Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Herbie Hancock - Watermelon Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat ass Aarbecht?

Prisma

Wat ass Aarbecht?

Wat ass d'Aarbecht fir de Mënsch? Ass et wierklech dat, wat eis vum Déier ënnerscheet? Wat fir eng Funktioun erfëllt d'Aarbecht an eiser Gesellschaft? Wou kënnt iwwerhaapt eis Wäertschätzung vun der Aarbecht hier, eis Iddi, datt et wichteg ass fir den Eenzelen ze schaffen, jo sech iwwer Aarbecht ze verwierklechen?

auto_stories

8 min

"Philosophesch gesinn ass d'Aarbecht dat, wat de Mënsch vum Déier ënnerscheet" esou äntwert den Dan Kersch an engem Interview vum Luxemburger Wort vum 30. Abrëll. "Duerch d'Aarbecht ass de Mënsch amstand ganz bewosst Saachen ze veränneren, wat Déieren net kënnen", sou de Politiker weider.

Den Aarbechtsminister nennt e weidere Faktor, deen d'Liewe vum Mënsch bestëmmt: d'Zäit. D'Zäit, hei als dat Wäertvollst, wat dem Mënsch zur Verfügung steet, deelt sech op a Fräizäit an Aarbechtszäit, wou d'Erausfuerderung dora besteet, fir déi zwou an Aklang ze bréngen. Beim Dan Kersch heescht et richteg: Familljenzäit an Aarbechtszäit fir d'Famill ze ernären, wou natierlech eng zimmlech idealistesch an traditionalistesch Virstellung vu Famill muss kritiséiert ginn. Fräizäit an Aarbechtszäit als Strukturéierungselement vu ville Mënsche kann een dogéint gëlle loossen.

D'Corona-Kris huet awer net nëmme bei Politiker zu villen Iwwerleeunge ronderëm d'Aarbecht geféiert. E puer Froen heizou: Ass d'Aarbecht dat, wat eis besonnesch mécht a vum Déier ënnerscheet? Ass et dat, wat de Mënsch fräi mécht oder awer éischter onfräi mécht? Definéiert de Mënsch sech net virun allem iwwer seng Aarbecht? Bestëmmen d'Aarbechtsverhältnisser net och eis Wäertvirstellungen?

Ass d'Zäit komm, fir eist Verhältnis zur Aarbecht ze änneren?

Huet sech duerch den Teletravail an de Confinement eist d'Verhältnis zur Aarbecht verännert? Oder anescht gefrot, huet d'Corona-Kris eis net gewisen, datt et héich Zäit gëtt, datt sech eist Verhältnis zur Aarbecht grondleeënd ännere soll?

Fänke mer awer e bësse méi grondsätzlech un: Firwat schaffe mer? Domm Fro, domm Äntwert: Fir Suen ze verdéngen. Mee Aarbecht ass méi wéi just dat. Vill vun eis gesi se haut als Méiglechkeet fir sech ze verwierklechen, fir hir Roll an der Gesellschaft ze definéieren, fir hire Wäert als Individuum ze markéieren, jo fir fräi ze sinn. Mee firwat ass dat esou? Kuckt een zeréck an d'Geschicht, war Aarbecht op jiddwer Fall bei den ale Griichen, de Réimer oder och nach am mëttelalterlechen Europa iwwerhaapt net gutt ugesinn. Geschafft hunn d'Sklaven, déi onfräi Baueren. D'Aristokrate sinn dogéint op d'Juegd gaangen, hu Krich geféiert, hu sech duelléiert, musizéiert, awer ëm Gottes wëllen net geschafft. Hei wiere mer awer och scho beim Ursprong vun eiser Definitioun vun Aarbecht, déi hiren iddigeschichtlechen Ursprong am Chrëschtentum huet. Heizou mol eng Kéier e Gläichnis aus dem Neien Testament, wat dat gutt illustréiert: D'Gläichnes vun den uvertrauten Talenter.

E Mann geet op Reesen a rifft seng dräi Diener bei sech fir hinne säi Verméigen unzevertrauen. Deem éischte gëtt hie fënnef Talenter Sëlwergeld, engem aneren zwee an dem leschten een. Jiddwerengem no sengen individuelle Fäegkeeten.

