Radioen

On air

De Weekend  |  Francis Of Delirium - Who You Are

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ween hält mäi Satellit op Orbit?

Weltraum

Ween hält mäi Satellit op Orbit?

Op d'Fussball-WM a Brasilien oder d’Final vun den Australian Open am Tennis – datt mer iwwerhaapt vun esou Evenementer Biller op eiser Televisioun gesinn, verdanke mer Satellitten am Weltraum. Mat 53 geostationär Satellitten ass d’SES vu Betzder dee weltwäit gréisste Satellittenbedreiwer. Den Ingenieur Pascal Fellerich suergt dofir datt dës Satellitten op hirem Orbit bleiwen – och wann se an d'Pensioun ginn.

Jay Schiltz / ckl

auto_stories

6 min

E Satellit steet och ënner dem Afloss vu Sonn a Mound

Wéi eng Schrëtt sinn néideg fir e Satellit op Orbit ze schécken?

Pascal Fellerich: Dat ass eng ganz laangwiereg Geschicht. Fir d'éischt muss een e Businessplang hunn, well sou e Projet kascht immens vill Geld. Et muss ee mat 300 bis 500 Milliounen rechnen, jee nodeem wéi de Satellit ausgeluecht ass, inklusiv de Start. Den Investissement muss sech  lounen. An der nächster Etapp muss de Satellit designed ginn, jee nodeems firwat e gebraucht gëtt. Wann dat steet, da kënne mir bei Produzente goen an Devise maache loossen. A wann een sech doraus een ausgesicht huet, dann ass normalerweis schonn ee Joer vergaang.

Da kritt een den Zouschlag, zum Beispill Boeing, Lockheed oder Astrium, an da geet d'Konstruktioun lass. Dat dauert da rëm zwee bis dräi Joer. Wann dann nach d'Tester eriwwer sinn, da musse mir e Launcher fannen, een deen eis de Start mécht. En halleft Joer méi spéit gëtt en dann üblecherweis gestart. De Produzent betreit de Satellit meeschtens bis en op der Statioun ass. Da ginn do nach eng Kéier Tester gemaach, a wann dann alles klappt, wéi mir eis et virstellen, da gëtt de Satellit um SES iwwerginn. Bedriwwe gëtt en da vu Betzder aus, Princeton oder och Gibraltar, wou och Kontrollere sëtzen. 

Wéi kontrolléiert ee Satellitten?

Satellitte kontrolléieren ass éischter eng dréche Geschicht. Et ass op allefalls net sou wéi d'Leit sech dat oft virstellen: d'Ingenieure setzen net do mat engem Joystick an der Hand. Et gëtt stänneg gekuckt, wéi et dem Satellit geet. D'Temperatur gëtt gemooss, Stréim gi gemooss a Spannunge an et gëtt gekuckt, ob de Satellit richteg op d'Äerd weist.

Op wéi eng Manéier steet d'SES mat de Satellitten a Kontakt?

Iwwer déi grouss Antennen déi ee gesäit wann een zu Betzder laanscht d'SES fiert. Do gëtt et eng Antenn pro Satellit, eng Antenn déi dem Satellit nofiert. Iwwert déi Antennen iwwermëttelt de Satellit seng Miesswäerter un de Buedem. An iwwer déiselwecht Antenne kommunizéiert och d'SES vum Buedem aus mat de Satellitten, fir datt si verschidden Aktiounen ausféieren.

Wat geschitt wann e Satellit ofdreiwt? Kann dee rëm op Positioun bruecht ginn? 

Jo, an dat ass e ganz wichtegen Deel vum Job vun de Satellitekontrolleren. D'Satellitte befannen sech op engem Orbit, 36.000 Kilometer iwwer dem Äquator. Déi ginn do – vereinfacht gesot – ausgesat, kënnen sech awer fortbeweegen, doduerch datt d'Sonn an de Mound eng Unzéiungskraaft hunn. Déi Kräfte wierken net nëmmen op der Äerd op d'Gezeiten vum Mier, mee zéien och d'Satellitte lues a lues vun hirer Positioun ewech. Fir dat ze verhënnere gëtt vum Kontrollraum aus e Kommando un de Satellit geschéckt, fir datt hien ee bestëmmte Rakéitemotor benotzt an sech sou rëm an déi korrekt Positioun zeréckbeweegt.

