Radioen

On air

Notturno  |  No Metal In This Battle - Black Lips

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun Eechen, Bichen an Dännen

Internationalen Dag vum Bam

Vun Eechen, Bichen an Dännen

De Bam bitt villen Déieren- a Planzenaarten en Doheem, en ass Protagonist a ville Märercher a Soen, Ressource fir Wiermt an Hëtzt oder einfach: Produzent vu liewenswichtegem Sauerstoff fir Déier a Mënsch... E Bam ka fir verschidde Leit och eng reliéis, kulturell oder historesch Bedeitung hunn.

auto_stories

8 min

Am Juli sinn et véier Joer hir, datt e schlëmme Stuerm am Härebësch tëscht Simmer a Käerch e groussen Deel vun de Beem ëmgerappt huet. Bal 100 Hektar Bësch goufen dobäi verwüst an zerstéiert. "De Bësch gesäit fir vill Leit vläicht e bësselche katastrophal aus," seet de Roger Schauls vum Mouvement écologique. Mee Doud a Liewen wieren dacks ganz no beieneen.

"Dat doudegt Holz ass eigentlech den Depart fir d'Liewen vun enger ganzer Partie vun aneren Aarten."

Et erkennt een, datt ënnert den doudege Beem, do wou vill Luucht op de Buedem strahlt, vill nei Planzen eropschéissen. "Do ass eng immens Produktioun vun aneren Aarten. Doraus rekrutéiert sech dann an 100, 150 oder 200 Joren déi ursprénglech Bëschgesellschaft."

Am Härebësch géif elo e Phänomen gefërdert ginn, ähnlech wéi dat och an engem Urwald passéiert. De Bësch regeneréiert sech selwer duerch d'Ofstierwen vun ale Beem oder duerch eng Naturkatastroph.

Beim Stuerm am Juli 2014 goufen am Härebësch tëscht Simmer a Käerch eng 100 Hektar Bësch verwüst

D'Iddi, dem Bësch säin natierleche Laf ze loossen, ass nach net esou laang gebuer. De Programm Réserve Forestiere Integrale, kuerz RFI ass Ufank den 2000er Joren an d'Liewe geruff ginn. Heibäi solle fënnef Prozent vun alle Bëschgesellschaften ënner Totalschutz gestallt ginn, esou de Roger Schauls. D'Beem an d'Planze solle sech also ouni den Agrëff vum Mënsch kënnen entwéckelen. Momentan wieren esou schonn ëm déi 2000 Hektar ausgewisen. D'Bëscher géife periodesch ënnersicht ginn, fir ze kucken, wat sech hei verännert huet a wéi eng Déieren oder Planzen eventuell zeréck komm wieren. An de Wirtschaftsbëscher, esou de Roger Schauls, ginn d'Beem dacks relativ jonk recoltéiert, eng Buch zum Beispill mat ëm déi 140 bis 180 Joer.

"Dat si Jünglinge par rapport zu hirem Alter, dee se kënnen erreechen. Dat sinn 300 bis 350 Joer fir eng Buch, 500 oder 600 Joer fir eng Eech. Entspriechend hunn all déi Organismen, déi op déi al Beem an och op déi doudeg Beem ugewise sinn, virun allem Kiewerleken awer och Champignonen, an eise Wirtschaftsbëscher eigentlech keng Chance méi."

En Austausch tëschent de Beem

An ëffentleche Bëscher soll dowéinst doudegt oder aalt Holz gruppeweis protegéiert ginn, esou datt kleng "Insele vun Urwald" entstinn. Domat soll erreecht ginn, datt verschiddenen Déieren- oder Planzenaarten eng Méiglechkeet kréien, ze iwwerliewen. E Bësch ass eng Communautéit vun - am beschte Fall - vill verschiddenen Zorte vu Beem, seet de Roger Schauls, déi all ënnertenee vernetzt sinn duerch sougenannte Mykorriza-Pilzen. Dat erlaabt et de Beem, sech auszetauschen.

