Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Alice Phoebe Lou - Lose My Head

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wait and see

Zäithistoriker

Wait and see

Den 10. Mee 1941 hunn d'Nazien deen éischte Gebuertsdag vun der Invasioun vu Lëtzebuerg gefeiert. D'Gedenkfeiere goufen awer vun engem aneren Evenement verduerwen, dat d'Nazien an Erklärungsnout bruecht huet. Eng Chronik vum Vincent Artuso.

auto_stories

7 min

Den 10. Mee 1941 huet am däitschen Zaldotekierfecht a Clausen eng wichteg Zeremonie stattfonnt. Aus Ulass vum éischte Gebuertsdag vun der Westoffensiv sinn d'Vertrieder vun der neier Uerdnung - Zivilverwaltung, Wehrmacht, VdB - zesummekomm, fir déi 450 Landser ze éieren, déi ee Joer virdrun zu Lëtzebuerg gefall waren. Hiren Affer, huet de Gauleiter Simon a senger Ried ënnerstrach, hat den éiwege Lien tëschent dem Reich an dem Lëtzebuerger Land erneiert:

"Für alle Zeiten ruhen unsere Toten hier, aber auch für alle Zeiten werden unsere Fahnen hier wehen", huet en insistéiert: "Für alle Zeiten werden hier deutsche Soldaten stehen, für alle Zeiten wird die Wehrmacht Adolf Hitlers den Schutz dieses nunmehr deutsch gewordenen Landes in ihren Händen halten und nicht mehr preisgeben."

Dës Gedenkfeier, déi iwwer de Weekend stattfonnt huet, war de Méinden dono d'Haaptinformatioun an der gläichgeschalter Press. Vun engem aneren Anchor-Evenement, dat zum selwechten Zäitpunkt geschitt war, war awer nach ëmmer keng Spuer ze fannen. Den NS-Regimm huet sech Zäit gelooss fir bekannt ze maachen, datt ee vu senge bedeitendste Cheffen, de Rudolf Hess, a Feindesland verschwonne war.

E potenziellen Nofollger vum Führer

De Rudolf Hess war ee vun den eelsten an enkste Mataarbechter vum Adolf Hitler. Nom feelgeschloene Putsch vu 1923 war e mat him zu Landsberg agespaart ginn an hat him bei der Redaktioun vu "Mein Kampf" gehollef. Nodeems d'Nazien un d'Muecht komm waren, hat den Hitler hien zu sengem Stellvertreter an der NSDAP ernannt. De Führer huet den Hess deemools wéi ee vu senge potenziellen Nofollger presentéiert. Nom Ufank vum Krich war en zwar zum Deel vun de Militärcheffen eklipséiert ginn, ass awer trotzdeem eng Schlësselfigur vum Regimm bliwwen.

Den Hess war de Verfechter vun engem Kompromëssfridde mat England, dem anere germanesche Groussräich a sengen Aen. Den 10. Mee 1941 ass dee fréiere Pilot aus dem Eischte Weltkrich Richtung Groussbritannien fortgeflunn, fir mat gläichgesënnte brittesche Perséinlechkeeten ze verhandelen. Op en dës Missioun mam Averständnes vu sengem Führer erfëlle wollt, gëtt nach haut debattéiert. Fest steet, datt seng Eskapad zum Fiasko gouf. Iwwer Schottland huet e säi Fliger verloosse mussen an e huet sech bei senger Fallschiermlandung verletzt. Kuerz dono gouf e gefaangen.

D'NSDAP huet d'Informatioun réischt den Owend vum 12. Mee 1941 verëffentlecht. Säi Communiqué gouf den Dag dono am Escher Tageblatt an am Luxemburger Wort ofgedréckt. Et war dran ze liesen, datt den Hess an engem Fligeraccident verongléckt war, obwuel den Hitler him, aus Gesondheetsgrënn, verbueden hat ze fléien. Den Dag dono gouf eng Meldung verëffentlecht, déi d'Opklärung vun der Affär annoncéiert huet. Den Hess gouf wéi en idealisteschen, mee geeschteskranke Mann duergestallt, deen op eegener Fauscht fortgeflu war, mat der schimärescher Iddi e Fridde mat den Englänner ze schléissen.

Den Zoustand vun der onëffentlecher Meenung

No dëser Erklärung gouf an der Press kee Wuert méi iwwer dem Hess seng Eskapad verluer. D'Nazien haten decidéiert, d'Affär als Amoklaf erofzespillen an ze klasséieren. Dës offiziell Versioun huet awer weiderhin vill Froen opgelooss an den NS-Regimm vulnerabel gemaach. Deem war et elo wichteg den Zoustand vun der onëffentlecher Meenung ze kennen. An Däitschland an an de besate Länner goufen d'Büroe vum Sicherheitsdienst an Alarmbereetschaft versat.

Den SD war keng Police am klassesche Sënn - éischtens well en eigentlech keng Police war, mee de Noriichtendéngscht vun der SS an, zweetens, well en d'Verbriechen net bekämpfe mee virgräife wollt. Seng Agenten haten an der Reegel eng Uniausbildung. Si hunn sech selwer als Sozialingenieuren am Déngscht vum NS-Staat betruecht. Hir Roll war et d'Stëmmung vun der Bevëlkerung z'observéieren an z'analyséieren, d'Unzeeche vun Onzefriddenheet zesummenzedroen an z'interpretéieren, d'Regimmgéigner z'identifizéieren an anzestufen. Dat ware fundamental Tâchen an enger Gesellschaft ouni Meenungsfräiheet.

