Radioen

On air

Notturno  |  Mutiny On The Bounty - Ice Ice Iceland

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Waasser als Wuer

Ressourcen

Waasser als Wuer

D'UNO huet den Accès zu Drénkwaasser als Mënscherecht deklaréiert. Trotzdem ginn et iwwerall op der Welt Wasserkonflikter. Hannendru sti wirtschaftlech Interessien - d'Waasser gëtt kommerzialiséiert.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / sandramatic

Op där enger Säit géif eng UNO-Deklaratioun stoen, déi d'Recht op Waasser als Mënscherecht deklaréiert. Op där anerer Säit, de kapitalistesche Wirtschaftsmodell vun der Weltbank, esou de Mënscherechtsaktivist Ricardo Petrella. Fir d'Weltbank wier d'Waasser eng Wuer, déi bezuelt misst ginn. Och d'Regierungen géifen hiren eegenen Interessen nogoen. Si géife sech froen, wéi si d'Ressource kéinte kommerziell notzen.

Soulaang d'Waasser - genau wéi an aner natierlech Ressourcen - als Wuer géif ugesi ginn, soulaang géif dës Ressource virun allem deene verschiddene Staten a grousse multinationale Gruppen déngen, bedauert de Ricardo Petrella. Dat géif zu méi Divisiounen, Spannungen a Kricher féieren. De Mënscherechtsaktivist gesäit eng Globaliséierung vu Waasserkonflikter, bei deenen de Gruef tëscht Aarm a Räich ëmmer méi grouss gëtt.

Wien huet d'Kontroll?

Déi méi klassesch Waasserkonflikter wiere geographesch begrenzt a spille sech dacks tëschent zwee oder méi Nationalstate of, erkläert de Ricardo Petrella. Hei géif sech d'Fro vun der Kontroll iwwer d'Ressourcen stellen: Meeschtens tëscht deene Länner, déi uewen um Floss sinn, an deenen, déi ënnen um Floss leien.

Mee et gëtt nach en zousätzleche Problem, esou de Frederic Lasserre, Geograph op der Universitéit Laval am Kanada an Direkter vum Conseil québequois des Etudes géopolitiques: D'Besoine géife wuessen, mee d'Ressource net - deels géifen d'Waasserreserven esouguer zeréckgoen. Esou kéinten ëmmer méi Spannungen entstoen, warnt den Expert.

Op der Sich no Kompromësser

An Zentralasien ass d'Waasser ëmmer erëm eng Ursaach vu Spannungen. Et ass eng Géigend, déi mat de Konsequenze vum Klimawandel kämpft. Gläichzäiteg ass d'Nofro nom Waasser grouss. Fënnef Länner - Usbekistan, Turkmenistan, Tadschikistan, Kirgistan a Kasachstan - deele sech déi zwee Flëss Amou Daria an Syr Daria, déi alle béid an den Aralséi fléissen. De Philippe Rekacewizc, Geograf, Kartograf a Journalist, schreift, datt dës Länner besonnesch ofhängeg vunenee sinn, well keent vun hinnen eleng d'Iwwerhand an d'Kontroll iwwer d'Waasser huet. Zwee Länner am Südosten, de Kirgistan an den Tadschikistan, géifen d'Quelle vun de Flëss kontrolléieren, mee si hätte kee Gas a kee Pëtrol. Déi zwee Länner, déi ënnen um Stroum leien an dofir keng Quelle kontrolléieren, wieren dofir räich u Pëtrol a Gas.

Mee Léisungen ze fanne wier net ëmmer einfach, esou den Frederic Lasserre. Do spillt erëm de Nationalstolz, mee och d'national Onofhängegkeet eng Roll. E Schrëtt an di richteg Richtung wier de géigesäitegen Austausch vu Ressourcen, wéi Waasser an Energie. Entspriechend sinn de Frederic Lasserre a seng Equipe am gaangen e Kooperatiounsmodell tëschent dem Usbekistan an dem Kirgistan z'entwéckelen. Zill ass et, datt den Usbekistan, dee vill Gasressourcen huet, sech mam Kirgistan eenegt, deen dann am Ausgläich Waasser liwwere soll.