Wéi de Mann vu senger Rees zeréckkoum, rifft hie seng Diener nees bei sech a freet si ëm Rechenschaft. Deen éischte mat de fënnef Talenter hat der nach fënnef weiderer dobäi gewonnen. Deen zweeten Diener hat der nach zwee bei seng zwee dobäi gewonnen. De Mann war ganz frou iwwer den Erfolleg vu sengen zwee Diener, huet si gelueft an hinne weider wichteg Aufgabe fir d'Zukunft versprach. Dee leschten Diener, deen een Talent krut hat, huet erkläert, datt hien Angscht hat, a säin Talent vergruewen huet, fir et dem Mann nees zeréck kënnen ze ginn. De Mann war guer net frou iwwer dës Äntwert, huet den Diener als faulen a schlechten Diener vernannt an hie fortgejot. Wéi kann een dëst Gläichnis elo deiten?

Ora et labora

De Wäert vun engem Mënsch ass net predefinéiert. Net Talenter, hei elo net méi Sëlwertalenter, mee Talenter am Sënn vun Eegenschaften, bestëmmen de Wäert vun engem Mënsch, mee dat, wat hien aus deenen Eegenschaften, déi d'Natur him matginn huet, mécht. Haut géif ee soen, de Wäert vun engem Mënsch ass net méi ofhängeg vu senger genetescher Predispositioun, mee dovunner, wat hie mat sengen Talenter ufänkt, déi hie krut. Beim mëttelalterlechen oder anticken Aristokrat war et genee ëmgedréit. Hien huet sech säi Räichtum, seng Stellung, mee och säi Wäert als Mënsch net erschafft, mee krut en iwwer seng Gebuert. Den neie Wäert vun der Aarbecht huet sech dann och an de mëttelalterleche Kléischter zeréckfonnt, nom Motto: "Ora et labora - Bete und arbeite". Gutt datt eng vun deene villen Aarbechten d'Béierbraue war, vun där mer haut nach profitéieren.

Fir kloer ze sinn: De Chrëscht soll schaffen, soll sech iwwer seng Aarbecht verwierklechen an duerch seng Aarbecht u sech selwer probéieren dat bescht aus senge gottgebenen Talenter ze maachen. Am Prostestanismus, besonnesch am Calvinismus, gouf dëse Wäert vun der Aarbecht, fir den Eenzelen, nach eng Kéier méi betount, wat de Soziolog Max Weber dann och als eng vun de wesentleche Grondlage vum moderne Kapitalismus gesäit. Iddie wéi wirtschaftlechen Erfolleg als Belounung fir eng gottgewollten Existenz als schaffenden Mënsch. Fläiss, Selbstdisziplin, an Aarbecht als Selbstzweck awer och Lidderegkeet als Sënn, si Wäerter, déi sech schonn hei ganz explizitt identifizéiere loossen.

Mir kënnen net anescht

Schwätze mer vu Kapitalismus an Aarbecht, komme mer natierlech net laanscht de Karl Marx. D'Zitat vum Dan Kersch verweist op Theese vu Marx an Engels. De Friederich Engels huet z. B. eng Schrëft erausbruecht mam Titel: "Der Anteil der Arbeit an der Menschwerdung des Affen". An dësem Abschnitt erkläert den Engels, datt d'Aarbecht net just dofir do ass fir d'Iwwerliewe vum Mënsch ze sécheren, mee d'Bedéngung vum Mënsch si selwer ausmécht. D'Aarbecht huet de Mënsch geschafen. D'Déiere benotzen d'Natur ronderëm sech just, de Mënsch dogéint beherrscht d'Natur, passt se u seng Besoinen un, eben duerch seng Aarbecht.

De Marx geet nach e Schrëtt weider an erkläert, datt eise Kierper, genee wéi eise Geescht, jo eist ganzt Denken, vun de Produktiounsverhältnisser ënner deene mir liewen, bestëmmt gëtt. Mir kënnen net anescht wéi an der Welt, wou mer schaffen, och no de Reegelen, déi dëst Schaffe mat sech bréngt, ze liewen an ze denken. Bei eis wier dat e globaliséierte Liberalismus, deen eis Virstellunge vu Gléck, Aarbecht a Sënn an allen Liewensberäicher duerchzitt. An deem Sënn kënne mir net anescht wéi ze schaffe fir ze schaffe fir eis materiellt awer och reaalt Gléck an engem onendleche Katalog vu Sënnangeboter ze fannen. Ze fannen natierlech am Hamsterrad vu permanentem Konsum, deen dann nach méi Aarbecht no sech zitt. Beim Marx gëtt et just een Auswee aus dësem indoktrinéierten Denken: d'Philosophie als Mëttel fir d'Wouerecht ze erkennen an d'Revolutioun als Konsequenz.

