Radioen

On air

Resonanzen  |  Ernest Tomlinson - Light Music Suite, I. Pizzicato Humoresque - Slovak Radio Symphony Orchestra, Ernest Tomlinson (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat ass deen s bei enger Form wéi "ob s de gees"?

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Wat ass deen s bei enger Form wéi "ob s de gees"?

Thema ass haut: deen ominéisen s bei engem Saz wéi "ob s de gees" oder "wann s de wëlls". Wat ass deen s a wou kënnt en hier? Mir froe bei der Caroline Döhmer vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire no.

auto_stories

3 min

Simon Larosch: Den Thema ass haut: deen ominéisen s bei engem Saz wéi "ob s de gees" oder "wann s de wëlls". Wat ass deen s a wou kënnt en hier?

Caroline Döhmer: Bei dësem s handelt et sech souzesoen ëm eng Kopie vun der Verb-Endung.

Wat gëtt dann do kopéiert?

E Verb huet bei engem DU als Sujet d'Endung s: laachen, du laachs; froen, du frees. Duerch eng Inversiounsstellung wéi bei der Fro "Laachs de?" oder "Frees du?" réckelt den s esou no bei de Pronomen, datt dës quasi eng Eenheet bilden: (laach) sde oder (free) sdu. De Pronom gëtt da quasi mat der Form "sde/sdu" ofgespäichert an an en neie Saz-Kontext agesat.

Dës Eenheet fënnt een dann och op eemol am Niewesaz erëm, wou d'Verb guer net méi do ass, respektiv op enger anerer Plaz: kanns de kommen? an elo och: wann s de kënns.

Mir hunn also eng Verb-Endung kopéiert, déi elo iergendwéi mam Pronome verschmëlzt an elo hänkt se tëscht der Niewesazaleedung an dem Pronomen. Wéi am Saz: ob s de gees. Deen s ass dann eng direkt Kopie vun enger Verb-Endung, déi eng Kéier virum du respektiv de stoung.

Déi huet sech do verfestegt an ass bei dëser Zort vu Saz och obligatoresch. Ech wollt wëssen, wéini de kënns - dat ass definitiv e falsche Saz, well hei dee klengen s feelt: "Ech wollt wëssen, wéini s de kënns."

Dee klengen s fanne mer net just bei kuerze Subjunktioune wéi ob oder datt, mee och bei laangen Niewesazaleedungen: a wéi eng Richtung s de fiers oder wéi ee Buch s de lies. Och hei gëtt de Saz falsch, wa mer dee klengen s ewechloossen: wéi ee Buch de lies.

Eng weider Opfällegkeet an deem Beräich ass, datt mer dat Phenomen och bei der 1. an 3. Persoun Pluriel hunn. Hei ass et awer net obligatoresch an et kënnt och vill méi restriktiv vir. Dat ass da bei Sätz wéi "datt e mer dat maachen" oder "ob en se schonn do sinn". Dee klengen "en" oder mat der n-Reegel just "e" ass dann och eng Kopie vun der Verb-Endung, déi um Sujet peche bliwwen ass. Dat ass awer wéi gesot méi selten an eben och fakultativ. Dësen en kann och just u ganz kuerz Niewesazaleedungen drugehaange ginn.

Ass dat eppes, wat et speziell am Lëtzebuergesche gëtt?

Nee, dat gëtt et effektiv och am Flamänneschen oder am Bayreschen! Ech ka weder déi eng nach déi aner Sprooch richteg gutt, mee am Bayresche wier dat eppes à la "wennsd mogsd", Standarddäitsch: wenn du magst. Hei gëtt dann natierlech d'Endung sd kopéiert, well dat hir Verb-Endung ass vun der zweeter Persoun Singulier.

Dee Phenomen huet do awer dacks kleng Ofwäichunge par Rapport zum Gebrauch am Lëtzebuergeschen. Bei kuerze Vergläichsforme gëtt am Bayresche beispillsweis keen "st" gesat. Mee am Lëtzebuergesche muss ee soen: méi grouss wéi s du. An net: méi grouss wéi du.

An deen s ass quasi just duerch eng falsch Interpretatioun vun engem Pronomen an enger Verb-Endung entstanen!

Et kléngt elo vläicht ganz komplizéiert, mee grad bei Niewesätz mat DU maache mer dat all Dag!

Maja, wann s de mengs!