Radioen

On air

Notturno  |  Rosali - On Tonight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat ass déi moralesch richteg Handlung?

Aus den Archiven

Wat ass déi moralesch richteg Handlung?

Kann ech erausfannen, wéini eng Handlung déi moralesch richteg ass? Gëtt et esou eppes wéi universell gülteg moralesch Wäerter, un deenen ech mech a mengem Alldag orientéiere kann, oder ass alles ëmmer nëmme relativ? E Bléck an d'Philosophie verréit, datt eng kloer Äntwert op dës Froen net ëmmer einfach ze fanne ass, an datt de Problem eventuell enzwousch ganz anescht läit.

auto_stories

7 min

Haut den Owend ginn ech am Bistro e Patt zum beschten. Ech sinn nämlech gutt gelaunt, well ech mir ee flotten Elektroauto bestallt hunn. Ech hunn eppes fir mäi moralescht Gewësse gemaach a gi vum Papa Staat dofir och nach mat enger zolitter Primm belount. Na ja. Déi Primm kéint ech zwar gutt gebrauchen, mee ob ech wierklech dat moralesch Richtegt gemaach hunn, steet op engem anere Blat.

Ëmmerhi sinn déi Elektroautoe jo net wierklech esou ëmweltfrëndlech, wéi ëmmer gesot gëtt, well iergendwou muss de Kobalt an de Lithium fir d'Batterie jo hierkommen, an iergendwellech Leit mussen déi jo och iergendwou aus dem Buedem gruewen. Wier et fir mäin moralescht Gewësse vläicht dach besser, ech géif mat menger aler Dieselklunsch - trotz de relativ héije Schadstoffemissiounen - weiderfueren?

D'Ausgangsfro hei ass also d'Fro, wat eng bestëmmten Handlung zu enger moralesch richteger oder gudder Handlung mécht. Gëtt et iwwerhaapt déi eng moralesch richteg Handlung? A weider gefrot: Gëtt et vläicht esou eppes wéi "moralesch Wäerter", un deenen ech mech orientéiere kann? A gëtt et vläicht och esou eppes wéi eng "moralesch Erkenntnes", also iergend eng Méiglechkeet, déi et mir erlaabt erauszefannen, wat, wéini déi moralesch richteg Decisioun ass?

Moral: An enger Communautéit definéiert?

Vläicht leien d'Äntwerten op eis Froe jo schonn am Begrëff vun der "Moral" selwer. Dat laténgescht Moralis, wat souvill bedeit wéi "Sitte", spéider och ethos also "Gewunnecht", bezeechent vereinfacht ausgedréckt ee System vun Normen a Wäerter, déi innerhalb vun enger Communautéit oder Kultur dat mënschlecht Zesummeliewe reegelt.

Vun zwou Handlungsoptiounen déi ech hunn, wier hei déi Optioun déi moralesch richteg, déi net géint den etabléierte Wäertekanon verstéisst. Een einfacht Beispill: An mengem Quartier, dem Quartier Wobrécken an Esch, mécht ee sech moralesch ugräifbar, wann ee säin Hond an de Virgäertche vum Noper pisse léisst. An eisem Moralkanon gëtt et nämlech de Wäert vum Respekt virun der Propretéit vun eise Virgäertercher. Lo ginn awer och vill Leit aus dem Nopeschquartier Lalleng bei eis mat hirem Hond Gassi. A si loossen hir Hënn ëmmer bei eis an de Virgäertche pissen, well si an hirem Moralsystem de Wäert vun der Propretéit vu Virgäertercher net kennen an deemno aus hirer Vue och näischt moralesch Falsches gemaach hunn.

Nach méi schlëmm sinn awer d'Leit aus dem Quartier Brill, déi dofir bekannt sinn, datt si alleguerten den Nietzsche gelies hunn an als ausgewisen Amoralisten express mat hiren Hënn bei eis an d'Virgäertercher kommen.

Eng Moral fir jiddereen ass onméiglech

Dëst Beispill weist, datt eisen éischten Erklärungsusaz - moralesch richteg ass, wat sech un de moralesche Wäerter vu menger Gesellschaft orientéiert - vill ze kuerz gräift. Et besteet de Risiko vun engem ethesche Relativismus, also enger Opfaassung, datt et eng Onmass vu moralesche Wäerter a Prinzipie gëtt, déi gläichberechtegt niewentenee stinn, sech souguer widdersprieche kënnen, an ëmmer nëmmen eng gewësse Gültegkeet hu fir eng bestëmmte Grupp vu Leit. Ee moralesche Wäert, dee fir alleguerten d'Mënschen eng universell Gültegkeet huet, ass aus dëser Perspektiv eraus also quasi onméiglech.

Mee wat wier, wa mir einfach emol unhuelen, et géif dach ee moralesche Wäert ginn, dee fir d'ganz Mënschheet gëllt. Dëst ass jo an eisem Beispill vun den Diesel- an Elektroautoen de Fall. A béide Fäll gëtt mat dem selwechte Wäert argumentéiert, nämlech deem vun der Protektioun vun eiser Ëmwelt. An dësem Kontext wier also da wahrscheinlech déi Handlungsoptioun déi moralesch richteg, déi am kohärentsten argumentéiert a virun allem begrënnt gouf.

Eng Fro vun den Argumenter

Wa mir elo dëse Begrënnungsversuch bei eisem Autosbeispill analyséieren, da komme mir op folgend Resultat: D'Vertrieder vum Elektroauto observéieren, datt eise Planéit kuerz virum Kollaps steet. Si beruffe sech op wëssenschaftlech Etüden, déi dëst beweisen an d'Ofgasemissioune vun engem Diesel droen zur Zerstéierung vum Planéit massiv bäi. Dofir solle mir all Elektroautoe fueren.

