Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vum lamentabelen Zoustand vun der Geschichtsschreiwung zu Lëtzebuerg

Zäithistoriker

Vum lamentabelen Zoustand vun der Geschichtsschreiwung zu Lëtzebuerg

De Rapport iwwer d'Comptes dormants géif vill iwwert d'Geschichtsschreiwung zu Lëtzebuerg aussoen, mengt de Vincent Artuso. D'Geschicht géif nach ëmmer net ewéi eng kritesch Disziplin ugesi ginn.

auto_stories

6 min

Vincent Artuso

D'Tageblatt huet am Summer 2018 d'Existenz vun engem Rapport iwwer d'Comptes dormants bekannt ginn. Dat Dokument louch bis dohin am Staatsministère ënner Verschloss. D'Woxx huet no e puer Méint den integralen Text verëffentlecht. D'Geschicht vum Rapport iwwer d'Comptes dormants seet u sech schonn immens vill iwwer de Wëllen aus, d'Affer vum Holocaust net z'indemniséieren. Mee och iwwer de lamentabelen Zoustand vun der Geschichtsschreiwung zu Lëtzebuerg.

Wat ass e compte dormant?

E Compte dormant ass e Bankkont, op deem sech zanter Joren näischt méi beweegt, deem säin Besëtzer sech net méi mellt. Den Holocaust huet an de Länner, déi vun Nazi-Däitschland besat goufen - also och zu Lëtzebuerg - ganz vill där Konten hannerlooss, well hir Proprietären, an dacks all hir Familljememberen, ermort gi waren.

Datt et esou Konten a Lëtzebuerger Banken gëtt, war 2009 fir d'éischt am Tësche-Rapport vun der " Commission spéciale pour l'étude des spoliations des biens juifs " erwäänt ginn. Iwwer dës Aarbecht selwer gëtt et scho munches ze soen. D'Spezial-Kommission gëtt vum Paul Dostert presidéiert a war nom Virbild vun der Mission Mattéoli, a Frankräich, a vun der Commission Buysse, an der Belscht, gegrënnt ginn.

De Status quo ante verdeedegen

D'Mission Mattéoli an d'Commission Buysse hunn no knapp véier Joer komplett Berichter iwwer d'Spoliatioune vun de Judde bannent dem zweete Weltkrich ofginn. Op Grond vun hire Recommandatiounen hunn déi franséisch a belsch Regierungen decidéiert sämtlechen, vun den Däitscher am Kader vum Holocaust geklaute Besëtz z'entschiedegen, egal wat d'Nationalitéit vum Proprietär war.

Eis Kommissioun Dostert huet hirersäits aacht Joer gebraucht, fir en Tëschebericht ofzeginn an deem schlussendlech just de Status quo ante verdeedegt gëtt. Lëtzebuerger Verantwortungen an de Spoliatioune ginn ofgestridden oder verharmloost. D'Haltung vun de Beamten, Notairen an Expert-Comptabelen, déi onerlässlech Déngschter am Ausraibere vun de Judde geleescht haten, ginn op psychologesch Macken an individuellt Versoen zeréckgefouert.

De Rapport Dostert huet och d'Schlussfolgerung gezunn, datt weider Indemnisatiounen net néideg sinn, well d'Gesetz vum 25. Februar 1950 déi Fro erleedegt hätt. Deen ee Problem ass natirlech, datt dat Gesetz Auslänner diskriminéiert. Also dräi Véierels vun de Judden, déi 1940 am Land gelieft hunn. Den anere Problem ass, datt dat Gesetz den Holocaust net emol als Motiv fir eng Entschiedegung virgesäit.

D'Kommissioun Dostert hat awer ëmmerhin geschat, datt 200 Bankkonten vun Affer vum Holocaust nach an de lëtzebuerger Banke géife schlofen. Et war fir d'éischt dobäi bliwwen. Déi lescht Juncker-Regierung hat anscheinend keng Absicht, fir den Dossier vun den Indemnisatiounen erëm opzeschloen. Am Mee 2014 huet de Xavier Bettel de Paul Dostert da beoptraagt, fir d'Recherchen nees opzehuelen.

De Standpunkt vun de Banken

D'Resultat ass een Dokument, dat zwar Rapport genannt gëtt, eigentlech awer éischter e kuerze Memorandum ass, deen op 3 Din-A4-Säite Plaz hätt. Et ass och keng historesch Aarbecht - vun de benotzte Quellen gëtt just eng als Referenz genannt. An den Inhalt gëtt haaptsächlech de Standpunkt vun de Banken erëm.

