Radioen

On air

Tockcity  |  Sleater-Kinney - Say It Like You Mean It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vullenaarte ginn duerch Pestizide méi seelen

Natur an Ëmwelt

Vullenaarte ginn duerch Pestizide méi seelen

D'EU Agrarpolitik hätt et verpasst Pestiziden ze verbidden an iwwer dee Wee eng nohalteg an ëmweltfrëndlech Landwirtschaft ze fërderen. Et hätt ee misse vill méi op Biolandwirtschaft setzen an déi konventionell Landwirtschaft méi nohalteg an ëmweltfrëndlech gestalten, seet de Patric Lorgé vun der Centrale ornithologique vun Natur an Ëmwelt. Hie rifft déi Lëtzebuerger Regierung op, den Naturschutz an d'Landwirtschaft mateneen ze verbannen.

auto_stories

3 min

Patric Lorgé

Fir eng nohalteg an ëmweltfrëndlech Landwirtschaft ze schafen dierft ee Subsiden net mat der Strenz verdeelen, wéi dat zum Beispill de Fall bei der Landschaftsfleegeprimm wier, seet de Patric Lorgé. Bei de Primme misst een och déi ëmwelttechnesch Bilanz an de Virdergrond setzen an deene Bauere méi Primme ginn, déi och nohalteg a méi ëmweltfrëndlech wirtschaften.

Eng Partie Vullenaarte sinn déi lescht Joren op der rouder Lëscht vun de bedreete Vulle geklommen, verschiddener wiere souguer als Brutvullen zu Lëtzebuerg ausgestuerwen, zum Beispill de Brongbrëschtchen. Fréier wier dat eng typesch Vullenaart vun der oppener Gewan gewiescht. Aner Vullenaarte wéi de Piwitsch an de Steekauz, wat typesch Kulturlandvullenaarte sinn, ware soss méi heefeg wéi haut. Och déi wäerten op der nächster rouder Lëscht méi schlecht agestuuft ginn", seet de Patric Lorgé.

Impakt vum Klimawiessel

De Klimawiessel wier ee Facteur, deen dozou féiert, datt Vullen net zur richteger Zäit déi richteg Nahrung fannen, déi se brauchen. Dat géif virun allem fir Zuchvulle gëllen, déi wäit bis an Afrika eroffléien, bis südlech vun der Sahara. Déi kéinte schwéier aschätzen, wéi a Mëtteleuropa d'Wiederconditioune sinn. "Wa mir ee Fréijoer hunn, wat zum Beispill am Abrëll schonn immens waarm ass, an déi Vullenaarte kommen awer eréischt am Mee zeréck, dann ass déi éischt Insektephas schonn eriwwer. Kuerzfristeg kënne si sech do net drop astellen", erkläert de Patric Lorgé.

Et wieren effektiv d'Zuchvullen, déi wäit Migratioune maachen, déi an eiser Landschaft géife feelen, well och déi déi meeschte Problemer mat der Nahrung hunn. An de Bestandsopname géifen déi däitlech zeréckgoen.

Duerch Pestiziden a Planzeschutzmëttel verschwannen Insekten

Déi lescht Joren hunn Naturschutzverbänn an offiziell Verwaltunge confirméiert, datt et manner Insekten zu Lëtzebuerg gëtt. De Réckgang vun de Beien ass een Thema, dat dramatesch Konsequenze kéint hunn, och fir de Mënsch, seet de Patric Lorgé.

"Et mierkt een et jo selwer, datt et dobaussen einfach manner Insekten a manner Päiperleke gëtt. An dat ass zeréckzeféieren op eis Kulturlandschaft, déi ëmmer méi aarm gëtt." Virun 30 bis 40 Joer wier et nach méi kleng Felder mat verschiddene Fruuchtfollege ginn. Duerch de Remembrement wiere vill grouss Felder zesummegeluecht ginn. Op deene grousse Fläche géif dacks Mais ugebaut ginn, dee vill gedüngt a gesprëtzt géif ginn, sou de Patric Lorgé.

Dat hätt direkt een Afloss op d'Insektewelt. Wa keng Insekten do wieren, da gëtt et fir d'Vullen och net genuch Nahrung. Um Enn vun där ganzer Nahrungskette stéing de Mënsch. D'Vulle wieren immens gutt an einfach ze erfaassen, et wiere Bio-Indikatoren, betount de Patric Lorgé.

"A wann een effektiv gesäit, datt d'Bestänn vun de Vulle vun der Kulturlandschaft a ganz Europa an de leschten 20 Joer ëm 57 Prozent zeréckgaange sinn, dann ass dat dach eng ganz däitlech Alarmklack, déi do muss goen, datt och dem Mënsch säi Liewensraum am Gaangen ass sech ganz negativ ze veränneren", sou de Patric Lorgé.