Déi aner Säit argumentéiert ähnlech. Och si beruffe sech op déi wëssenschaftlech noweisbar Tatsaach, datt eise Planéit derbäi ass futti ze goen. Den enorme Besoin un natierleche Ressourcë fir d'Hierstellung vun Elektroautoen dréit zur Zerstéierung vun eisem Planéit massiv bei. Dofir solle mir weider mat eisen normalen Autoe fueren.

Béid Säiten argumentéieren an hirer Begrënnung identesch. Allebéid beschreiwe si ee fakteschen Zoustand ("Eise Planéit ass wierklech schlecht drun"). An allebéid zéie si dorausser een normativ wäertenden, also ee moralesche Schluss: Well eppes esou ass, muss oder soll dëst oder dat geschéien.

Déi philosophesch Äntwert

Wéi eng Begrënnung ass dann elo déi richteg? A grad hei erwächt den David Hume, illustere Skeptizist aus dem 18. Joerhonnert, aus sengem Déifschlof a postuléiert emol einfach esou, datt béid Begrënnunge falsch sinn, well een nimools vun enger Tatsaachen-Ausso op eng Sollen-Ausso ka schléissen. Dat bekannten Hume'sche Gesetz also, wat eis bei eisem Problem hei déi ganz Saach nach eng Kéier méi verkomplizéiert.

A fir nach een dropzesetze melle sech dann nach e puer weider Philosophen, déi sech gären als kritesch Rationaliste bezeechnen, an déi seriö Bedenken umelle bezüglech der Méiglechkeet vun enger allgemeng gülteger Leschtbegrënnung. Fir si weist nämlech villes dorops hin, datt bei all Versuch eng lescht Begrënnung ze fanne sech ëmmer erëm dës Begrënnung a Fro stelle léisst, sou datt déi ganz Diskussioun an enger logescher Sakgaass, engem onendlechen Zierkel oder awer an engem toxkäppeschen Dogmatismus endegt.

Musse mir eis also domadder zefridde ginn, datt et esou eppes wéi déi moralesch richteg Handlung an universell gülteg moralesch Wäerter guer net gëtt? An datt et eis souwisou ganz onméiglech ass, eng och nëmmen usazweis schlësseg a befriddegend moralesch Erkenntnes ze formuléieren?

Wéi erkennen ech déi richteg moralesch Handlung?

Zum Gléck gëtt - och no all dëse skepteschen Awänn - keng Zopp esou waarm giess, wéi se gekacht gëtt. Vläicht hu mir bis elo d'Fro just vun engem falsche Bléckwénkel aus betruecht. Et gëtt duerchaus zwou Viraussetzungen, déi all Mënsch besëtzt an déi et him erlaben, déi moralesch richteg Handlung ze erkennen.

Dës Viraussetzunge sinn d'Vernonftbegabung - also dat, wat eis rational denke léisst - an esou eppes wéi een op Erfarung an Observatioun berouenden intuitive moralesche Sënn. Souguer d'Skeptiker vu virdru géifen eis hei Recht ginn. Zwar sinn dës béid Saachen net bei jiddwerengem gläich gutt ausgebilt a vläicht verweigert sech een Immoralist trotz besserem Wëssen einfach prinzipiell - well hien et kann a wëllt - där richteger Ausféierung; mee de Besëtz vu Béidem ass nëmme schwéier ze niéieren.

D'Äntwert op eis Froe vum Ufank läit deemno net an enger Diskussioun doriwwer op et universell Wäerter gëtt, an op mir d'Kompetenze fir eng moralesch Erkenntnes hunn, mee d'Äntwert läit eventuell an der Verfaasstheet vun eiser Welt selwer.

Gëtt et dat moralescht Richtegt?

Den dätsche Philosoph Theodor W. Adorno schreift an engem klengen Text folgende Saz: "Et gëtt kee richtegt Liewen am Falschen." Et ass ee Saz, dee souwuel eng positiv, wéi och eng negativ Informatioun transportéiert: Positiv wier deemno d'Ausso, datt et ee moralesch Falscht, awer dofir och ee moralesch Richtegt gëtt. Eng moralesch Erkenntnes ass also definitiv ginn.

Déi negativ Ausso aus dësem Zitat ass awer net manner interessant: De Problem gëtt doranner gesinn, datt et quasi ganz onméiglech ass, dës moralesch Erkenntnes och an eng moralesch richteg Handlung iwwergoen ze loossen an dëst, well dat Ganzt, also d'Welt, sou wéi mir se eis erschafen hunn, falsch ass. Mat "falsch" ass hei gemengt, dat déi gesellschaftlech, politesch an ekonomesch Musteren, déi eist Zesummeliewe strukturéieren, et deem Eenzelen onméiglech maachen, dat moralesch Richtegt ze maachen.

Hu mir iwwerhaapt genuch Handlungsspillraum?

Deemno kéint een zur folgender Schlussfolgerung kommen: Amplaz datt mir eis d'Käpp doriwwer aschloen, ob elo den Diesel- oder den Elektroauto déi moralesch richteg Optioun ass, misste mir vläicht als éischt emol froen, ob eis d'Verfaasstheet vun der Welt iwwerhaapt een ausräichend moralesch praktikablen Handlungsspillraum zur Verfügung stellt.

A falls dëst net de Fall sollt sinn, misst et dann net eng vun eisen éischte moraleschen Obligatioune sinn, un dëser Struktur eppes ze veränneren? Vläicht, wa mir dëst hikréien, da stelle sech eng ganz Partie vu moralesche Froen, mat deene mir eis haut sou intensiv beschäftegen, guer net méi.