Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Jerry Paper - Just Say Play

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "wa manner méi ass"

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

"wa manner méi ass"

Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. D'Caroline Döhmer analyséiert d'Kuriositéiten, déi eis am deegleche Sproochgebrauch begéine kënnen a wou een net ëmmer weess, wéi een domat soll ëmgoen. Haut geet rieds iwwer Ellipsen.

auto_stories

4 min

D'Caroline Döhmer vum Zentrum fir d'Lëtzebuerger Sprooch (Foto: Archiv)

Simon Larosche: Wat ass dann eng Ellips? A wéi koums de eigentlech op dat Theema?

Caroline Döhmer: Also eng Ellips ass, wann eppes am Saz ewechgelooss gëtt. Dat ka beim Schwätzen oder och beim Schreiwe sinn. Ech hu mir geduecht, datt d'Chrëschtzäit elo eng Zäit vum Iwwerfloss ass, mer kafe méi, mer kréie méi, mer iesse méi. Dofir ass de Motto vu menger Episod haut: Wa manner méi ass. An dat ass den ekonomesche Gedanke vun der Sprooch a wéi mer se benotzen.

Okay, da muss de eis dat elo mat e puer Beispiller erklären.

Ma ganz gär. Fänke mer mol mat einfachen Ellipsen am ëffentleche Raum un. Mer kennen all d'Schëlder op der Autobunn: Lëtzebuerg 24 km oder Stau! Dat sinn - reng grammatesch gekuckt - keng ofgeschlosse Sätz, hei muss eppes ergänzt ginn: Bis op Lëtzebuerg sinn et nach 24 km. Oppassen, geschwë kommt Der an e Stau.

Mee et gi jo och Schëlder ouni Text?

Jo, do si mer dann awer bei Ikonen a Symboler, dat ass nees en anere Prinzip, net manner interessant, mee manner grammatesch an deem Sënn.

Typesch Ellipse sinn den Telegrammstil: Party bei mir, 17:00. Als Fro: Muer Kino?. Oder: Zäit vergiess, fuere lo fort! Hei ass et dann um Adressat, fir déi aner Informatiounen ze ergänzen (an hei erënneren ech Iech och nach eng Kéier op den Ech-hei-elo-Punkt vun der leschter Episod, wou et ëm Referenzen am Text gouf).

Och Schlagzeile sinn dacks elliptesch: Cyclist ënner Dopingverdacht. Och hei feelt am Prinzip e Verb, fir e ganze Saz draus ze maachen. Mat Linguiste kann een iwwregens stonnelaang doriwwer diskutéieren, wat eigentlech d'Definitioun vun engem "Saz" ass ...

Vu wéi enger gees du dann aus? Also wat ass fir dech e Saz? An denk drun, mer hu just e puer Minutte fir dës Episod!

Ganz kuerz an aus grammatescher Perspektiv géing ech soen, datt s de op d'mannst e Verb brauchs (dat net am Infinitiv oder am Participe steet) an eventuell nach e Sujet oder aner Verbkomplementer, déi vum Verb oder vun der Situatioun gefuerdert ginn. E Verb ass jo meeschtens den Haaptaspekt, deen undeit, wat am Saz geschitt.

Am geschwatene fanne mer allerdéngs vill Ellipsen, also Sätz ouni Verb a Sujet. Déi ginn Handlungsellipse genannt a kënne verschidde Funktiounen hunn:

imperativ (als Opfuerderung): Raus elo! Dier zou! Hëllef!
expressiv (als Gefill): o vreck! mega!
kommunikativ (als Hörersignal): m, jo, ok

Och dat sinn esou gesi keng ganz Sätz. Déi liewen awer vun der Spontaneitéit a vun der Dialogizitéit.

Meng Favoritte sinn awer d'Adjazenzellipsen!

Ech kenne just nach de "côté adjacent" aus der Mathé!

Adjacent bedeit jo och, datt eppes niewendrunner läit, zwar net an engem Dräieck, mee bei zwee Sätz. An dat ass ganz sproochekonomesch.

Wou d'Sprooch staark elliptesch ass, ass bei Froen:

Wéini kënns de? Um 11:00. (fir: ech kommen um 11 Auer)
Weess du schonn, wat s de wëlls iessen? Jo, eng Pizza. (fir: jo, ech weess, wat ech wëll iessen, ech iessen eng Pizza).

Hei gëtt d'Äntwert dann einfach un de Sazbau vun der Fro ugepasst. Oder anescht: manner ass dann hei méi: méi effikass, méi praktesch.

Eng Adjazenzellips fonctionéiert esou, datt ech eng komplett Sazstruktur hunn, un déi duerno de Saz ugehaange gëtt. D'Haaptstruktur vum Saz ass also nach present a gëtt einfach "matgeduecht". Soss misst een alles einfach widderhuelen.

Bei Verbesserungen huet een och dacks Ellipsen: Hatt ass dach mam Misch zesummen. Nee, net méi. Lo mam Pit. (fir: Hatt ass dach mam Misch zesummen. Nee, hatt ass elo net méi mam Misch zesummen. Hatt ass elo mam Pit zesummen.)

Dat geet da méi einfach, wann ee mat Ellipse ka schaffen!

Effektiv!

Dat war elo och elliptesch! Am Ganze wier deng Ausso: "Et geet effektiv méi einfach, wann ee mat Ellipse ka schaffen!"

Obwuel et haut ëm d'Kierzt vun der Sprooch geet, iwwerzéien ech scho bal! Ech wëll just nach e puer aner Ellipse mat Beispiller weisen:

Bei der Koordinatioun benotze mer dacks Ellipsen:

hie war invitéiert, hatt net
hatt huet Téi gedronk, an hie Kaffi
vun alle Cycliste war hien dee séiersten

An och bei Vergläicher mat "wéi" kënnt et zu enger sou genannter Komparatiounsellips:

hien ass grad esou intelligent wéi hatt (intelligent ass)
ech hu genee sou vill Schnittercher giess wéi s du (Schnittercher giess hues)

Sou, lo si mer awer eng Kéier duerch d'Ellipsen aus dem Lëtzebuergesche gaangen!

Jo, manner kann effektiv heiansdo méi sinn!

Maja, dann Iech all schéi Feierdeeg a bis am neie Joer mat neie Kuriositéiten!!