Radioen

On air

Espresso Beats  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi d'Regierung sech selwer eng gutt Zensur gëtt

Rhetorik

Wéi d'Regierung sech selwer eng gutt Zensur gëtt

D'Ried zur Lag vun der Natioun ass e politescht Spill wat sech all Joer widderhëlt: No der Ried kritiséiert d'Oppositioun e Mangel u neien politeschen Iddien, während d'Regierungsparteien kloer Ukënnegungen vun hirem Premier begréissen. An dach gëtt net all Joer déi selwecht Ried gehalen: De Premier huet sech e Mëttwoch däitlech méi zouversiichtlech gewisen, wei bei senger éischter Ried viru véier Joer. Eng Analys.

auto_stories

5 min

Wéi de Premier Xavier Bettel e Mëttwoch fir d'véierte Kéier virun d'Chamber getratt ass, fir d'Lag vun der Natioun ze kommentéieren, huet hien e gréisstendeels positiivt Bild gezeechent.

"An de leschten dräi Joer ass de Chômagetaux vu 7,1 op 6 Prozent erofgaangen. A wann een dem Statec och nach gleeft, wäert déi Zuel erofgoen. An do solle mir eis och alleguerten driwwer freeën. Et ass ee vun de villen Indicateuren, déi weisen, datt mir eis och an déi richteg Richtung bewegen. Et ass ee vun deene villen Indicateuren déi eis soen, datt mir mat Zouversiicht kënnen no vir kucken.

D'Land huet sech entwéckelt, an et entwéckelt sech weider. Et ass een Deel vum Modell Lëtzebuerg, datt mir net stoe bleiwen, mee datt mir eis weider developpéieren."

Viru gutt véier Joer hat de Premier nach eng ganz aner Vue op d'Lag vun der Natioun. Déi blo-rout-gréng Regierung war frësch gewielt, an den neie Premier huet a sengem éischten État de la Nation am Abrëll 2014 eng schwiereg Situatioun beschriwwen.

"Här President, dir Dammen an dir Hären. Déi finanziell Situatioun ass net einfach. De Staat ass op ville Plaze reformbedürfteg. Eis Economie ass enger globaler Konkurrenz ausgesat. An e klengt Land huet et an engem ëmmer méi grousse Wirtschaftsraum net einfach. Dat, wat zënter e puer Joer als Kris bezeechent gëtt, ass an der tëscht déi nei Realitéit."

Eng positiv politesch Geschicht?

D'Ried zur Lag vun der Natioun ass de Moment am politesche Joer an dem d'Regierung op hir eegen Aarbecht zréckkuckt, an nei grouss Projeten ukënnegt, déi si an Zukunft wëlle realiséieren.

Am Réckbléck liesen déi véier État de la Nationen, déi de Premier Xavier Bettel bis elo gehalen huet, sech wéi eng positiv politesch Geschicht. Ugefaangen am Joer 2014 mat enger Regierung grouss Defie viru sech hat.

"Mir hunn Iech et virun de Wahle gesot, a mir soen Iech et och haut. Mir mussen dat Land hei reforméieren. Mir mussen de Staat reorganiséieren. D'Administratioune méi effizient maachen. De Privatsecteur ënnerstëtzen an entlaaschten. Den Entreprisen d'Méiglechkeete ginn, Opportunitéiten ze notzen. A mir mussen d'Staatsfinanzen endlech erëm an den Equiliber bréngen."

Fir dës grouss Aufgaben ze meeschteren huet Blo-Rout-Gréng en neie politesche Stil ugekënnegt: De Xavier Bettel huet de Bierger versprach éierlech ze sinn, och wann dat net ëmmer einfach wier.

"D'Regierung brauch kee Plus, am nächste Polit-Barometer, u Sympathiewäerter. Mir brauchen e Minus an de Prozenter vum Chômage. Wann dat eent dat anert ausschléisst, da kann ech gutt domadder liewen, a meng Regierungskollegen och."

De "richtege Wee"

Vun do un huet d'Regierung ugefaange sech selwer Schrëtt fir Schrëtt eng positiv Zensur auszestellen. Direkt um Ufank vu senger zweeter Ried huet de Xavier Bettel 2015 betount, seng Regierung wier "um richtege Wee".

