Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Daniel Balthasar - Everything Is Temporary

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Variatioun am Lëtzebuergeschen

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Variatioun am Lëtzebuergeschen

An eiser Serie "Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch" geet et dës Kéier ëm Variatioun am Lëtzebuergeschen, déi eis d'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch erkläert.

auto_stories

5 min

D'Caroline Döher ass Linguistin beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Foto: Archiv

Simon Larosche: Caroline, wéi bass de dann op d'Theema vun haut komm?

Caroline Döhmer: Ech sinn iwwer e schéint Zitat getrollt vun der franséischer Linguistin Françoise Gadet (1992): "Dès qu'il y a communauté linguistique, il y a variation." An dee Gedanken ass ganz schéin. E seet quasi, datt d'Verännerung am Kär vun der Sprooch resp. der Sproochgemeinschaft verankert ass. An och wa vill Leit heiansdo d'Gefill hunn, d'Sprooch géif méi schlecht ginn, esou ass dat einfach hiren normale Wee vun der Verännerung.

Firwat a wou fanne mer da Verännerung?

Eng Sprooch gëtt vu villen Elementer beaflosst, déi ech zwar lo esou eenzel hei opzielen, mee déi natierlech staark mateneen interagéieren.

Facteur Zäit: Sprooche verännere sech prinzipiell mat der Zäit. Engem seng Grousseltere schwätzen anescht wéi ee selwer. Dat muss net ëmmer direkt opfalen, mee passt emol eng Kéier op hire Vocabulaire oder hir Aussprooch op.

Dee Facteur huet dann natierlech och eppes mam Alter vun de Spriecher ze dinn.

Kucke mer mol eng Ausso wéi "dee Kuch gesäit mega lecker aus". Do ass d'Warscheinlechkeet grouss, datt deen Ausdrock vun enger méi jonker Persoun benotzt gëtt, well "lecker" eréischt no an no an d'Lëtzebuergescht komm ass. Oder d'Konstruktioun "ginn et" ass och méi nei wéi de "gëtt et".

Dat hate mer dach als Theema virun e puer Wochen?

Jo, super spannend ass déi Geschicht, do goung et ëm d'Reanalys vum Sujet, mee zeréck bei eis Facteuren:

Facteur Gesellschaft: Trends, Prestige a Stigmatiséierungen. D'Lëtzebuergescht wäert beispillsweis net esou séier "ausstierwen", well d'Sprooch an der Gesellschaft en héije Prestige huet. Dat heescht net, datt een iwwerall ka Lëtzebuergesch schwätzen. Mee an der Sproochgemeinschaft huet d'Lëtzebuergescht e gudde Stellewäert. Dat weist och den Interessi un eiser Aarbecht beim ZLS. An dësem Kontext kënnen dann och politesch Fërdermoossnamen eng Roll spillen.

Facteur Raum: um Duerf ganz am Norde schwätze se tendenziell anescht wéi an enger Stad am Minett. Ech mengen, dat kenne mer alleguer. Also souguer op esou engem klenge Raum wéi Lëtzebuerg ginn et Mierkmoler fir d'Varietéit aus dem Éislek oder aus dem Minett, vun der Musel oder aus dem Guttland.

Do hues de bestëmmt schéi Beispiller fir eis!

Jo, ech hunn do zwee Beispiller erausgesicht. Ech baséiere mech do op d'Kaarten aus dem Luxemburgischen Sprachatlas vun 1963. Do gouf d'Zuel 12 ofgefrot. Am Guttland hu mer: zwielef. Laanscht d'Musel: zwëllef an zwällef. Bei Wolz/Dikrech dann éischter mat laangem Vokal: zweelef. A ganz am Norden dann nees zwielef a vereenzelt zwëlef.

Dat geet jo ganz schéin duercherneen.

