Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Jane Penny - Beautiful Ordinary

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Waterblitz: "Wëssenschaftler fir een Dag"

Wëssenschaft

Waterblitz: "Wëssenschaftler fir een Dag"

Wéi vill Nitrat- oder Phosphatwäerter sinn an de Gewässer hei zu Lëtzebuerg? A wou kéinten eventuell Pollutiounssourcë sinn? Mam Projet Waterblitz soll dat erausfonnt ginn.

auto_stories

2 min

Et ass e participative Projet, bei deem jiddwereen, deen interesséiert ass, ka matmaachen. Bis de 15. September kann ee sech iwwer dëse Link registréieren. Duerno kritt een e sougenannte Waassertestkit heem geschéckt. Domat kann een dann den Nährstoffgehalt an de Gewässer tëschent dem 20. an dem 23. September moossen.

Daten ausliese per App

De Waterblitz-Projet ass Deel vum Programm Nexus Citizen Science vun der Universitéit Lëtzebuerg. D'Zil dovun ass et, mat interesséierte Gruppen aus Lëtzebuerg respektiv de Biergerinnen a Bierger ze kollaboréieren. D'Donnéeën, déi dobäi erauskommen, kann een iwwer d'Fresh Water Watch Applikatioun direkt eroplueden.

Eng Applikatioun, déi ee sech op sengem Smartphone gratis kann eroflueden. Heibäi kann een d'Donnéeën direkt op der Plaz aginn an och eroplueden.

Et kann ee sech awer och e Formulaire eroflueden, D'Donnéeën notéieren a spéider iwwer Internet op der Säit vum Earthwatch Institute androen.

E kompletten Iwwerbléck iwwer d'Nährstoffer

Zil vum Projet wier et, esou de Karl Pickar, Doktorand op der Uni Lëtzebuerg, sou vill wéi méiglech Donnéeën ze sammelen an en Iwwerbléck iwwer d'Nährstoffer ze kréien, déi an de Gewässer sinn. "Wann héich Nitrat- a Phosphatwäerter am Waasser dra sinn, bilde sech méi Algen a Planzen, déi dem Waasser Sauerstoff entzéien. Den Ekosystem ass dann net méi am Equiliber."

En Iwwerbléck iwwer d'Pollutioun kréien

Et wier e Sujet, deen all Mënsch géif concernéieren, esou de Karl Pickar. "Déi ganz Thematik vun der Waasserqualitéit ass esou komplex. Do mussen d'Bierger mat agebonne ginn." Nom Weekend ass et och jiddwerengem fräi zougänglech kucken ze goen, wéi d'Donnéeë vun de Gewässer ausgefall sinn.

D'Wëssenschaftler aus Lëtzebuerg, esou wéi aus de Stied London, Dublin a Paräis, déi och beim Projet matmaachen, wäerten d'Donnéeën aus. Si erhoffe sech doduerch méi Erkenntnisser iwwer den Nährstoffgehalt an de Gewässer ze kréien an esou erauszefannen, ob a wéi héich d'Pollutioun an de Gewässer ass.