Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Jim Cain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Voll Pensiounskeess oder rengt Gewëssen?

Pensiounen

Voll Pensiounskeess oder rengt Gewëssen?

De Pensiounsfong investéiert a Kuelen- an Atomenergie. Mee wann d’Pensiounskeess iergendwann eidel ass, interesséiert eis dat iwwerhaapt nach? Lächer an de Pensiounskeesen ze fëllen, gëtt e groussen Challenge. Vläicht muss een dofir ethesch Froen an den Hannergrond stellen, mengt de Matthias Kirsch.

auto_stories

3 min

Matthias Kirsch

Egal op Däitschland, Frankräich oder Italien – quasi all europäescht Land huet e Lach a senger gesetzlecher Pensiounskeess. A wann d’Lach nach net do ass, da gesinn d’Prognosen däischter aus. De Grond dofir ass, um Pabeier, séier fonnt. Den Ëmlagesystem, bei deem déi Suen, déi vun de Salariéen abezuelt ginn, direkt erëm un d’Pensionären ausbezuelt ginn, geet net op.

D’Rechnung ass einfach: Et kënnt manner eran, wei eraus geet. A schonn hu mir en Defizit. Dës Lächer an de Pensiounskeese ginn an der Reegel vu staatleche Subventioune gefëllt. Ideal ass dat net. Et a kann op Dauer och keng Léisung bléiwen – virun allem, wann den Defizit ëmmer méi grouss gëtt.

Den Ament ginn d’Pensiounen zu Lëtzebuerg – dank dem Ëmlagesystem – nach vun den aktuell Beschäftegte gedroen. An de Pensiounsfong suergt dofir, datt déi Suen, déi an der Reserve sinn, gutt investéiert ginn. Am Duerchschnëtt goufen esou an de leschte Jore bal fënnef Prozent Wuesstem erreecht.

D'Rechnung geet net op

Dat kléngt op den éischte Bléck gutt: De System dréit sech selwer, an d’Reserve verdéngt souguer Suen. Case closed? Nee.

D’Rechnung, déi déi Däitsch esou schéin de "Generationenvertrag" nennen, kann nämlech net opgoen. D’Babyboomer sinn, sinn am Gaang oder wäerten an de nächste Joren an d’Pensioun goen. A a si sinn zu vill. Si hunn um Schluss vun hirer Carrière zum Groussdeel ganz gutt Salairen an deementspriechend kréie si deementspriechend vill eraus.

D’Prognose fir déi lëtzebuergesch Pensiounskeess rechnen aus, datt d'Gesellschaft dat kann droen – awer just, wann d’Zuel u Salariéeë weider staark klëmmt. A wann dës Leit och brav cotiséieren. Datt et net onbedéngt eng gutt Iddi ass, mat perfekte Konditiounen ze plangen, versteet sech vum selwen.

Investissementer a Kuelen- an Atomindustrie

Et brauch also eng Alternativ – zum Beispill e Pensiounsfong, dee mat sengen Investissementer eventuell Lächer kéint fëllen. Méi Suen eranhuelen, fir e Fong heescht dat: Méi aggressiv, méi riskant investéieren. An zwar ouni moralesch Hürden.

Wéi Ufank November d’Klimaschutz-Plattform Votum Klima eng néi Investissiounsstrategie fir de Pensiounsfong gefuerdert huet, hu vill Léit fir déi éischte Kéier dovun héieren, datt de Pensiounsfong an d’Kuelen- an an d’Atomindustrie investéiert. Si ware geschockt. Et schéngt komesch, datt e Land, an deem de Gros vu Léit sech géint Atomenergie a fir erneierbar Energien ausschwätzt ... e Land an deem eng Gréng Partei an der Regierung sëtzt, esou Investissementer mëscht.

D’Reaktioune waren negativ. Et gouf net vill Versteesdemech. Mee: Kuelen- an Atomsecteur si gutt Investissementer: Mëttelméissege Risiko mat mëttelméissegem Rendement. Wann een als Investisseur vill Sue verdénge wëll, da muss een en nach méi héije Risiko agoen. Mat de Reserve vun der Pensiounskeess op héich volatille Finanzmarchéen ze spekuléieren – dat géif wahrscheinlech och net besser ukommen, wei Investissementer an de Kuelen- an Atomsecteur.

Ass et dat wäert?

Op dësem Punkt stellt sech déi, vläicht iwwerspëtzt, mee awer essentiell Fro: Ass d’Pensioun et eis wäert, wa si vun Investitioune bezuelt gëtt, déi net mat eisen eegene moraleschen Iwwerzeegungen iwwertenee stëmmen? Iergendwann ass d’Pensiounskeess eidel. A vläicht ass et de Rendement vun Investissementer vum Pensiounsfong, déi eis d’Pensioun da nach kënne bezuelen.

Vläicht sinn déi Investissementer riskant, vläicht net ganz propper, vläicht bei Entreprisen, deenen hier Philosophie mir net ënnerstëtzen. Ass et eis dann net och vläicht awer egal, vu wou d’Sue kommen ?