Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Brijean - Counting Sheep

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat war 1968?

Utopien a Kritiken

Wat war 1968?

Zënter den 1980er Jore schéngt et fir ëmmer méi Leit kloer ze sinn, datt et keng Alternativ zum ekonomesche Wuesstem an zur Ausbreedung vum ekonomeschen Denken op all d'Beräicher vun eisem Liewe gëtt. Wa mir 50 Joer, op 1968 zeréckkucken, entdecke mir eng Welt voller Alternativen, voller Méiglechkeeten. Eng Welt an där den ekonomeschen Integrismus genee esou kritiséiert gouf, wéi seng politesch a sozial Institutiounen. An et blouf och net bei de Kritiken. D'Utopië sollten och erëm konkret ginn. 68 steet fir eng Zäitperiod vun enger beandrockender Diversitéit an erstaunleche Konvergenzen.

auto_stories

5 min

Thierry Simonelli

Am September 2017 huet d'Zeitung The Guardian e längeren Artikel iwwert de lëtzebuergeschen Investissement an de Spacemining publizéiert. Den Titel vum Artikel: "Wéi e Steierparadäis d'Course ëm d'Privatiséierung vum Weltraum leed".

An deem Artikel fënnt een esou amüsant a kritesch Sätz wéi: "Lëtzebuerg wëllt seng winzeg ierdesch Sëtzstaang dozou benotzen, fir de Kapitalismus an de Weltall ze schécken". Am Ganze proposéiert den Artikel eng haart Kapitalismuskritik; mee eng Kritik mat enger erstaunlecher Conclusioun, a Form vun enger Fro: Wou wier wuel sou e klengt Land wéi Lëtzebuerg drun, wann et keng sou dubios Nischepolitik bedreiwe géif?

Trotz aller Kritik de gewinnte Collaboratiounscredo: Et gëtt keng Alternative.

Mee wat ass eng Kritik wäert, déi vun der Iwwerzeegung ausgeet, datt et souwisou net anescht kéint sinn? Kritik ass da just nach eng konsequenzlos Stilübung, en eidelt Spill mat Wierder fir intellektuell Gourmeten.

Wat gouf a Fro gestallt?

1968 war vläicht dat lescht Joer bis elo, wou eng international Beweegung entstanen ass, déi mat der Kritik am grousse Stil eescht maache wollt. Dofir bleift 1968 haut sou wichteg wéi jee. Well 68 steet fir d'éischt emol fir de Wonsch alles ze kritiséieren.

68 goufe radikal Froe gestallt: Froen iwwer de Kapitalismus, iwwer de Sozialismus, de Kommunismus an d'Sozialdemokratie, iwwer Politik am Allgemengen, an iwwer d'Universitéits- a Schoulpolitik am Besonneschen, iwwer Imperialismus, Kolonialismus, a virun allem iwwer den Vietnamkrich.

Den Alldag an de Gesellschaften vum Spéitkapitalismus gouf a Fro gestallt, genau sou wéi d'Verhältnisser tëscht Mann a Fra, genau sou wéi déi sozial a reliéis Institutioun vun der Famill.

An et goung bei all deem net nëmmen ëm Kritik. Et goung och drëms ze versichen, mat méi oder wéineger Erfolleg, déi eenzel Verhältnisser an, firwat net, d'Gesellschaft am Ganzen ze veränneren.

"Et gëtt keng Alternativ"; dat koum eréischt en den 80er Joren. A souzesoen als vläicht definitive Siegeszug vun Allem wat 68 nach kritiséiert gouf. Well vill vun de Kritike vun 68 stinn haut nach, sinn haut nach aktuell.

"Alle können denken; huet et 68 geheescht, nur bleibt es den meisten erspart."

Oder: "Maacht futti, wat iech futti mécht."

Oder: "Arbeitskraft, nein danke!"

Nach ëmmer déi selwecht Froen

Eng vun deene ganz allgemenge Grondfroen, vun deene radikale Froen, déi mir eis haut erëm intensiv stellen, ass zum Beispill déi, wéi de Kapitalismus selwer, an all déi sozial Verhältnisser déi dorop baséieren, ze depasséiere sinn. Eng vun de Froen an deem Kontext ass déi vum "Enn vun der Aarbecht", eng Grondfro vum Sozialismus, a vun enger anerer Gesellschaftsform an där et drëm geet säi Liewen net domat ze verléieren et ze verdéngen.

