Radioen

On air

Notturno  |  John Scofield, Vicente Archer & Bill Stewart - TV Band

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi entwéckelt sech d'Solidarwirtschaft zu Lëtzebuerg?

Solidarwirtschaft

Wéi entwéckelt sech d'Solidarwirtschaft zu Lëtzebuerg?

D'Dynamik vun der Solidarwirtschaft hänkt prioritär vun den Entreprisen, Bierger an Associatiounen of. Dat hat déi blo-rout-gréng Koalitioun an hirem Regierungsprogramm festgehalen. Wéi dynamesch war de Secteur dann déi lescht fënnef Joer a wou ginn et nach Opportunitéite fir d'Zukunft? Doriwwer hunn d'Acteure op enger Konferenz zu Iechternach diskutéiert.

auto_stories

3 min

D'Sozial- a Solidarwirtschaft ass ee Mouvement, deen den Ament iwwerall op der Welt wiisst, seet de franséischen Entrepreneur Nicolas Hazard. Et bräicht ee reell a kredibel Alternative par Rapport zur traditioneller Ekonomie.

Mee woura leien iwwerhaapt d'Ënnerscheeder? D'Definitioun vun der Économie sociale et solidaire ass net einfach, huet de Statec-Direkter Serge Allegrezza festgestallt. D'Konzept géif no enger Utopie kléngen.

De Secteur hätt net d'Zil, fir Profit ze maachen, mee "éischer sozial eppes ze beweegen". Dës Form vun Ekonomie wéilt sech sozial a kulturell Objektiver setzen. "Selbstverständlech gëtt och Profit erwirtschaft", seet de Serge Alegrezza. Recetten an Depensë missten natierlech och an den Equiliber bruecht ginn. Den Iwwerschoss géif nees an d'Gesellschaft investéiert ginn.

Demokratie, lokal Interessen an nohalteg Entwécklung och wichteg Punkten

Dobäi kommen nach aner Aspekter, wéi d'demokratesch Implicatioun, d'Entwécklung vu lokalen Interessen oder eng nohalteg Entwécklung. Där Projete sinn déi lescht Joren entstanen, virun allem an der Landwirtschaft, esou den Aarbechtsminister Nicolas Schmit. Elo wier et wichteg, eng nächst Etapp ze preparéieren. Dat weess och d'ULESS. D'Union luxembourgeoise de l'économie sociale et solidaire hätt am Virfeld vun de Chamberwahlen am Oktober mat all de politesche Parteie geschwat. Och an der nächster Legislatur misst d'Économie sociale eng Prioritéit ginn.

D'Solidarwirtschaft gehéiert och zum Rifkin-Prozess, betount de Serge Allegrezza. Dem US-amerikaneschen Ekonomist Jeremy Rifkin no wier dat den alternative Modell, dee sech wäert duerchsetzen.

Digitaliséierung eng Opportunitéit fir d'Solidarwirtschaft

Do spillt och d'Digitaliséierung eng grouss Roll. Ronn dräi Véierels vun den Acteuren, déi op der Konferenz waren, gesinn an der Digitaliséierung eng Opportunitéit fir d'Solidarwirtschaft. Duerch Formatiounen hunn d'Leit, déi encadréiert ginn, d'Chance bei Null unzefänken, seet de Pit Winandy, Direkter vum Forum pour l'Emploi. Sou musse si keng Retarden ophuelen, déi d'Leit soss hätten. An deem Zesammenhang hätt ee bis elo nëmme positiv Erfahrunge gemaach.

D'Leit wéissten dat och ze schätzen, grad Leit, vun deenen een dat um Ufank net geduecht hätt. Si wieren dacks houfreg, fir kënne mat neien Technologien ze schaffen. Generell hätt ee bis elo positiv Erfahrunge gemaach.

Ënnerscheeder am Ëmgang mat der Digitaliséierung

De Carlo De Toffoli, President vun der Cooperative Co-Labor dogéint wëllt d'Wichtegkeet vun der Digitaliséierung relativéieren. Jee no Funktioun hätten d'Leit ënnerschiddlech Besoinen. Een Deel vun de Leit an de Strukture fir eng Reinsertioun géif am private Gebrauch eens gi mat der Digitaliséierung. De Rescht bezeechent hien als Exclus du numérique.

Et misst een dofir suergen, datt d'Leit den elementaren Ëmgang mam Handy a mam Computer net géife verléieren, soss géif ee riskéieren "ee rise Gap, e Fossé" ze schafen, seet de Carlo De Toffoli.

De Problem bei dëse Leit géif dacks scho bäi engem Sproocheproblem ufänken, sou nach de Carlo De Toffoli.

Kreeslafwirtschaft och Deel vu Rifkin-Prozess

En anere Volet, deen och zum Rifkin-Prozess zielt, ass d'Konzept vun der Kreeslafwirtschaft. Och hei war eng grouss Majoritéit vun de Leit am Sall der Meenung, datt dat eng Opportunitéit fir d'Solidarwirtschaft wier. D'Économie circulaire wier zwar nach an de Kannerschong, et kéinten doduerch awer Aarbechtsplaze geschafe ginn, sou de Pit Winandy. Ee Beispill ass ee Projet, wou déi al Stroumzieler duerch Smart Meteren ersat ginn

Et hätt een d'Méiglechkeet, fir Leit nees sënnvoll ze beschäftegen, déi Schwieregkeeten hu sech ze deplacéieren. Domat kéint een dës Mënschen och nees méi valoriséieren, seet de Pit Winandy. Dobäi ass d'Kreeslafwirtschaft awer méi wéi nëmme Recycling, betount de Pit Winandy.

Duerch d'Stäerke vun der Sozial- a Solidarwirtschaft wëllt den Nicolas Schmit dësem Secteur eng nei Roll an der Lëtzebuerger Ekonomie ginn.