Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wann den "n" um Enn vum Wuert ewechfält

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Wann den "n" um Enn vum Wuert ewechfält

D'Caroline Döhmer. Si schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an erzielt eis haut eppes iwwer Saachen, déi ewechgelooss ginn.

auto_stories

3 min

Simon Larosche: Mir haten dach schonn eng Episod iwwer Ellipsen, wou Saachen am Saz ewechgelooss ginn. Wat ass dann haut genee d'Theema?

Caroline Döhmer: Bei den Ellipse ware mer bei Sazdeeler, déi ewechgelooss ginn, well ech se duerch de Kontext ergänze kann. Haut geet et ëm Saachen, déi ech am Wuert ewechloossen.

Ok, an do bréngs de eis haut nees Be ispiller mat, gell?

Majo, fänke mer mol mat där prominentster Geschicht un: d'n-Reegel (och bekannt als Eifeler Reegel, woubäi mer vun engem wëssenschaftleche Standpunkt aus déi Eifel-Bezeechnung net méi benotzen). Et ass am Prinzip esou, datt mer den "n" hanne stoe loossen, wann dee Laut duerno e Vokal ass oder de Konsonant d, h, n, t, z. An deenen anere Fäll fält en ewech. Dat mécht all Mammesproochler grondsätzlech automatesch: ech fanne_ mäi_ Schlëssel net // ech fannen däin Autosschlëssel net. Den Heng, de_ Pol.

Dat geet net just am Saz mam Wuert hannendrun, mee och bei Zesummesetzungen: Reen → Ree_mantel. Bommen → Bomme_leeër.

A firwat ginn et do e puer Konsonanten, déi eng Ausnam bilden?

Den "n" steet an deem Sënn net gär bei Konsonanten, déi sou ganz anescht si wéi hie selwer, also vun der Artikulatioun hier gekuckt. Den "n" bleift da stoen, wann dee Konsonant hannendrun op enger änlecher Plaz am Mond gebilt gëtt, wéi hie selwer (an dann ass en och nach wieleresch mat der Zort vu Konsonant).

Wie sinn dem "n" seng Frënn, wou e stoe bleift?

Den "n" selwer: den Norbert, awer och den "d" (den Dan), den "t" (den Tun) an den "z" (den Zorro).
Den "h", dee ganz hannen aus dem Hals kënnt, ass och säi Frënd: den Heng.
Bei deenen anere Konsonante zitt e sech gär: de_ Ben.
Mat Vokaler bleift en ëmmer stoen: den Emil, den Olivier.

Gëllt dat fir all "n", datt ech op de Laut dono muss oppassen?

Nee, et sinn haaptsächlech déi, déi um Enn vun enger Silb stinn a wou dacks en "e" virdrunner steet (awer och bei Verben op -unn oder -inn). Hei ginn et awer och nees Ausnamen, déi der och am aktuelle Reegelwierk vun der Orthografie kënnt noliesen (Kapitel 6). Falls Dir d'Buch net doheem hutt, fannt Dir de PDF och op ZLS.lu. Beim Schreiwe muss een nämlech och dës n-Reegel applizéieren.

Et ass beim Schreiwen och net ëmmer einfach, well een heiansdo ee Wuert nei schreift an da muss een direkt d'Wuert virdrunner checken, ob een do och d'n-Reegel brav ugewant huet. Fir ze liesen ass d'Reegel awer super effikass, well ech ëmmer direkt erkennen, wou e geschwat gëtt a wou net.

Zum Gléck muss ee beim Schwätzen net oppassen, dat geschitt jo quasi automatesch.

Jo, och hei kann een nees frou sinn, Mammesproochler ze sinn, well d'n-Reegel ass net einfach ze léieren.

Et ass och interessant ze gesinn, wou hei Feeler entstinn. Beim Schreiwen hu vill Leit beispillsweis d'Tendenz, fir den "n" bei engem aneren "n" ewechzeloossen, obwuel e strukturell stoe bleift wéi bei "den Noper". Hei héiert ee bal keen Iwwergang vun engem Wuert op dat anert, esou datt verschidde Leit mengen, datt si missten de_ Noper schreiwen. Richteg ass awer: zweemol "n", well den "n" huet sech selwer gär!

Esou Saache geschéien och gär bei anere Lauter, wéi bei "Gitt dir dohin?". Och hei verschmëlzen déi Wierder esou mateneen, datt ee bal menge kéint, datt hei eng Grenz wier: gi-dir. Hei kéint een als Test e Wiertchen bäisetzen fir ze kucken, wéi déi eenzel Wierder musse geschriwwe ginn: Gitt och dir dohin?

Mee do muss ech beim Schreiwen näischt ewechloossen?

Nee, alles gutt. Just den "n" kann ewechfalen. Et ginn nach aner Fäll, wou Lauter net geschwat ginn (wéi den "ch"), mee dat ass da fir eng aner Kéier!

Ma da merci a bis geschwënn!