Ass deem "Réckelen" keng Limite gesat? Déi Raktéitemotore verbrauche jo och Energie.

Genau. Et muss ee spuersam ëmgoe mat deene Motoren, well wann den Tank eidel ass, dann ass et eriwwer. Am Orbit kann een nämlech net notanken. Dat klengt erschreckend, ass et awer net, well mat engem Tank kann e Satellit 15 bis 20 Joer iwwerliewen. 

Wéi fillt een sech wann een all Dag mat Satellitten am Wäert vu 4 bis 5 Milliarden Euro hantéiert?

Do denkt ee guer net drun. Do mécht een dat wat een ugestallt gëtt, dat wat an de Prozedure steet. Dat ass alles genau definéiert. Et ass esou gesi guer net sou exitant, mee et dierf een och net an eng Routine oder Noléissegkeet verfalen. 

Wéi gëtt een eigentlech Satellitekontroller? Dat ass jo op allefalls net de klassesche Beruffswonsch an der Kandheet...

Nee, well wéi ech kleng war, war dat Thema Satellitten nach guer net aktuell. Et gëtt eigentlech keng Schoul fir Satellittekontrolleren. Mir kucke bei eise Recrutementer haaptsächlech no de Grondlagen, an dat si Mathematik a Physik, Informatik ass e Virdeel. De Rescht léieren d'Leit direkt bei eis. 

De Pascal Fellerich ass Satellittekontroller bei der SES

Mat wat fir Geforen sidd Dir do uewe konfrontéiert? Wéi ass et mam Weltraumschrott?

De Risikofacteur Weltraumschrott gëtt et tatsächlech, mee ass um geostationären Orbit relativ kleng, am Verglach mat de niddregen Orbitten. Wann zum Beispill dovu geschwat gëtt datt Satellitten anenee knuppen, dann ass vu niddregen Orbitten Rieds. Datt muss e Manöver geflu ginn fir eng Kollisioun ze verhënneren, dat ass éischter rar. 

Wat kann engem Satellit u Panne geschéien?

Mir hunn eng Rei "virgesinne Pannen". Wann der zum Beispill e Fussballsmatch op der Tëlé kuckt an op eemol ass d'Bild fort, da kann dat, ënner Ëmstänn, och um Satellit hänken, och wa meeschtens eng Antenn de Problem ass. Et kann awer och sinn, datt e Verstäerkertube um Satellit den Déngscht quittéiert huet. Fir dee Fall hu mer dann e Back-Up. E Satellit kann een, wéi gesot, net optanken, an et kann een en och net flécken. Dat heescht, datt ee fir alles wat hien muss kënnen, ee Back-Up oder méi muss hunn. Wann also ee Verstäerkertube futti geet, da musse mir dem Satellit de Kommando ginn, fir deen Tube ze ersetzen. 

Wat geschitt mam Satellit wann en um Enn vu sengem Liewen ukomm ass?

Jo, dat ass eng gutt Fro. Et si jo vill Leit déi soen, et kéint een dee Satellit jo erofhuele fir Weltraumschrott ze vermeiden. Dat ass awer leider net sou einfach. Mir sinn mat eise Satellitten iwwer 36.000 Kilometer iwwer dem Äquator, ganz wäit ewech also. Dat heescht, alleng fir de Satellit op seng Plaz ze bréngen, ass ganz vill Energie néideg. Fir en erof ze brénge wier nach eng Kéier déiselwecht Energie néideg. Mee wann den Tank scho bal eidel ass, da geet dat net méi. Wat gemaach gëtt ass, datt mat deem läschte Sprit deen u Bord ass, de Satellit erausgedréckt gëtt, vum geostationären Orbit ewech an e méi héijen Orbit. Do ass de Satellit da fir déi nächst 2000 bis 3000 Joer sécher.

Lauschtert de ganzen Interview: