Radioen

On air

De Moien  |  D’Eemaischen: hir Geschicht an hiert Symbol

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alphabetiséierung an der Schoul: Defien a Léisungen

Webinaire

Alphabetiséierung an der Schoul: Defien a Léisungen

Wéi een Afloss huet déi fréikandlech Sproochefërderung op d'Alphabetiséierung a brauch et Alternativen? Doriwwer hu mir am Webinaire diskutéiert, deen de radio 100,7 Zesummenaarbecht mam SCRIPT organiséiert huet.

auto_stories

5 min

Ronderëm d'Alphabetiséierung stelle sech vill Froen. Wéi een Afloss huet déi fréikandlech Sproochefërderung op d'Alphabetiséierung?

Brauch et weider Alternativen an der ganz diverser Lëtzebuerger Schoullandschaft? Wat fir e Rôle spillt d'Lëtzebuergesch?

Wat kréien d'Enseignanten an hirer Formatioun mat op de Wee fir d'Alphabetiséierung ze begleeden?

Alphabetiséierung op anere Sproochen

Traditionell geschitt d'Alphabetiséierung an der Lëtzebuerger Schoul op Däitsch, dobäi ass ee vun de Paradigmen d'Bréckefunktioun vum Lëtzebuergeschen am Cycle 1. Donieft ginn et awer an der ëffentlecher Schoul och haut schonns Alternativen, nämlech am Europaschoulsystem.

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet viru kuerzem an engem Interview mat der Wochenzeitung "D'Lëtzebuerger Land" gesot, datt eng Alphabetiséierung op Franséisch och an der traditioneller Schoul keen Tabu méi dierft sinn, an datt se a verschiddene Schoule vum Fondamental soll ugebuede ginn.

An den internationale Schoulen mat europäeschem Programm ass esou eng Alphabetiséierung haut scho méiglech. Mee wéi eng Léisunge ginn et nach?

Am Webinaire gouf analyséiert, wéi d'Prozesser vum Schwätzen-, Liesen- a Schreiwe-Léiere funktionéieren, wéi een Afloss déi fréikandlech Sproochefërderung op d'Alphabetiséierung huet, a wéi eng praktesch Challenge sech an den ënneschte Klasse vum Fondamental stellen.

Am Studio waren:

  • D'Caroline Hornung, Fuerscherin beim Luxembourg Center for Educational Training (LUCET) op der Uni Lëtzebuerg,
  • d'Sabrina Sattler, Fuerscherin beim Observatoire National de la Qualité Scolaire,
  • d'Sarah Scholtes, Enseignante am Cycle 2 zu Schëffleng
  • an de Philippe Kloos, Direkter vun der Direction de l'enseignement fondamental Suessem.

Zousätzlech hunn Expert:innen sech bäigeschalt.

Méisproochegkeet: schonn an der Crèche en Defi

Zanter 2017 ass schonn ee Programm vun der Education plurilingue fir ganz kleng Kanner am Gesetz niddergeschriwwen: all Crèche gëtt opgefuerdert, aktiv eppes um Niveau vun der Méisproochegkeet ze maachen.

All Crèche ass deemno gehalen, e Référent pédagogique ze designéieren fir deen Effort ze begleeden. De Service National de la Jeunesse bitt hei och eng Formatioun vun 30 Stonne fir esou Referenten un, déi ganz enk och mat den Elteren zesummeschaffen.

Et géife vill verschidden Approchë ginn, zielt de Pit Lutgen. Am Virdergrond géif d'Educatrice an den Educateur mat hire Virbildfunktioune stoen. D'Crèchë misste sech och ëmmer un d'Kand an un de Grupp upassen. Am Alldag géifen déi Erwuessen d'Kanner am Gebrauch vun de Sproochen encouragéieren.

Andeems déi Erwuessen hir Handlunge mat der Sprooch begleeden, géife si weise wéi Wieder op Gefiller, Situatiounen an Handlunge setzen. Sou kéinten d'Kanner dat verënnerlechen an opbauen, fir déi Wieder dann och am Alldag selwer ze gebrauchen.

Et ass wichteg, fréi unzefänken

Viru kuerzem war den Andreas Schleicher, OECD-Spezialist fir Bildung a Kompetenzen hei zu Lëtzebuerg fir e Rapport iwwer déi non-formell Educatioun vu klenge Kanner virzestellen.

Och hien huet nach eng Kéier ënnerstrach, wéi wichteg et ass, fréi unzefänken.

"Wir sehen ganz klar, dass die frühe sprachliche Förderung einen ganz entscheidenden Einfluss hat für den Eintritt in die Schule aber auch für spätere Schulleistungen und Leistungen im Leben. Es ist eine der entscheidenden Prädiktoren, wir lernen die Grundlagen der Sprachen in den allerersten Lebensjahren. Da ist die Schule schon teilweise recht spät dran".

Nodeems e Kand e Gefill fir d'Sprooch entwéckelt huet, sollt et direkt dono och léieren, wéi d'Liesen an d'Schreiwe geet. Dëst ass allgemeng keng einfach Saach, a fir verschidde Kanner ass dat nach vill méi schwéier, well si spezifesch Besoine beim Léieren hunn, seet de Marc Schmidt, Direkter vum Centre de Logopédie.

Fir déi Kanner wier et schonn am Cycle 1 kloer, datt si Problemer hu fir uerdentlech schwätzen ze léieren. Dacks wier Lëtzebuergesch net hir Mammesprooch - se missten also als éischt d'Sprooch léieren, am Cycle 2 géifen d'Problemer dann ufänken: d'Alphabetisatioun a Kombinatioun mat enger Sprooch, déi net hir stäerkste Sprooch ass, géif eng duebel Erausfuerderung fir dës Kanner duerstellen.

Alphabetiséierung ass och eng Erausfuerderung fir Enseignanten

Am Webinaire ass och doriwwer diskutéiert ginn, wat d'Enseignanten an hirer Formatioun mat op de Wee kréie fir d'Alphabetiséierung ze begleeden, grad ewéi aner Piste, déi den Educatiounsministère bei der Alphabetiséierung goe wëllt.

Et wier wichteg, datt d'Kanner déi geschwate Sprooch als Wieder wouerhuelen, seet d'Nancy Thackeray, institutrice spécialisée dans la scolarisation des élèves à besoins éducatifs particuliers ou spécifiques an der Nelly-Stein-Schoul zu Schëffleng. Dat wier de Grondstee fir d'Schreiwen iwwerhaapt ze léieren.

"Et geet drëms, datt ee sech der Bezéiung tëschent Laut a Schrëft Sprooch bewosst gëtt."

Et wier och wichteg, de Kanner Loscht op d'Sproochen ze maachen, ënnersträicht d'Flore Schank, Chef de Service adjoint vum Service Enseignement Fondamental am Educatiounsministère an institutrice attachée. Si huet sech intensiv mat der sproochlecher Bildung am Cycle 1 befaasst.

Well d'Kanner eng zousätzlech Sprooch léieren, déi onofhängeg vun där ass, déi se doheem schwätzen, géif se dat matenee verbannen.

"Fir den Enseignant an engem Cycle 1 ass et eng vun deene wichtegsten Rollen mat Bléck op déi sproochlech Heterogenitéit dass en ee Bréckebauer ass: dat Loscht maachen op d'Sproch gëllt esouwuel fir déi geschwaten, wéi fir déi geschriwwe Sprooch."