Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Alfie Jukes - Not Quite Gone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verben, déi sech opsplécken

Kuriositéite vun der Lëtzebuerger Sprooch

Verben, déi sech opsplécken

D'Linguistin Caroline Döhmer schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an erzielt eis haut eppes iwwer Verben.

auto_stories

4 min

Foto: Archiv

Ech gräife lo mol direkt dat Verb op, wat s de elo genannt hues: virstellen. Ass esou gesinn en normaalt Verb, oder?

Gesäit net speziell aus, nee. Dëst Verb huet déi Kuriositéit, datt et am Saz kann opgespléckt ginn.

Wat heescht dat genee?

Wa mer lo vum Infinitiv als Grondform vum Verb ausginn, dann hu mer: virstellen. An engem normale Saz (also am Aktiv an am Present) gëtt dorauser "hatt stellt eppes vir" an net "hatt virstellt eppes". An am Participe passé, deen een hëlt fir de Passé composé ze bilden, fanne mer "virgestallt". Hei rutscht de "ge" an d'Mëtt vum Verb (an net "gevirstallt" oder sou eppes).

Ass dat dann ëmmer kloer, wéini e Verb sech opspléckt?

Also dat, wat sech do oftrennt, nenne mer an der Linguistik eng Verbpartikel. An déi erkennen ech direkt am Infinitiv un der Form an un der Betounung.

Häss de do e puer Beispiller?

Natierlech! Eng Verbpartikel gesäit dacks wéi eng aner Wuertaart aus: dat ka wéi eng Prepositioun sinn ("op" bei "opsprangen") oder en Adjektiv (also "voll" wéi bei "volllafen") oder en Adverb ("fort" wéi bei "fortfueren").

An déi sinn dann all: spréngt op, leeft voll, fiert fort. Dat ass am Däitschen och esou, mee am Franséische fanne mer dat beispillsweis net an do hunn d'Leit dann dacks Problemer, wann se Lëtzebuergesch léieren.

Gëtt et nach e weideren Tipp, fir déi speziell Verben ze erkennen?

Also d'Verbpartikel ass ëmmer betount an der Grondform. Also kucke mer mol eng Rei Verben, déi eng Prepositioun als Partikel hunn: abannen, ënnergoen, opmaachen. An déi splécke sech am Present dann och all op: ech bannen an, dat geet ënner, hie mécht dat op. Am Infinitiv läit d'Betounung ëmmer op der Partikel: Abannen, ËNNERgoen, OPmaachen.

Hei gëtt et e coolt Beispill. Et ginn nämlech och Verben, déi d'selwecht ausgesinn, mee wou d'Betounung an d'Bedeitung eng aner sinn: ËMschreiwen an ëmSCHREIWen. Eemol ass den "ëm" betount, also meng Partikel, an eemol an d'Verb betount, also "schreiw(en)". A wann ech mer déi Verben elo an de Present setzen, da spléckt sech den "ëm" just dann of, wann en am Infinitiv betount ass:

  • ËMschreiwen -> hien schreift den Text ëm (hei gëtt den Text verännert).
  • Bei "ëmSCHREIwen" gëtt eppes mat anere Wierder erkläert: Hien ëmschreift den Inhalt vum Text. Hei spléckt sech näischt op an och am Participe passé ass et eemol "ËMgeschriwwen" (betount Partikel, "ge" an der Mëtt) an eemol "ëmSCHRIWWen" (Betounung um Verbstamm, ouni "ge").

Hues de nach aner Beispiller?

Also Verbe mat "ënner" sinn och flott: Hei hu mer "ënnergoen": d'Schëff geet ënner. Mee mer hunn awer "ënnerschreiwen": Hien ënnerschreift de Bréif.

An do ass et nees d'Saach mat der Betounung.

Richteg! ËNNERgoen an ënnerSCHREIWen. Wann ech d'Verb am Infinitiv héieren, kann ech der tendenziell direkt soen, ob et sech opspléckt.

An dat geet ëmmer?

Nieft dëse schéine Beispiller ginn et wéi sou dacks och sou genannten Zweiwelsfäll respektiv kleng Ausnamen. Do hätte mer "mëssverstoen", wou de "mëss" betount ass, mee wou en net ofgetrennt gëtt. Hei wier d'Form "hie mëssversteet mech gär". Mee well dat och iergendwéi der Reegel mat der Betounung widdersprécht, hunn d'Leit dacks d'Tendenz, fir de Present ze ëmgoe mat engem anere Sazbau oder enger anerer Zäit: Hien ass een, deen mech gäre mëssversteet.

Mee d'Alternativ "hie versteet mech mëss" klappt och net sou richteg.

Nee, dat kléngt net richteg.

Hei ass de "mëss" e bësse wéi e Verbprefix.

Ass dat eppes anescht wéi eng Verbpartikel?

Also e Prefix kann net vu sengem Verb geléist ginn, ass onbetount a meeschtens ass e Schwa-Laut am Prefix: bezuelen, gedenken, verléiwen, zerdrécken. Bei dëse Prefixverben kann näischt opgespléckt ginn an de Participe passé ass ouni "ge", meeschtens just mat "t": bezuelt, geduecht, verléift, zerdréckt. D'Verbprefixer sinn am Lëtzebuergesche meeschtens ee vun dëse véier: be-, ge-, ver-, zer-.

A wéi kann ee sech verhalen, ob et elo Prefix oder Partikel ass?

D'Kuerzfaassung ass, datt e Verbprefix ëmmer fix um Verb ass, onbetount mat engem Schwa wéi bei "verléiwen" (wéi déi 4 hei: be, ge, ver, zer). Am Participe passé dann och ouni "ge": verléift. Bei de Verbpartikelen hunn ech zwou Zorten:

  • Partikelen, déi betount sinn a sech oftrennen, also am Infinitiv betount an dofir am Present getrennt: ËMgoen (d'Mëllech geet ëm).
  • Partikelen, déi onbetount sinn an net ofgetrennt ginn: ëmGOen (hien ëmgeet d'Virschrëften).

D'Betounung gëtt der Partikel esou vill Kraaft am Saz, datt se do kann op Wanderschaft goen.

Ech wetten, datt eis Nolauschterer nach ni iwwer d'Wanderschaft vu Sazdeeler nogeduecht hunn, mee et léiert een ëmmer eppes bäi!