Am besate Lëtzebuerg huet den SD en Deel vum Einsatzkommando der Sipo-SD gebilt. En huet all Woch e Lage- und Stimmungsbericht verfaasst. An deene vum 13. a vum 20. Mee 1941, gouf d'Affär Hess besonnesch ënner d'Lupp geholl. Interessant ass hei, datt den SD sech net nëmmen, ewéi üblech, op d'Lokalbevëlkerung konzentréiert huet, mee datt e säi Bléck och op déi däitsch Beamten an Zaldote geriicht huet, déi zu Lëtzebuerg stationéiert waren.

Kee Vertrauen an d'offiziell Versioun

D'Noriicht vum Hess senger Verhaftung hat sech "wie ein Lauffeuer" verbreet, ass am Rapport vum 13. Mee 1941 ze liesen. An de fréie Moiesstonne waren de meeschte Stater d'Detailer vun der Affär scho bekannt, zum Beispill datt den Hess sech bei sengem Fallschiermsprong verletzt hat. Fir den Auteur vum Rapport war dat e weidere Beweis, datt ëmmer méi Leit d'BBC géife lauschteren.

An der Stad mee och zu Dikrech, hunn déi sougenannt däitschfeindlech Elementer am Hess sengem Gest e Beweis erkannt, datt d'Nazi-Cheffen verréckt waren. Verschiddener hunn en och wéi en implizitt Ageständnes gesinn, datt Däitschland de Krich net kéint gewannen. An de ländleche Géigenden ass dem Hess säi Mëssgeschéck, mëtten an der Period vun der Oktav, och wéi eng Strof vun der Mutter Gottes gedeit ginn. Wat den Auteur vum Rapport awer méi beonrouegt huet, war, datt vill Lëtzebuerger Unhänger vum Drëtte Räich op eemol och gezweiwelt hunn:

"Die stimmungsmässige Auswirkung auf die Angehörigen der VdB ist unterschiedlich. Ein Teil der Amtsträger der VdB, z.B. Block- und Zellenleiter, hat den Wunsch geäussert, seine Ämter niederzulegen, "da die Leute ihnen auf die Köpfe spucken würden". Viele Mitglieder der VdB sind in ihrer Haltung unsicher geworden. Ein anderer Teil der Mitglieder dieser Bewegung bezeichnet Rudolf Hess als Verräter und hält ihn für unwürdig, jemals ein Parteigenosse gewesen zu sein. [...] Die Haltung der Mitglieder der VdB ist insofern einheitlich, als die Allerwenigsten an die Richtigkeit der parteiamtlichen Verlautbarungen glauben."

E Wendepunkt

Eng Woch dono hat de Reiz vum Publikum fir d'Affär Hess net nogelooss, trotz oder ebe grad wéinst der offizieller Funkstille. Déi huet nämlech d'Verbreedung vu Gerüchter favoriséiert. Vill vun deenen hunn den Damien Kratzenberg betraff, dem Lëtzebuerger Landesleiter vun der VdB. Et gouf, zum Beispill, erzielt datt en ze Bréissel erschoss gi war, datt e vun engem englesche Kommando gekidnappt gouf, datt en an d'Ausland geflücht war oder datt e Selbstmord begaangen hat.

Et gouf och geflüstert, datt den Himmler erschoss gi war well e versicht hat Däitschland ze verloossen; datt d'Gestapo-Leit zu Lëtzebuerg geschwënn erëm an d'Reich géifen zeréckgeruff ginn; datt de Rudolf Hess am Gaange war un engem Opruff un dat däitscht Vollek ze schaffen, dee vun der BBC géif ausgestraalt ginn.

"Der Fall Hess hat die Stimmung im Lande sichtlich verschlechtert", huet den Auteur vum SD-Bericht vum 20. Mee 1941 notéiert: "Zwar sind die Fälle, in denen die deutschfeindlichen Luxemburger mit ihren Äusserungen offen an den Tag treten, in denen sie die Luxemburger die das VdB-Abzeichen tragen, öffentlich beschimpfen usw., nur vereinzelt. Die wahre Stimmung der Luxemburger ist aber z.B daraus zu ersehen, datt Frauen, bevor sie das Geschäft betreten, ihre Abzeichen abnehmen, weil sie glauben, ohne Abzeichen besser einkaufen zu können. So sollen Geflügel und sonstige Waren lediglich an solche Luxemburger, die kein Abzeichen tragen, verkauft worden sein. Die Einstellung dieser Luxemburger wird auch darin erkennbar, datt sie häufig nach wie vor in Franken rechnen, datt sie sich vielfach der französischen Sprache bedienen und datt sie es in der Mehrzahl systematisch ablehnen, den Deutschen Gruss zu gebrauchen."

D'Affär Hess war e Wendepunkt. Zu engem Moment, wou d'Nazien hir éiweg Herrschaft iwwer Lëtzebuerg verkënnegt hunn, huet si all deenen Hoffnung ginn, déi geduecht haten datt Däitschland, ee Joer virdrun, de Krich gewonnen hat. England war awer nach laang net geschloen a vill Leit hu sech elo gefrot ob d'Vereenegt Staten an d'Sowjetunioun net bal op senger Säit an de Krich géifen zéien. "Wait and see", huet et elo méi ewéi jee geheescht.