Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Wierder si méi laang wéi Fussballsweltmeeschterinnen?

LOD 3.0

Wéi eng Wierder si méi laang wéi Fussballsweltmeeschterinnen?

Wéi eng Wierder si méi laang wéi Fussballsweltmeeschterinnen? De Lexikograf Alexandre Ecker sicht mat ongewinnte Krittären no Wierder am Lëtzebuerger Online Dictionnaire.

auto_stories

5 min

Den Alexandre Ecker ass Lexikograf beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch.

Simon Larosche: So, has de mer déi leschte Kéier net gesot, mer kéinten haut iwwer Fussball schwätzen? An elo si mer awer erëm bei den Dictionnairen!

Alexandre Ecker: Kee Problem, dat eent soll dat anert net ausschléissen! Ech stellen der fir d'éischt emol eng Fro: Wéi e Wuert ass denger Meenung no dat längst am LOD?

Hm, ech mengen, do muss de mer hëllefen! Ech si scho ville laange Wierder begéint, wéi Aarbechtslosenzuel oder Oppositiounspartei, ech weess awer net, ob dat déi längst sinn.

Dat sinn effektiv zwee relativ laanger, mee net déi längst! Där gëtt et den Ament zwee am LOD. Dat eent ass Verschwörungstheoreetikerinnen, dat anert ... Fussballsweltmeeschterschaften. Déi zwee Wierder sinn 30 Buschtawe laang! Dat éischt, also Verschwörungstheoreetikerinnen huet vun den orthografeschen Aktualiséierunge vun November 2019 profitéiert: Do gouf festgeluecht, datt e betounten -e- - eebe wéi deen am Wuert Theoreetiker - systematesch verduebelt gëtt. Domat ass dat Wuert dunn ëm ee Buschtaf méi laang ginn. D'Fussballsweltmeeschterschaften hirersäits profitéieren, wat d'Längt vum Wuert ugeet, vun deem sougenannte Fouen-s.

Dee missten eis treisten Nolauschterer kennen, d'Caroline Döhmer huet eis nämlech viru Kuerzem eppes iwwer d'Fouenelementer gezielt.

Jo, richteg, an dee mécht d'Wuert dann och ëm ee Buschtaf méi laang ewéi seng Variant ouni Fouen-s, also Fussballweltmeeschterschaften.

Et gëtt awer och Leit, déi Futtball soen amplaz Fussball.

Jo, woubäi deen Ënnerscheed keen Afloss huet op d'Längt vum Wuert. Et gëtt awer nach eng drëtt Variant, an zwar Foussball. An eisem Korpus gesäit een awer, datt déi éischter am Gebrauch zeréckgeet, dofir gëtt se den Ament och net am LOD gewisen. Theoreetesch gëtt et jiddefalls fir dat eent Wuert 6 verschidde Varianten, jee nodeems, ob ee Fussball, Futtball oder Foussball seet an ob een de Fouen-s setzt oder net!

Lo schwätz de schonn erëm vun deem Korpus an du hues eis nach ëmmer net wierklech gesot, wat et domat op sech huet!

Déi nächste Kéier, versprach!

Gutt. Mee ech wollt elo op kee Fall vum Fussball oflenken! Ech fannen et jiddefalls flott, datt dat längst lëtzebuergescht Wuert mat Fussball ze dinn huet!

Pass op, et ass dat längst Wuert am LOD, net dat längst Wuert aus der Sprooch. Du hues och bestëmmt missen an der Schoul dee flotten Exercice maachen, fir nom Modell vun der Donau-Dampfschifffahrtsgesellschaft laang däitsch Wierder ze kreéieren!

Jo!

Ma genee deen Exercice geet och am Lëtzebuergeschen, wou ee quasi onendlech vill Zesummesetzunge ka bilden. Déi gehéieren awer als sougenannten ad-hoc Kreatiounen (zum Beispill Fussballsweltmeeschterschaftsorganisatiounscomitésmembersparking) net systematesch all an den Dictionnaire! Fir erauszefannen, wéi eng lexikaliséiert sinn, also wéi eng als e feste Bestanddeel vun der Sprooch kënnen ugesi ginn, an domat och an den Dictionnaire kënne stoe kommen, do hëlleft och erëm de Korpus!

Gëtt et dann ausser der Längt nach aner flott Krittären, fir no Wierder ze sichen?

Ma gewéinlech sicht ee jo an engem Dictionnaire no ganze Wierder. Lo kéint een sech awer och virstellen, datt een zum Beispill net just d'Wuert Ball sicht, mee all d'Wierder, an deenen de Ball (also d'Buschtawefolleg B-A-L-L) virkënnt. Do fënnt een dann am Ganze 96 verschidde Wierder. Niewent dem Fussball a senge Komposita (Fussballstrainerin, Fussballstadion, asw.) och nach aner Sportaarten ewéi de Fiederball an de Volleyball, Spiller ewéi de Vëlkerball an och Aktiounen ewéi Kappball a Kompetenzen ewéi Ballgefill. An dann awer och Wierder, mat deene mer net direkt gerechent haten: Ballotage, Ballast, Ballet, Emballage, asw. A wat fir engem Mooss déi Wierder mam Ball Famill sinn, dat frees de dann d'nächst Woch de Sam Mersch, eise Sproochhistoriker!

Nach e leschte Krittär?

Ma als Fussballsfan hues de vläicht emol eng Kéier Loscht erauszefannen, fir e Gedicht ze schreiwen, wat fir eng Wierder mat "Ronaldo" oder mat "Messi" reimen! Dat wiere fir deen éischten Avocado, do, heiansdo, Judo, Kaddo, Kommando, Libido, Riddo, Tornado an Torpedo, fir deen zweete Gissi, Interessi, Kräsi, quasi an natierlech Merci!

Ech fille mech scho ganz inspiréiert! Mee wéi kann ech dann als User vum LOD mat esou méi augefalene Krittären no Wierder sichen?

Leider ass dat den Ament nach net um Site vum LOD méiglech. Et ass awer eng nei Versioun an der Maach, op där eng erweidert Sich deen Typ Recherchë wäert fir all Benotzer méiglech maachen. Wien awer elo schonn drun intresséiert ass, fir d'LOD-Wierder no spezifesche Krittären ze filteren, deen huet zwou Méiglechkeeten: E kann sech entweeder d'Date vum LOD um OpenData-Portal vum Gouvernement eroflueden oder einfach eng Demande iwwer lod@lod.lu maachen. Mir hëllefe gären, wou mer nëmme kënnen!

Wéi vill Wierder sinn dann den Ament iwwerhaapt am LOD ze fannen?

Ma do muss een ënnerscheeden tëschent de Lemmaen, also de Grondformen (z. B. d'Verb käppen oder d'Substantiv Golkipp) an de flektéierte Formen (wéi de Participe passé gekäppt oder de Pluriel Golkippen). Den Ament sinn 30.300 Lemmaen um Site ze fannen. Accessibel sinn déi iwwer 125.000 verschidde Formen, no deenen och elo scho ka gesicht ginn.

Bei sou enger Quantitéit Informatioune mécht et effektiv Sënn, fir effikass kënnen ze filteren!

Genee, dofir jo och d'Iddi, fir d'Sich-Funktioun am LOD méi performant ze maachen!

Ma mir freeën eis op déi nächst Versioun vum LOD. Dech héiere mer an dräi Wochen erëm ... bis dohin ass déi sécher nach net fäerdeg, oder?

Nee, fir Enn des Joers miss de awer kënnen dermat rechnen!