Jo, an da kann et nach sinn, datt aner Wierder guer keng oder bal keng Variatioun am Land weisen. Oder datt et lexikalesch Variatioun gëtt, also datt ganz aner Wierder benotzt ginn: an den Date vun 1963 gëtt gewisen, datt et am Haaptdeel vum Land "Feld" heescht. Mee nërdlech vu Mäertert fënnt een och "Flouer" a südlech dovun "Gewan".

Ech weess, datt d'Ekipp vun der schnëssen-App vun der Uni do och ganz flott Resultater huet, woubäi si och Donnéeë wéi Alter oder Geschlecht kucken, déi och dacks e staarken Afloss op d'Variatioun kënnen hunn. Bei verschiddene Wierder ginn déi Kaarte vun 1963 och mat hiren neien Donnéeë verglach.

Maache mer weider mam nächste Facteur:

Facteur Medium: Gëtt d'Sprooch geschwat oder geschriwwen? Heiansdo menge mer, d'Lëtzebuergescht wier sou ganz anescht wéi d'Däitscht, mee wann ee sech déi geschwaten däitsch Sprooch ukuckt an engem informelle private Kontext, da loosse sech do dacks Parallellen zéien.

Doriwwer hate mer schonn eng Kéier geschwat, gell?

Jo, genee, ëm déi konzeptionell Ënnerscheeder tëschent geschwater a geschriwwener Sprooch. Kuck emol d'Konstruktioun "dem Pol säi Kaddo", dat fanne mer och am däitsche Substandard, also souwuel d'Konstruktioun "dem X säin" wéi och den Artikel virum Eegennumm (de Pol).

Facteur Situatioun: Sprooch ass och ëmmer situatiounsbedéngt. Kuck emol déi zwee Ausdréck: sech an d'Bett leeën vs. sech an d'Bett klaken. Do ass deene meeschte Spriecher direkt kloer, wéi ee méi ëmgangssproochlech ass.

Tëschent Sproochregëster trennen ze kënnen ass awer normalerweis eng sozial Grondkompetenz vum Spriecher. Mee et ass och e bësse "learning by doing". Do gëtt een dann drop opmierksam gemaach: du kanns dach net esou mat dengem Chef/Kand/Kolleeg schwätzen! Hei kommen dann awer och individuell Preferenzen derbäi. Dofir dann och:

Facteur Individuum: Dat nenne mer dann den Idiolekt, also wa Persounen eng speziell Aart a Weis hunn ze schwätzen. Dat kann een dann nach ausdeenen op Gruppesproochstiler, also beispillsweis Fachjargon, Jugendsprooch an esou weider.

A wa mer elo soen "d'Sprooch", da menge mer de System vu Mierkmoler an der Aussprooch, dem Wuertbau, dem Sazbau an dem Wuertschaz.

An de Spriecher resp. d'Spriecherin, déi dat benotzt, ass all dëse Facteuren ausgesat. Hei gëtt ëmmer nees adaptéiert an esou verännert sech dann eng Sprooch. Hei ginn et natierlech Beräicher, déi sech méi séier ännere wéi anerer. E Sazbau wäert sech manner séier verännere wéi de Vocabulaire beispillsweis. An dann hu mer och nach:

Insgesamt ass d'Lëtzebuergescht - wéi all aner Sprooch och - e System vu ville klenge Systemer, déi mateneen a Verbindung stinn. An da ginn et Linguisten, déi extreem vill Freed dorunner hunn, dëse System ze analyséieren a seng Strukturen erauszefannen.

Mir sinn natierlech och frou, dass du do bass, fir eis déi Saachen ze erklären. Ech muss soen, datt - zanter mer dës Emissioun maachen - mir elo och vill méi Saachen am Lëtzebuergeschen opfalen. An dat geet bestëmmt och verschidden Nolauschterer esou.

Da freet mech natierlech an ech denken, datt mer nach ganz vill Kuriositéiten am Lëtzebuergeschen hunn, iwwer déi een eppes kann erausfannen an erzielen!