E wichtegt Strukturéierungselement

Fir op d'Froe um Ufank zeréckzekommen: Bestëmmt d'Aarbecht eist Mënsch sinn? Jo ech denke schonn. Manner duerch de Verglach mam Déier, dee fir den Denker aus dem 21. Joerhonnert keng Roll méi spillt. Dofir awer iwwer d'Iddi vun der Gläichwäertegkeet an der Fräiheet vum Individuum an der moderner Gesellschaft. Haut gëtt kee méi an eng Duerfgemeinschaft gebuer, wou him seng Roll a Funktioun duerch Kierch, Gemeinschaft an Ierwe virbestëmmt goufen. Den Eenzele soll haut fir seng Stellung an der Gesellschaft schaffen. Hie soll an der Schoul schaffe fir gutt Notten ze kréien, soll duerno schaffe fir e gudde Job, deen dann och déi verdéngten, well erschafften Unerkennung mat sech bréngt. D'Aarbecht bleift deemno ee vun deenen Haaptstrukturéierungselementer an eiser moderner Gesellschaft.

Ass d'Corona-Kris deemno eng Chance, wéi vill Leit hoffen, fir eist Verhältnis zur Aarbecht grondsätzlech ze iwwerdenken? Un de beschriwwene grondsätzleche Strukture wäert den Teletravail oder déi opgezwongen Zäit am Confinement oder nei Appreciatioun fir verschidde Beruffsgruppe wuel kaum eppes änneren. Heifir bräicht et scho méi eng grondsätzlech Kritik un eisem Aarbechtsbegrëff. Ee Beispill heifir wier dem Paul Lafargue seng Schrëft aus dem Joer 1880 "Le droit à la paresse", also dem "Recht op Lidderegkeet", an deem hien den Aarbechtsbegrëff vu senger Zäit grondsätzlech kritiséiert. Hie stellt dem Recht op Aarbecht hei d'Recht op Lidderegkeet géigeniwwer, net andeem hie fir méi Lidderegkeet plädéiert, mee andeem hien déi "kapitalistesch Moral" als jämmerlech Kopie vun enger chrëschtlecher Moral identifizéiert a verurteelt: Den Aarbechter soll schaffe fir sech ze verwierklechen, fir méi ze produzéieren, gëtt awer ëmmer méi aarm an zur Maschinn fir eng Produktioun. D'Aarbecht fungéiert heibäi als nei Ersatzrelioun, déi fir de Mënsch Orientéierung a Strukturéierung bitt.

Wéi eng Alternative ginn et?

200 Joer méi spéit gëtt et zwar nach ëmmer kee Recht op Lidderegkeet, dofir awer den Usproch fir eng Aarbecht ze fannen, déi als sënnvoll erlieft gëtt. Dobäi huet d'Corona-Kris op d'mannst dozou bäigedroen, fir all déi Beruffer, déi besonnesch no um Mënsch dru sinn, virun allem u senge Grondbedierfnisser: den Infirmièren, de Verkeefer am Supermarché, de Soignanten, asw. op d'mannst moralesch méi Wäertschätzung entgéintzebréngen.

Wann et dogéint drëm geet eis Astellung zur Aarbecht grondsätzlech ze iwwerdenken, net just als Mëttel fir Suen ze verdéngen, mee och als Strukturéierungsinstrument fir d'Organisatioun vun der Gesellschaft, oder als perséinlech Orientéierungshëllef fir anzwousch dozou ze gehéieren, oder als Aarbechts- a Konsumgesellschaft, vun der Schoul bis hin zur globaliséierter Wirtschaft, da géif dat bedeiten, datt et net duer geet vun der 40-Stonne-Woch op eng 30-Stonne-Woch ze goen. Et muss ee sech villméi froen, wéi eng Alternativen et zur Iddi vum funktionéierenden Aarbechter als produktive Member vun eiser Gesellschaft ka ginn.