"D'Situatioun ass haut besser wéi nach virun engem Joer. A mir hunn de Budget am Grëff. 2014 hate mir um Niveau vum Gesamtstaat en Iwwerschoss vun 289 Milliounen Euro. Dat sinn 197 Millioune méi wéi geplangt. Dat ass gutt. Mee et soll awer net doriwwer ewech täuschen, datt mir zejoert beim Zentralstaat ëmmer nach en Defizit hate vun iwwer 502 Milliounen Euro. Dat sinn 120 Milliounen Euro manner wéi virgesinn. Mir kommen eisem Zil den Defizit ofzebauen also méi no."

Och ee Joer méi spéit huet de Premier d'Regierungsaarbecht weider gelueft: Mat der EU-Presidence hätt Lëtzebuerg international eng "gutt Impressioun" hannerlooss, a Blo-Rout-Gréng hätt sech op eng "gerecht" Steierreform gëeenegt. Um Beispill vum Zukunftsfong huet de Xavier Bettel 2016 och ënnerstrach wat seng Regierung géif besser maachen, wei déi virdrun.

"De fréiere Staatsminister hat ganz Recht, Här President, wéi hie virun 10 Joer gesot huet: 'Entweder verbrutsche mer alles wat mer hunn elo, oder mir halen et fir d'Kanner. Dat eent oder dat anert. Et ass méi einfach et elo ze verbrutschen, et ass méi schwéier et fir d'Kanner ze halen. Well d'Kanner gi jo nach net wielen', sot de Staatsminister Juncker. Nëmme just, Här President, datt ee sech deemools net dorunner gehalen huet, a vill ze vill verbrutscht huet, amplaz eppes op d'Säit ze leeën."

Ee Bilan?

An der Ried vun dësem Joer war d'Kritik un der viregter Regierung scho manner däitlech. Annerhalleft Joer virun de nächste Chamberwahlen huet de Xavier Bettel a sengem véierten État de la Nation ugedeit, datt den Erfolleg vu senger Regierung och en Zeeche vu politescher Kontinuitéit ass.

"D'Regierung ass zum Deel e Wee gaangen, dee virgezeechent war. D'Weichen an der Ekonomie an och an der Bildungspolitik sinn och an der Vergaangenheet scho richteg gestallt ginn. Et goufen awer an deene leschten dräi Joer net just Weiche gestallt, mee och Schinne geluecht. A mir hunn nei Strecke gesicht, fonnt a befestegt. D'Regierung geet net ideologesch an net idealistesch, mee innovativ a realistesch no vir."

Nieft stabille Staatsfinanzen huet de Premier a senger Conclusioun virun allem gesellschaftspolitesch Fortschrëtter ervirgehuewen. Datt de Sträit em d'Kierchefabricken nach net ofgeschloss ass, huet de Xavier Bettel hei net ernimmt.

Dofir huet hien awer dës Opzielung gemaach, déi wéi e Bilan klengt:

"D'Egalitéit tëscht Mann a Fra gouf gestäerkt. D'Avortementsgesetz gouf reforméiert. D'Nationalitéitegesetz, d'Relatiounen tëschent dem Staat an de Reliounsgemeinschafte sinn der Zäit ugepasst ginn. Déi politesch Bildung ass e Begrëff ginn an eisem Land. Mir stäerken d'Méisproochegkeet a wäerte gläichzäiteg d'Lëtzebuergescht am Alldag op. Mir hunn den Dialog mat de Sozialpartner relancéiert, an Accorde mat Patronat a Gewerkschafte fonnt, déi mat dozou gefouert hunn, datt et dem Land haut och besser geet. Wien dat a Fro stellt, stellt de Fortschrëtt a Fro. An déi positiv Entwécklung vun eisem Land."

Ee Wuert ass an der Ried net gefall: Wahlen. Dobäi kennen d'Wieler hiert Uerteel bei Gemengen-, a Chamberwahle bannent den nächsten 18 Méint direkt zweemol ofginn. Negativ politesch Geschichte kommen an esou Zäiten net gutt un.

Dem Premier bleift an dëser Legislatur nach de fënneften a leschten Etat de la Nation fir d'Wieler vun enger positiver Regierungsgeschicht z'iwwerzeegen.