Mee och méi spezifesch Froen, wéi déi vun der Bildung op de Schoulen an Universitéite schéngen haut nach net wesentlech anescht ze si wéi déi, déi 1968 gestallt goufen. An hirem Buch "Mai 68: une répétition générale" vun 1968, kritiséieren den Daniel Bensaïd an den Henri Weber d'"programmes académiques [...] surannés" an d'"pédogogie autoritaire et démente" an de Schoulen an den Universitéiten. "Tout était à revoir".

D'Universitéiten, sou de Bensaïd an de Weber, goufe vun enger Bourgeoise reforméiert déi dorop aus war Spezialisatiounen ze rentabiliséieren. D'Universitéite sollten eng Main d'oeuvre produzéieren, Studenten zu Techniker maachen, déi just nach iwwert e spezialiséiert Wësse verfügen, a just nach zu enger fragmentéierter Aktivitéit fäeg sinn, blann géigeniwwer den ekonomeschen Zesummenhäng.

Ass dat haut wierklech anescht? Wat sech sécher geännert huet, ass datt bal kee méi do ass, fir sou Orientatiounen ze kritiséieren.

Retour vun der "Kritescher Theorie"

68 dat war och de grousse Retour vum Marx, a vum Freud.

An Däitschland war et och de Retour vun den Artikulatiounsforme vun dësen Auteuren, déi aus den 30er a 40er Jore staamt: déi vum Freudomarxismus. Virun allem an der Form vun der "Kritescher Theorie" vum Max Horkheimer, Theodor Ardono, Erich Fromm an Herbert Marcuse.

A Frankräich huet am Denken en anere Wand geblosen: dee vum Strukturalismus. Denker wéi de Philosoph Louis Althusser an de Jacques Lacan ënnerzéien de Marx an de Freud enger strukturalistësch-linguistescher Lektüre. An alle béid presentéiere si hir Iddie mat engem, aus haiteger Siicht, erstaunleche Pathos: All d'Lecteuren, Kommentatoren, d'Interpreten déi bis elo iwwert de Marx an de Freud geschriwwen a geschwat hunn, hu sech geiert. Eréischt si, déi Paräisser Strukturaliste weisen der Welt wat de Marx an de Freud wierklech eraus fonnt hunn. Och hei radikal Froen ... a radikal Stellungnamen.

Hei gesi mir dann och schonn e puer vun deene Widderspréch déi 68 och charakteriséieren.

"Maîtres-à-penser"

68 war zwar de Moment vun der Kritik un allem, mee et war och de Moment vun de "Maîtres-à-penser", de Meeschterdenker, wéi se a Frankräich genannt goufen.

E Mâitre-à-penser ass net just en Enseignant, e Professer, e Spezialist mat Expertewëssen. En Maître-à-penser ass een, deen engem bäibréngt wéi een ze denken huet, wéi ze verstoen ass an ze deiten ass. En Maître-à-penser huet eppes vun engem Mentor, oder besser nach, vun engem charismatesche Guru.

D'Virliesunge vum Jacques Lacan goufen an de 60er Joren zu engem mondäne Spektakel, wou honnerte vu Leit sech gedréckt hunn, fir eng Plaz ze kréien.

An Däitschland war dat net anescht. Aus dem Philip Felsch sengem flotte Buch - "Der Lange Sommer der Theorie" vun 2015 - gi mer gewuer wéi eng quasi reliéis Adoratioun dem Th. Adorno zudeel ginn ass.

An de Philosophie-Course vum Max Horkheimer am Theodor Adorno souze bis zu 150 Studenten. Um Adorno senger leschter Virliesung, am Summer 1969, hunn 1.000 Studenten deel geholl. A wann den Herbert Marcuse aus Amerika koum, da stoungen d'Leit zu Dausenden an der Schlaang.

1968 war de Moment vum Protest, vun de Revolten a vum Generalstreik. Mee et war och dee vun der Theorie. De Moment vun de Froen, vun de Kritiken, a vun de konkreten Utopien.

Déi verschidden Aspekter kucke mir eis an den nächsten Emissiounen un.