Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill Nidderschlag, mat (nach) wéineg Impakt

Biophilia

Vill Nidderschlag, mat (nach) wéineg Impakt

Zanter Woche reent et, mol méi, mol manner. Ufanks der neier Woch koum och nees en Hauch vu Schnéi derbäi. Fir d'Natur ass all dëst eng ganz néideg Erfrëschung no der Dréchent vum leschte Joer. Mee geet de Reen duer, fir d'Defiziter aus dem Summer auszegläichen?

auto_stories

2 min

Trotz dem Reen aus de leschte Wochen ass nach kee Waasser an eisem Grondwaasser ukomm. Foto: Inge Maria / Unsplash

Reserve sinn nach net opgefëllt

Vu September bis Dezember huet et duerchschnëttlech gereent. Dat Waasser ass awer nach bei wäitem net duergaangen, fir d'Reserven opzefëllen, erkläert d'Brigitte Lambert, Chef vun der Divisioun Drénk- a Grondwaasser bei der Waasserverwaltung.

Well et een immens dréchene Summer an Hierscht waren, wier de Buedem och immens dréchen, esou d'Brigitte Lambert. Dëst hätt een Impakt dorop, wéi de Buedem de Reen ophëlt:

"An och d'Recharge, also déi Waasserdrëpsen, déi am Grondwaasser ukommen, déi konnt bis Enn Dezember nach net stattfannen, well de Reen, dee bis Enn Dezember gefall ass, nach ëmmer dermat beschäftegt war, fir déi dréche Buedemschichte mol ze sättegen."

Luese Reen iwwer Woche wier ideal

An den éischten zwou Woche vum neie Joer ass esouvill Reen gefall, ewéi soss de ganze Januar iwwer: 90 Milimeter op de Meterkaree.

D'Brigitte Lambert hofft, datt duerch deen Néierschlag de Buedem konnt gesiedegt ginn, an datt esou de Reen, deen iwwer déi nächst Wochen a Méint stattfënnt, esou kann an d'Grondwaasser asickeren.

Idealerweis misst et wochelaang lues reenen, well d'Planzewelt dierft och net ze fréi aus dem Wanterschlof erwächen, erkläert d'Brigitte Lambert:

"Well soubal d'Beem rëm Blieder hunn an d'Kulture rëm wuessen, dann ass déi Recharge quasi eriwwer, well dat Waasser, wat da fält ebe vun de Wuerzelen opgeholl gëtt an an d'Vegetatioun geet."

An Zukunft si méi Waasser-Ressource néideg

Datt de Reendefizit komplett ausgeglach gëtt, ass awer wuel éischter Wonschdenken, wann een sech d'Statistike vun de leschte Joren ukuckt. Wat heescht dat fir eis Zukunft?

"De Bevëlkerungs- an den ekonomesche Wuesstem wäerten dozou féieren, datt mir op mëttel a laang Siicht insgesamt méi Consommatioun hei am Land wäerten hunn, esou datt mir och musse kucke méi Ressourcen ze hunn."

Leschten Zuele vum Ëmweltministère no, läit de Waasserkonsum hei am Land bei 120 Millioune Liter den Dag - e Chiffer, deen iwwer déi lescht Jore geklommen ass, allerdéngs net parallel zum Bevëlkerungswuesstem, präziséiert d'Brigitte Lambert. De Pro-Kapp-Verbrauch géif tendenziell liicht erofgoen. Et wier deemno e Spuerverhalen an der Populatioun erkennbar.