den Niger ganz hannen, wat den Human Development Index ugeet. Dat heescht den Niger kann net esou vu senge Ressourcë profitéieren, datt et der sozioekonomescher Entwécklung zegutt kënnt."

Wéi vill aner Entreprisen, déi an der fréierer franséischer Kolonie aktiv sinn an hir Produiten exportéieren, muss Areva keng TVA bezuelen. Doduerch géifen der Staatskeess vum Niger Millioune feelen, bedauert den Ali Idrissa. "Areva" hätt iwwerdeems een exklusive Vertrag mat der Republik fir den Uran kënnen ofzebauen - en Iwwerbleibsel aus der Kolonialzäit: An den 1960er hätt Frankräich mat enger Partie afrikanesche Länner Kontrakter ënnerschriwwen, an deene festgehale wier, datt d'Ressourcen exklusiv fir Frankräich reservéiert wieren. Den Niger war vun 1921 bis 1960 eng franséisch Kolonie an domat Deel vun der Afrique-Occidentale Française (AOF).

Strategesch Ressource

Den Uran ass doriwwer eraus eng strategesch Ressource an niert grouss geopolitesch an ekonomesch Interessien. En Drëttel vum Uran an de franséischen Nuklearzentrale kënnt aus dem Niger. Huet déi staark franséisch Militärpresenz am Niger an am Nopeschland Mali eppes mat der Ressource ze dinn? Jo, mengt den Ali Adrissa vu ROTAB. "Mir mengen, si si net do fir den Niger ze schützen, mee fir hir Minnen ze protegéieren."

Och déi fréier Ministesch aus dem Mali, Aminata Traore, déi kierzlech zu Lëtzebuerg war, vertrëtt dës Thes. Frankräich géif mat der Militärpresenz ekonomesch Ziler vertrieden a wier net do, fir der Populatioun ze hëllefen. Strategesch Interessie géife sech an onstabille Géigende méi einfach duerchsetze loossen - et wier keen Zoufall, datt déi Géigenden an Afrika, an deene Ressourcen exploitéiert ginn, destabiliséiert wieren, menge souwuel d'Aminata Traoré, wéi den Ali Adrissa.