"En erlaabt et de Beem och fir un d'Waasser an un d'Mineralsalzer ze kommen. De Bam gëtt dem Pilz am Géigenzuch Zockeren, déi hien dann iwwer d'Photosynthese an de Blieder opbaut. An dat ass dann e richtegt Netz, dat op Géigesäitegkeet berout. Si schaffen also net ee géinteneen, mä si schaffen alleguer mateneen. An dat Mateneen ass den Interêt, deen en naturnoen Bësch ausmécht."

De Mënsch an de Bësch

De Bësch spillt fir de Mënsch zënter Ufank vun der Mënschheetsgeschicht eng bedeitend Roll. Hei an Europa an och op anere Plazen ass de Bësch fir de Mënsch ëmmer e bëssen eppes "Bedrohleches" gewiescht, seet de Roger Schauls. Vu senger Entwécklung hier wier de Mënsch en Aendéier. En hätt sech an de Savannen entwéckelt an huet misse wäit gesinn, fir de Geforen aus dem Wee oder op d'Juegd ze goen.

"Am de Bësch ass ebe just de Géigendeel: Do geet et net méi esou vill mam Aen, mä do muss ee sech méi mam Ouer oder mat anere Sënnesorganer erëmfannen. De Bësch ass eigentlech fir déi meeschte Mënsche fréier eppes 'Bedrohleches' gewiescht. Et ass do wou de Wollef gehaust huet oder aner wëll Déieren an de Mënsch huet de Bësch ëmmer probéiert ewech ze maachen."

D'Holz aus dem Bësch huet dem Mënsch Wäermt oder en Ënnerdaach ginn. Och beim Ubau vu liicht verdauleche Planzen, wéi zum Beispill Kären huet de Mënsch Luucht gebraucht. De Bësch war also e Konkurrent fir esou Aarten. E gouf ëmmer erëm verdrängt, mä awer och geschützt. De Mënsch hätt nämlech gemierkt, wéi eng wichteg Funktiounen de Bësch huet. An enger gewësser "pervertéierter Form" wier en dowéinst och an eis Kultur zeréck komm "an zwar a Form vu Parken," esou de Roger Schauls. Dës Parklandschaften, déi am Laf vun deene Joerdausende vu Joren entstane sinn, hätten dem Mënsch e gewëssent ästhetescht Wuelbefanne vermëttelt.

De Roger Schauls am Härebësch tëscht Simmer a Käerch

Mee och duerch d'Geschicht sinn de Bam an de Mënsch matenee verbonnen. Esou och d'Eech zu Altréier, déi tëscht 400 a 500 Joer al geschat gëtt. D'Eech zu Altréier ass ee vun den déckste Beem am ganze Land. Hei an der Géigend goufen eng ganz Partie vun Terracotta-Madonnaë fonnt, esou de Marc Wagner vun der Natur- a Bëschverwaltung. Dat wier den Hannergrond, wéisou deemools am 18. Joerhonnert eng Aart Grott an de Bam "Heeschbrecher Bildchen" gemaach gouf. Hei gouf dann eng Muttergottes-Statu eragestallt.

"Domat sinn och eng ganz Partie vu Seeërcher verbonnen, wou sech da gezielt gëtt, datt do Leit ëmkomm si bei engem Donnerwieder. An nach eng Partie aner Seeërcher, déi do ronderëm dee Bam bestinn. Kulturell respektiv reliéis ass jo och dee Lien domat verbonnen, datt do all Joer de 15. August eng Mass stattfënnt mat enger Prozessioun."

