Wéi sidd Dir op d'Iddi fir dës Serie komm?
Jean Reiter: Liewenswäisheete si faszinant, well si an d'Perséinlechkeet vum Mënsch wierken. Wa si eescht geholl ginn, bewierke si an den déiwe Séilen - a geeschtege Schichten, Verännerungen a loosse Gewunnechtsmusteren entstoen, déi e positiivt Liewensgefill erméiglechen.
E puer Liewenswäisheete ginn nach méi déif an erméiglechen dem Mënsch, ënner Rou z'empfannen, wat eng Grondviraussëtzung ass, fir e glécklecht Liewen ze féieren. Dës Liewenswäisheete si muenchmol kondenséiert an engem Saz festgehalen, deen dacks eng ganz Liewensopfaassung a sech aschléisst. Dës méi oder manner verschlësselt Sätz an hirem ganze geeschtege Räichtum opzeschlësselen, esouwäit dat mir méiglech ass, mécht Freed.
Sinn d'Liewenswäisheeten e feste Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Kultur?
J.R.: Zu Lëtzebuerg, wéi wuel an all Land, dat am Duerchschnëtt en héije Liewensniveau huet, dreift sech e Groussdeel vun de Bewunner op der Existenziwwerfläch erëm: mécht méi oder manner grouss Ustrengunge fir Geld ze verdéngen a probéiert dëst verdéngte Geld anzesetzen, fir d'Liewen ze genéissen.
An awer ass wuel e gudden Deel vun de Leit bestrieft, dat - op der genësslecher Iwwerfläch situéiert "matgerappt ginn" - méi harmonesch ze gestalten. Jidderee gesäit wuel zu engem Moment a sengem Liewen an, datt de Genoss e Faass ouni Buedem ass a versicht, ee geeschtege Wee zu engem méi zolitte Liewensfong ze fannen.
Op wéi enger Basis maacht Dir Är Selektioun?
J.R.: Liewenswäisheete betreffen all Liewensberäicher: Bezéiung zu de Matmënschen, wéi ee seng berufflech Tätegkeet ausübe soll, wéi ee Sprooch benotze soll, wéi ee sozial Kohärenz oprechterhale kann, wéi ee mat senge Sënner a Sexualitéit ëmgoe soll, wéini ee Mutt beweise soll a.s.w. Liewenswäisheeten, déi dës Aspekter ofdecken an dozou e puer Rotschléi opsichen, déi hir Spur an der lëtzebuergescher Sprooch hannerlooss hunn, ass wuel déi gréissten Erausfuerderung vun dëser Serie.
"Liewenswäisheeten", ëmmer méindes um 10:40 bei eis op der Antenn.