Radioen

On air

Tockcity  |  The Snuts - Millionaires

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ We reclaim our university!

Belval

We reclaim our university!

Eng Klinik amplaz vun enger Uni. Eng Retortestad amplaz vun engem nohaltege Campus. Dat ass d'Resultat vun der jorelaanger Topdown-Approche vum Fonds Belval um Site vun der Héichuewenterrass. Mee lo setzen d'Enseignants-chercheurs an d'Studenten de Punkt op den i.

auto_stories

6 min

Den Denis Scuto virun der Kuliss vu Belval

Eng Uni, op d'mannst déi, an deenen ech studéiert, respektiv Konferenze gehalen hunn, besteet aus Gebaier, där hir Bannewänn mat souvill Plakater zougepecht sinn, déi op Konferenzen, Manifestatiounen, Petitiounen, sportlech a kulturell Aktivitéiten hiweisen, datt een heiansdo mengt, d'Gebaier géifen eigentlech duerch déi Plakater zesummegehale ginn. All Uni, ausser déi zu Belval - well do ass net d'Uni, mee de Fonds Belval Chef an do dierfe weder Enseignante nach Studente Plakater oppechen.

Wann een duerch d'Maison du savoir duerch d'Gäng geet, mengt een all Moment, et kéint e Patient mat engem Baxter engem entgéint kommen. E kalen, onperséinleche Kader, deen en plus net déi dierfe gestalten, déi se notzen, also d'Personal an d'Studenten a Studentinne vun der Uni. An hei sollen ënner anerem Enseignante forméiert ginn, déi de Kanner Loscht op Léiere solle vermëttelen. Dobäi gehéiere Bildungsreim, wou ee sech wuelfillt, wou ee selwer ka matgestalten. En Hohn.

Mol keng Wiss fir ze setzen

Eise Campus op der Héichuewenterrass ass wahrscheinlech och ee vun den eenzegen op der Welt, wou tëscht de Gebaier net eng Wiss ass, wou Studenten sech kéinte setzen. Retortestad, huet eng Zeitung den Unissite genannt. Wien d'Artikelen an der Press déi lescht Woche suivéiert huet, weess jo an der Tëschenzäit, datt eis Studentinnen a Studenten an Enseignants-chercheurs logescherweis sech op deem Campus net kënne wuelfillen, dee weder Wiss, nach eege Raim, nach eege Gestaltungsfräiheet virgesäit.

"Belval gehéiert eis", heescht dofir d'Initiativ, déi d'Unisprofessorin Zara Anwarzai mat Studenten an d'Liewe geruff huet. Si hat 25 Plakater opgehaangen, fir zu enger Diskussioun doriwwer anzelueden. Just dat op der Dammentoilette ass hänkebliwwen.

Fréi genuch war gewarnt ginn

Ech wéilt hei och un all déi Stëmmen erënneren, déi schonns zënter 10 Joer virun där Entwécklung gewarnt hunn.

  • An der Uni-Newsletter vu Mee 2008 (!) hunn d'Professeren Théid Faber, Christian Schulz an ech selwer, geneesou iwwregens wéi d'Regionale Sud vum Mouvement écologique, virdru gewarnt, datt net nëmme wichteg Zeie vun der Industriekultur ofgerappt ginn, mee och déi ganz Fläch vun der Héichuewenterrass ëmmer méi zoubetonéiert géif ginn.
  • A sengem Konzept fir Belval, deen de François Schuiten fir de Fonds Belval 2004 entworf hat, huet dëse bekannte BD-Auteur an Zeenograph fir eng "coulée verte" op Belval plädéiert: "une coulée verte constituée de plantes et d'arbres taillés, comme un jardin à la française, avec des zones d'herbe (où l'on pourra s'étendre, les Hauts Fourneaux juste au-desus de nous). (...) Nous pourrons le traverser rapidement, mais aussi nous balader en paressant." De Fonds Belval huet et fäerdeg bruecht, de Géigendeel aus der Héichuewenterrass ze maachen. Eng Retortestad aus Steen, Glas an Hightechmaterialien amplaz eng "coulée verte".
  • Den Highway war e wichtegen Deel vum geplangte Jardin suspendu, wou ebe grad Studenten, Fuerscher, an all déi, déi op Belval kommen, sech kéinten hisetzen a flanéieren, wéi op der High Line zu New York. Mee dëst Kärstéck nieft den Héichiewe gouf einfach vum Fonds Belval ofgerappt. Onfassbar.
  • An de PR-Schrëfte vum Fonds Belval gëtt sech permanent op déi wichteg Roll vum historeschen Ierwen an der industrieller Aarbecht um Site beruff. Mee déi fréier Aarbechter vu Belval, déi sech virun zéng Joer an der Amicale des Hauts Fourneaux zesummegedoen hunn, goufen net mat agespaant, an am Géigendeel higehalen an ausgetrickst, am Kader vun enger skandaléiser Salamitaktik. Am Moment si weider wichteg Elementer vum Industriedenkmal, wéi d'Gasleitungen a Gefor.

D'Uni Belval gehéiert eis!

Et soll also keen haut kommen a soen, déi urbanistesch a politesch Responsabel wieren net mat Zäite virun der Banaliséierung vun dësem eenzegaartege Site gewarnt ginn. Banaliséiert duerch Planer vum Fonds Belval, déi dat Wichtegst déi ganz Zäit vergiess hunn.

An zwar, datt d'Gebaier an den Areal vun der Uni op der Héichuewenterrass net hinne gehéieren, mee deenen, déi do schaffen a léieren: fréier Dausende vu Stolaarbechter, Beamten an Ingenieuren an haut Dausende vu Studenten, Studentinnen, Fuerscher a Fuerscherinnen. Ewech mat där Topdown-Approche, d'Uni Belval gehéiert eis. We reclaim our university. A mir huelen eis se och elo!