An deem Rapport ass net méi vun 200 Konten rieds, mee just nach 89 - dovunner 87 bei der Spuerkeess, zwee bei der BIL a kee bei der BGL. Dat ass am beschte Fall erstaunlech. Et muss ee soen, datt dat Resultat och erreecht gouf, well verschidde Konten am sougenannte Rapport net a Betruecht gezu goufen. Hei een Extrait :

" Si les banques ont accepté de rétablir les comptes bancaires suite à un jugement de 1949, elles ont estimé que les titres constituaient des valeurs déposées auprès des banques que les banques n'étaient pas tenues à restituer. [...] [L]a BIL refuse encore d'accepter une responsabilité morale pour les titres confisqués par les Allemands. Même si nous n'avons pas trouvé de documents comparables d'autres banques, nous estimons qu'il est plus que probable que les autres banques concernées se sont ralliées à cette position. [...] Nous n'avons pas trouvé de prise de position du gouvernement qui se serait opposé à l'attitude prise par les banques. Personne n'a d'ailleurs porté l'affaire devant les tribunaux [...] Voilà pourquoi nous sommes arrivés à la conclusion que des comptes titres pour autant qu'ils aient existé à l'époque, ne peuvent faire l'objet de ce rapport. "

D'Banken hunn also decidéiert, geklaut Wäertpabeieren, also Aktiounen an Obligatiounen, net zeréckzebezuelen an dowéinst och einfach Wäertpabeier-Konte vum Gespréich auszeschléissen. A vu, datt de Staat se ouni eppes ze soen higeholl huet an, datt nimools eng Plainte koum, huet sech den Historiker déi Positioun zu eege gemaach. An dat obwuel am Rapport vun 2009 ze liesen ass, datt d'Nazien zu Lëtzebuerg spoliéiert Wäertpabeiere fir e Betrag vu bal zéng Millioune Reichsmark verkaf hunn.

Historiker oder Staatsbeamten ?

Wat den Paul Dostert eigentlech hei schreift ass, datt hie sech keng wëll siche goen. Hien geet net ewéi een Historiker vir, deem et drëms geet eng Thematik op ze klären. Mee ewéi e Staatsbeamten, deen een, souwuel onkloren ewéi delikaten, Optrag krut, a sech vill Méi gëtt, fir net an d'Fettnäppchen ze trëppelen. Deen Androck bestätegt hien iwwregens selwer am Frédéric Braun sengem Artikel an der woxx.

" Paul Dostert est aujourd'hui retraité. À la question de savoir pourquoi il renie ses propres thèses, il indique seulement ne pas avoir été indépendant au moment de la rédaction du rapport, mais " au service du ministère d'État ", et que le rapport reflète non pas les opinions du président, mais de toute la commission spéciale. "

Hei gëtt also en Auteur, dee jorelaang ewéi e Fachmann, de beschte Spezialist a sengem Domän, betruecht gouf, onmëssverständlech zou, datt hien a senger Eegenschaft als Direkter vum Centre de Documentation et de Recherche sur la Résistance, enger Struktur, déi direkt dem Staatsministère ënnerstoung, net als onofhängege Fuerscher schaffe konnt.

Trotzdeem gouf hien an dëser Eegenschaft mat Berichter beoptraagt, entweder direkt oder als Member vu wëssenschaftleche Kommissiounen. Am Fall vun de Berichter iwwer d'Spoliatiounen, wou et och drëms gaangen ass, den Deel vu Responsabilitéit vum Staat anzeschätzen, kéint dat en Interessekonflikt sinn.

Keen individuellen, mee e strukturelle Problem

Ech muss awer ënnersträichen, datt net d'Attitüd vun enger Persoun problematesch ass. De Paul Dostert bleift e wichtegen Historiker. Seng Dokteraarbecht ass weiderhin eng Referenz wat d'Geschicht vum zweete Weltkrich ugeet. Neen, de Problem ass strukturell. Hien huet mat eisem Geschichtsverständnis a mat der institutioneller Organisatioun vun der Geschichtsschreiwung ze dinn. D'Geschicht gëtt nach ëmmer ewéi eng Wëssenschaft ugesinn, déi d'Muecht an de gesellschaftleche Status quo soll ënnermaueren, an net ewéi eng kritesch Disziplin.

D'Conclusioune vun ëffentlechen Optragsaarbechte gi meeschtens akzeptéiert ewéi objektiv Uerteeler vu selbstlosen Experten. Mee den Historiker ass ëmmer de Produkt vun enger Educatioun a vun enger Epoch. An engem Interview, deen hien der Revue Forum, virun e Puer Jore ginn hat, huet den israeleschen Historiker Ilan Papé dëse Grondsaz zitéiert : " The role of the historians is not to be objective, but to have integrity " - den Historiker soll net versichen objektiv ze sinn, mee integer.