Radioen

On air

Notturno  |  Il Quadro Di Troisi - Beata

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Finanzéierungsmodeller fir Onlinejournalismus?

Medien

Wéi eng Finanzéierungsmodeller fir Onlinejournalismus?

Méi an der Pai, wann en Artikel méi ugeklickt gëtt: An der Schwäiz solle geschwënn e puer Journalisten op des Aart a Weis bezuelt ginn. Et ass eent vu ville Beispiller dat weist, datt Online-Medien ënner groussem Drock stinn, fir méi Lieser z'erreechen. Mee ass d'Juegd no méi Klicks wierklech den effikasste Wee fir Journalismus ze finanzéieren? A wei eng Alternative ginn et dozou?

auto_stories

4 min

Foto: Bigstock / Toxawww

De gréisste Schwäizer Mediegrupp tamedia huet decidéiert Journalisten, deenen Internet-Artikelen am meeschten ugeklickt ginn, ee Bonus auszebezuelen. Journalismus géif nëmme Sënn maachen, wann en och bei de Lieser géif ukommen, erkläert de Cristophe Zimmer vun tamedia. Eng sachlech a relevant Meldung, déi dréchen opbereed géif ginn, géif net vill Lieser erreechen. Dat géif kengem eppes bréngen. "D'Zil vun all Journalist muss et sinn, ee méiglechst grousse Public unzeschwätzen."

An enger Testphas vu 5 Méint sollen dofir eng 15 Journalisten e Bonus ausbezuelt kréien, wann hir Internet-Artikelen am meeschte gelies ginn. Zwou Schwäizer Zeitunge vum Grupp maache mat, d'Gratiszeitung "20 Minuten" an den "Tages-Anzeiger".

Zu Lëtzebuerg, wou tamedia zur Halschent Proprietaire vum "L'essentiel" ass, soll de Modell am Moment awer nach net ausprobéiert ginn.

"Schreif eppes Anstänneges"

Beim "Tages-Anzeiger" a bei "20 Minuten" bedeelege sech Journalisten, déi haaptsächlech Meldunge vu Noriichtenagencen ëmschreiwen. De Journalist Constantin Seibt huet bis viru kuerzem selwer beim "Tages-Anzeiger" geschafft. Hien ass skeptesch, datt den neie Bonus eppes bréngt.

"Villäicht mécht de Provisiouns-Sytem hiert Liewen e bësse méi interessant. Villäicht gëtt et och méi bluddeg." Geld wier senger Meenung no awer déi falsch Währung. Et wier besser, de Journalisten een oder zwee Deeg fräi ze ginn an ze soen "schreif eppes Anstänneges".

Eng Agencëmeldung kéint een duerchaus méi schéin, ronn oder méi knalleg schreiwen, mee et géif ee Gefor lafe, sougenannte "Clickbait" ze bedreiwe. Dorënner versteet een zum Beispill eng räisseresch Iwwerschrëft, déi op en Text verweist, deen d'Erwaardung vum Lieser net erfëllt.

Duerch Qualitéit Abonnente gewannen

Déi gréisste Lëtzebuerger Dageszeitung, d'Lëtzebuerger Wort, wëllt net op dee Wee goen. De Chefredakter Jean-Lou Siweck ass der Meenung, et sollt ee manner Gewiicht op d'Zuel vun de Klicks leeën, a sech éischter dono riichte wéi laang de Lieser op enger Säit war. Ee Lieser, deen een Artikel ganz géif liesen, géif an der Regel méi wahrscheinlech een Abonnement kafen.

Déi Approche géif op laang Siicht och besser Chance bréngen, fir eng Zeitung ze finanzéieren. Wann ee sech just no Klicks riicht, wier et méi schwéier Texter ze produzéieren, fir déi de Lieser bereet ass eppes ze bezuelen.

De Jean-Lou Siweck gesäit an der Zukunft eng Opspléckung an zwee Modeller. Op där enger Säit gratis-Siten, déi Noriichten, Faits divers oder People-Noriichte proposéieren. An op där anerer Säit Siten, déi originellen, selwer recherchéierte Contenu ubidden. "Déi mussen an iergendenger Form Lieser dozou kréien, fir se ze remuneréieren."

Alternativen zur Publicitéit

Déi meescht online Noriichtesite setzen am Moment awer nach op d'Ablende vu Reklamme, fir sech ze finanzéieren. Dobäi geet de Montant, deen eng Noriichtesite fir d'Ablende vu Reklamme kritt zanter Joren erof, seet de Constantin Seibt. "Déi 10 gréissten däitsch Online-Portaler maachen 12 Prozent vum Publicitéits-Kuck aus." Facebook a Google hätten de Publicitéits-Marché am Grëff a géifen iwwer 80 Prozent vun de Recette generéieren. "Publicitéit ass eigentlech kee Geschäft méi am Internet."

De Schwäizer Journalist ass dofir och am Gaang een anere Finanzéierungsmodell op d'Been ze setzen. Seng nei Noriichteplattform sicht am Moment iwwer Crowdfunding no Investisseuren. Fir datt dat klappt muss awer eng gewëssen Zomm u Startkapital zesummekommen.

Duerch de Crowdfunding wéilt een Investisseuren dovun iwwerzeegen, datt vill potenziell Lieser um Projet interesséiert wieren. "De Crowdfunding ass praktesch de Maart-Test." D'Sue vun den Investisseure wieren un déi ugestrieften Zomm vum Crowdfunding gebonn. Wann déi net géif erreecht ginn, géifen d'Gelder vun den Investisseuren ewechfalen. "An da si mir virun der Gebuert dout", seet de Constantin Seibt.

Och de Chefredakter vum Lëtzebuerger Wort seet, hie wier alternative Finanzéierungsmodeller net ofgeneigt. Am Moment setzt d'Wort awer virun allem op de Modell vun Abonnementer, och am online-Beräich. Hei hätt een d'Offer awer mat der Zäit adaptéiert. Ufanks hätt een dem Lieser no enger Test-Phas direkt just ee Jores-Abonnement vun 200 Euro ugebueden. "Dat war definitiv eng ze héich Hürd", seet de Jean-Lou Siweck. Si hätte misse léiere fir Abonnementer op de Mount unzebidden, déi och all Mount kéinte gekënnegt ginn.

Pressehëllef fir Onlinemedien

Mat der Pressehëllef soll iwwerdeems och en anert finanziellt Standbeen un den Online-Zäitalter ugepasst ginn. Déi geplangten digital Pressehëllef, déi de Medieministère Onlineredaktiounen, mat wéinstens zwee Journaliste géif wëllt accordéieren, géif awer net duergoen fir gutt recherchéiert Sujeten ze produzéieren, esou de Jean-Lou Siweck. Well et keng Agencen zu Lëtzebuerg géif ginn, géifen d'Medie vill Energie verbëtzen, fir Grond-Nouvellen ze sichen. "Da si mir nach wäit ewech dovunner déi Nouvellen ze verdéiwen." Hie wier der Meenung, datt ee mat manner Redaktiounen, déi dofir méi grouss wieren, besser géif fueren.

De Jean-Lou Siweck hält et doriwwer eraus fir wichteg, datt Redaktiounen existéieren, déi sech op bestëmmte Sujete kéinte spezialiséieren. Déi aktuell politesch Bestriewunge géifen awer net an déi Richtung goen.