Enger neier Etude vum Luxembourg Institut of Health no ass d’Unzuel vun Demenz-Erkrankungen a Cognitiouns-Stéierungen zu Lëtzebuerg méi niddreg, wéi an aanere Länner. 3,8 Prozent vun der eelerer Populatioun hei am Land leid ënner Demenz. Am Verglach läit dëse Wäert am Rescht vun Europa bei 6,4 Prozent, a Lateinamerika bei 7,1 Prozent an a Kanada souguer bei 8 Prozent.
Dësen Ënnerscheed kéint mat der Villsproochegkeet zu Lëtzebuerg zesummenhänken. An der Etude gouf erausfonnt, datt Leit, déi regelméisseg e puer Sprooche benotzen, manner ufälleg sinn, hier kognitiv Fähegkeeten ze verléieren. Eng nei Etude, "MemoLingua", vum LIH, soll den Zesummenhang vun Demenz a Méisproochegkeet elo nach méi genau ënnersichen.
D'Projets-Responsabel Dr Magali Perquin vum LIH am Gespréich mam Mick Entringer: