Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Beck - Orphans

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat dierfe mer vergiessen?

Prisma

Wat dierfe mer vergiessen?

Den Debarquement an der Normandie gëtt nach ëmmer gefeiert, mee et ass net méi selbstverständlech, datt jiddweree weess, wat deen Dag genau passéiert ass. Fir déi eng ass dat schockéierend, well ee verschidde Saachen einfach muss wëssen. Fir anerer ass dat normal, well een net alles an Erënnerung kann halen. Den Thomas Koenig huet sech d'Fro gestallt, firwat den Ëmgang mat der Vergaangenheet net fir all Mënsch eng Evidenz ass.

auto_stories

6 min

Wat solle mir verhalen, a wéi solle mir et verhalen? Iwwerleeunge vum Thomas Koenig

De 6. Juni, also leschten Donneschdeg, waren et 75 Joer, datt den D-Day stattfonnt huet. Fir déi meescht wäert dat jo nach e Begrëff sinn. Op alle Fall kéint een dat jo emol mengen. Mee wann een dann héiert, datt ëmmer manner Jugendlecher eng Ahnung hunn, wat den Holocaust iwwerhaapt war, da kann ee sech froen, ob den D-Day fir vill Leit iwwerhaapt nach e Begrëff ass.

D'Fro vun der Memoire

Also, ëmmer manner Leit wëssen, wat d'Shoah war. Da ginn ech dovun aus, datt d'Unzuel vun deenen, déi iwwer den D-Day Bescheed wëssen, nach méi kleng ass. Mee ass dat esou schlëmm, dat mam D-Day? Déi meescht vun Iech wäerte wuel net wëssen, datt de 6. Juni 1944 och de Schlussdatum vun enger Offensiv vun der Rouder Arméi a Rumänien war. Oder datt deen Dag och déi éischt Tallboy-Bomm vun de Briten agesat gouf - dobäi handelt et sech ëm eng Bomm, déi Äerdbiewe sollt ausléisen, fir zum Beispill Tunnellen ze verschëdden.

Gutt, déi zwee Fakten do wousst ech och net, bis ech elo mol am Internet gekuckt hunn, wat dann alles op dem 6. Juni 1944 passéiert ass. Dofir, zeréck béi d'Ausgangsfro: Ass dat esou schlëmm, wann een net weess, wat den D-Day war? Wéi ech an engem Lycée am Zentrum vum Land geschafft hunn, do hat ech Schüler, déi woussten net, datt d'Stad eng Festung hat. Déi hu just d'Gare kannt, d'Bus-Gare, an eben de Kierchbierg wéinst dem Kino. An elo schaffen ech an engem Gebai, wou een nach relativ vill Aschosslächer dra gesäit, mee fir de Gros vu menge Schüler schéngt dat awer keen Thema ze sinn, datt si net wëssen, duerch wat déi Lächer am Fong verursaacht gi sinn.

Datt Lëtzebuerg eng Festungsstad war, ass vläicht och net fir all Lëtzebuerger interessant; et kann ee wahrscheinlech och zefridde ginn ouni ze wëssen, wéi vill Festungsmaueren d'Stad hat. Enfin, soit, ech weess, wéi vill Maueren d'Stad emol hat, an ech kann awer elo net soen, datt déi Informatioun fundamental zu mengem Gléck bäigedroen huet.

Aus der Vergaangenheet léieren

Et ass jo flott ze wëssen, wou een hierkënnt, well een da vläicht d'Gefill huet, sech an enger Kontinuitéit ze befannen, an net einfach just en Mënsch ze sinn, deen iergendwa stierwe wäert op engem Planéit, deen iergendwann vun der Sonn wäert zerstéiert ginn an an engem Universum, an deem iergendwann eng Kéier all Liewe wäert ausgeläscht ginn. Bref, seng Geschicht ze kennen, kann engem vläicht d'Illusioun - nee, pardon, dat als elo ze vill zynesch - et kann engem vläicht den Androck ginn, datt d'Liewen net total absurd ass.

Gutt, do héieren ech da schonn déi éischt Awänn, déi mir soen, datt et jo net just ëm Gléck geet, mee och vläicht em Ongléck. Wa mir eis Vergaangenheet net kennen, da si mir dozou verdaamt, se ze widderhuelen. Dat huet ee jo schonn alles héieren.

