Radioen

On air

Notturno  |  Paul Fox Collective - I'm Sorry

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wa Lauter verschwannen: Elisiounen a Kofferwierder

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Wa Lauter verschwannen: Elisiounen a Kofferwierder

Bei der n-Reegel fält den "n" hannen ewech, wann dat Wuert dono mat engem bestëmmte Laut ufänkt. Ginn et nach aner Lauter, déi beim Schwätze kënnen ewechfalen?

auto_stories

3 min

Claude Faber: Wann ech mech net ieren, goung et dach an enger Episod viru Kuerzem ëm d'Eifeler Reegel, déi mer elo n-Reegel nennen, a wou den "n" hannen ewechfält, wann dat Wuert dono mat engem bestëmmte Laut ufänkt, oder!?

Caroline Döhmer: Do hues de awer gutt opgepasst! Jo, wann d'Wuert hannendru mat engem Vokal oder de Konsonanten d, h, n, t oder z ufänkt, bleift den "n" stoen. An deenen anere Fäll fält en ewech.

Majo, ech hu mech elo awer gefrot, ob net och aner Lauter beim Schwätze kënnen ewechfalen.

Dach, effektiv. Aus Zäitgrënn hat ech dat Theema do bësse misse kierzen. Ech perséinlech sinn e grousse Fan vum "ch", deen ewechgelooss gëtt. Ass dir schonn eng Kéier opgefall, datt een "Luucht" oder "Lut" ka soen? "Vläicht" oder "vläit"?

Jo, effektiv!

Ganz beléift ass och d'Kierzung bei "gemaach" vs. "gema". Och am Gebrauch als Adjektiv (dann dacks mat "t" hannen): eng selwer gemate Glace.

Mer hu ganz vill Fäll, wou mer am Lëtzebuergeschen den "ch" kënnen ewechloossen - an dat deelweis matzen am Wuert! Hei dee klenge léiwe Saz: Lit déi Lut elo? Ma déi Lut, déi lit elo!

Hei kuck do, jo, deen ass wierklech léif!

Am Fong gëtt hei eebe mat där ch-Elisioun gespillt, well et "liichten" a "Luucht" wier.

Kann een den "ch" iwwerall ewechloossen?

Nee, déi Systematik ass zwar nach net ganz analyséiert, mee et gi Fäll, wou den "ch" ëmmer stoe bleift. Ech kann elo net soen: Hie gouf ausgelat. Hei muss et dann "ausgelaacht" sinn. Et kann een och net "Triter" fir "Triichter" soen.

Ok, an nieft dem "n" an dem "ch", wéi eng Lauter falen nach ewech?

Beim Séierschwätzen hu mer dann nach eng Rei aner Phenomeener, wéi beim Imperativ "Gë_ mer et!", wou den "ff" vum Verb ewechfale kann.

Oder Fäll, wou ganz Wierder ofgeschwächt ginn: amplaz "eng Kéier" ginn et och Leit, déi einfach "enker" soen, wéi bei "kanns du mer enker hëllefen, wgl.?". Dat schreiwe si dann och "enker".

An dann hu mer dacks och en "e" am Wuert, deen ewechfale kann: Bratz_len amplaz Bratzelen, héi_ren amplaz héieren, versto_n amplaz verstoen, waak_reg amplaz wakereg.

A schreiwen ech deen "e" elo, wann ech en net schwätzen?

Op deene meeschte Plaze muss en effektiv geschriwwe ginn, ausser et wëllt een explizitt esou schreiwen, wéi et gesot ginn ass. Grad bei laange Pluriellen oder Verben op -éieren sollt den "e" ëmmer geschriwwe ginn.

Bei anere Wierder huet een de Choix: wakereg/waakreg, Wouerecht/Wourecht, elo/lo, eréischt/réischt.

Wann een net sécher ass, kann een d'Wierder och einfach op lod.lu noschloen.

Kënnen och méi laang Wuertdeeler verschwannen?

Wann zwee Wierder zesummegezu ginn, heescht dat Portemanteau-Wuert oder Kofferwuert. Et ass eng Verschmëlzung resp. eng Amalgaméierung vu Wierder.

Wat ech schonn eng Kéier ugeschwat hat, ass d'Verschmëlzung vu Prepositioun an Artikel: "an+dem Zuch" ass dann einfach "am Zuch" oder "zu der Fra" ass dann "zur Fra". Dat sinn awer etabléiert Verschmëlzungen, déi net fir all Kombinatioun ginn. Et geet beispillsweis just mam Dativ (also mam -m bei Mask./Neutr. a beim -r bei Femininum). Woubäi hei och net all Kombinatioun geet: Ech kann net "an der Kantin" méi kuerz maachen (ar Kantin?).

Am Lëtzebuergesche fanne mer verschidde Kofferwierder, déi mer deelweis och aus anere Sprooche geléint hunn. D'Wuert "Smog" setzt sech zesummen aus "Smoke" a "Fog" oder d'Wuert "Organigramm" aus "Organisatioun" an "Diagramm", d'Wuert "Datei" aus "Daten" an "Kartei".

Dat fanne mer och bei Spontanbildungen, déi als éischt als Wuertspill geduecht sinn an dann awer an den normale Sproochgebrauch iwwerginn. Wéi dat beim Wuert "Brexit" de Fall ass (Britain + Exit).