D'Muttergottes-Statu an der Eech zu Altréier

Dës al Eech mat engem Ëmfang vu ronn siwe Meter huet also och geschichtlech eng grouss Bedeitung. Dëse Bam ass esou bemierkenswäert, datt en an d'Lëscht vun den "Arbres Remarquables" vun der Natur- a Bëschverwaltung opgeholl gouf. Eng gemeinsam Charakteristik vun esou bemierkenswäerte Beem ass meeschtens hiren Alter, an domat verbonnen och den Ëmfang. Ma och d'Ästhetik oder eng besonnesch skurril Form vun engem Bam kann e Grond sinn, e Bam ze schützen.

Eeche kënnen en Alter vu bis zu 800 Joer erreechen. D'Eech zu Altréier gëtt mat hire geschaten 400 bis 500 Joer lues a lues krank. Ënner anerem d'Agräife vum Mënsch kann e Grond sinn, wisou de Gesondheetszoustand vu Beem sech verschlechtert, "well leider bei Bauvorhaben net ëmmer esou gutt drop opgepasst gëtt, wéi dat misst sinn. Besonnesch bei Beem, déi laanscht d'Stroosse stinn, wou d'Strooss da vergréissert gëtt a wou dann de Bagger all ze vill oft bei d'Wuerzele kënnt an d'Wuerzelen ewechrappt oder verletzt," seet de Marc Wagner.

De Marc Wagner vun der Natur- a Bëschverwaltung

Allgemeng kann ee soen, datt de Bësch zu Lëtzebuerg a kengem gudden Zoustand ass. Virun zwee Joer waren 38,3 Prozent vun de Beem zu Lëtzebuerg staark beschiedegt, 33 Prozent liicht beschiedegt an nëmmen 28,6 Prozent sinn ouni Schued. Dat geet aus enger Statistik vum STATEC ervir.

"Ech géif zwar mengen, datt mer do um gudde Wee wieren mat all deene Mesuren, déi geholl ginn och Richtung Klimawiessel, Richtung Emissiounsreduktiounen. Mä ech denken et ass awer nach e bëssen Aarbecht, déi op eis duer kënnt. An de Bësch ass eben e ganz sensibelen Bio-Indicateur. "

D'Natur- a Bëschverwaltung mat de Fierschtere kéint dofir suergen, datt de Bësch gesond ass a resistent géint Auswierkunge vu baussen. De Marc Wagner ass awer der Meenung, datt déi Haaptaarbecht bei all eenzel Persoun läit, fir sou vill ewéi méiglech dozou bäizedroen, datt d'Klima an d'Loft sech net verschlechteren.

Lëtzebuerg ass zerschnidden

E grousse Problem zu Lëtzebuerg sinn déi extrem zerschnidde Landschaften, an domat verbonnen och dee ville Kaméidi. Besonnesch problematesch ass dat fir Liewewiesen, déi vun engem Eck an deen anere musse wiesselen, esou de Roger Schauls vum Mouvement écologique.

"A virun allem fir déi Liewewiesen, déi net kënne fléien a kleng sinn. Déi also net esou richteg mobil sinn an och fir Planzen, bei deenen d'Mobilitéit dacks just iwwer den Transport vum Som oder der Fruucht duerch de Wand ka realiséiert ginn. Dat ass e Phänomen, deen een als "Verinselung" bezeechent. Dat heescht, déi eenzel ofgeschnidden Deeler funktionéieren eigentlech ofgeschloss an et ass keng Kommunikatioun méi."

De Bam bitt villen Déierenaarten en Doheem, vun der Kroun bis bei d'Wuerzelen

Dës Problematik kann och zum Ausstierwen vun Planzen oder Déierenaarte féieren. Lëtzebuerg ass der Europäescher Ëmwelt-Agence no eent vun den am meeschten zerschniddene Länner a ganz Europa.

Habitater vun Déieren a Planzen mussen also geschützt. Dat zesummenhängend Netz vu Schutzgebidder uechter Europa, de sougenannten Natura 2000 Gebidder, soll den heemesche Planzen- an Déierenaarten länneriwwergräifend hëllefen, weider an hire Liewensraim ze bleiwen - oder esou guer zeréck ze kommen.