Dat stëmmt jo och. Mee do stellt sech dann awer déi nächst Fro. Wéi léiere mir aus de Feeler vun der Vergaangenheet?

An Däitschland zum Beispill gëtt et jo nach ëmmer Nazien, obschonns dat déi eng Kéier do net wierklech gutt ausgaangen ass fir Däitschland. Respektiv si jo ëmmer manner Jonker do, déi wëssen, wat genee den Holocaust war, obschonns dat en Thema ass, wat an der Schoul behandelt gëtt.

Dat heescht, et ass net egal, wéi ee seng Vergaangenheet behandelt. Verschidde Saache bleiwen hänken, an anerer eben net.

Verschidde Saache schwätzen eenzel Leit ebe méi un wéi anerer. Respektiv kann ee jo d'Leit och endoktrinéieren, oder esou eppes wéi e "Récit national" erfannen.

Nom Krich war et mengen ech fir ganz vill Leit ganz kloer, wien zu deene Gudde gehéiert huet, a wien net. Do war et da vläicht schonn heretesch, wann ee sech d'Fro gestallt huet, ob net och vläicht déi Alliéiert verschidde Saache verbrach haten. Haut ass et manner rar, datt emol een erwäänt, datt verschidde Stied an der Normandie oder an der Bretagne aus liiblosem Bëtong erbaut goufen, well d'Amerikaner déi Stied platt gemaach hunn. Dat kléngt dann e bëssen esou, wei wann déi "Gutt" net ausnamslos gutt gewiescht wieren. Sécher, Krich ass Krich, a fir ze mengen, datt am Krich all Mënsch sech géif moralesch behuelen, oder datt näischt zerstéiert géif ginn, ass wuel e bëssen optimistesch.

Interpretatioun

Dat ass dann och eng Fro vun de Generatiounen. Déi Leit, déi an den 1940er jonk waren, si vun den Amerikaner befreit ginn. Déi Leit, déi nom Krich jonk waren, also an den 1960er zum Beispill, déi hunn d'Amerikaner anescht erlieft wei déi Generatioun virdrun. An, naja, d'USA hu sech jo och an de leschte Joerzéngten net onbedéngt nëmmen doduerch illustréiert, datt hir Aussepolitik op Frëndschaft a Géigesäitegkeet berout. Dat erkläert da vläicht, firwat haut hier Aktiounen anescht diskutéiert ginn, wéi dat viru 70 Joer de Fall war.

Fir d'Generatioun vu menge Grousseltere war et och absolut kloer, datt 1914 déi Béis déi Däitsch waren. Ech gesinn dat haut vläicht e bësse manner schwaarz-wäiss, well d'Faarf brong a mengem Liewen och eng Manner grouss Roll hat wéi fir meng Grousselteren.

An, niewebäi bemierkt, fir elo net just ëmmer op den Amerikaner ronderëm ze fachen, et kéint och sinn, datt verschidde Stied a Frankräich vun de Brite bombardéiert goufen. Datt een dann awer emol direkt op d'Amerikaner facht, läit dann dans l'air du temps a berout net onbedéngt just op Fakten.

Mee zanter wéini interesséiert d'Geschicht scho Fakten, ne?

Fazit

An dat ass dann och de Fazit fir haut. Net just musse mir eis froen, wat mir wëlle verhalen, also wéi eng Fakten, mee mir mussen och kucken, wéi mir et verhale wëllen. Déi sowjetesch Offensiv vu virdrun, déi ass effektiv um 6. Juni 1944 op en Enn komm. Mee ass et elo drëm gaangen, Rumänien ze befreien, oder d'Nazien ze verjoen, oder Rumänien an den "evil empire" opzehuelen? D'Äntwert op déi Fro ass scho méi komplizéiert. Deemno wien Dir frot, ass Rumänien vun den Nazie befreit ginn, an an de Genoss vum Kommunismus komm. Deemno wéi kritt Dir awer och eng ganz aner Äntwert.

Also, nach emol: Wat solle mir da verhalen? Wat sinn déi wichteg Fakten, déi all Mënsch sollt kennen, fir am Liewen eens ze ginn, fir d'Feeler aus der Vergaangenheet net ze widderhuelen, oder einfach well et zu deem gehéiert, wat an dësem Eck vum Planéit zur Allgemengbildung gehéiert? An, an dat ass déi méi heikel Fro: Wéi solle mer et verhalen?