Radioen

On air

Notturno  |  Giovanni Di Domenico - Minum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi gesäit et am Betrib aus?

Sozialwahlen 2019

Wéi gesäit et am Betrib aus?

Wéi sinn d'Aarbechtskonditiounen an deenen ënnerschiddleche Secteuren hei zu Lëtzebuerg a sinn d'Personaldelegéiert an d'Gewerkschafte präsent genuch am Betrib? Fënnef Salariéen erzielen anonym, wéi et op hirer Aarbechtsplaz ausgesäit.

auto_stories

6 min

D'Sécherheet wier net ëmmer garantéiert, erzielt een Aarbechter aus dem Industriesecteur. Obwuel vill Sécherheetsdefiziter bekannt wieren, géif net wierklech eppes dogéint ënnerholl ginn. An deene leschte Jore wier et a sengem Betrib och zu engem déidlechen Incident komm.

"Et war am Fong jiddereen der Meenung, datt sech elo eppes ännere géif. Mee de Schockmoment huet uewe vläicht zwou Wochen ugehalen an elo gëtt weider gemaach wéi virdrun. Et ass esouguer nach méi schlëmm do ënne ginn."

D'Gewerkschafte wiere sech iwwer d'Ausmooss, wéi schlëmm et am Betrib wier, eventuell net bewosst, sou de Salarié.

Dacks géifen d'Decisioune vun uewen erof geholl ginn, ouni "d'Basis" mat anzebezéien. Den Drock vun "uewe" géif och ëmmer méi grouss ginn. Besonnesch vill eeler Leit hätten Angscht ëm hir Plaz, dowéinst hätte si och keen Interessi un engem "oppene Konflikt".

"Deen eenzegen Interessi, deen ech nach hunn, ass hei fortzekommen", esou de Salarié. Et géif ville Jonken esou goen. "Et ginn ëmmer manner där gudder Deeg, mee et ginn der wéinstens nach."


Lauschteren


Am Déngschtleeschtungssecteur hu sech an de leschte Jore virun allem d'Ëffnungszäite vun de Geschäfter verännert. Et géif méi laang owes an och Weekender geschafft ginn, esou eng Salariée. Besonnesch géifen d'Frontalieren dës Verännerunge spieren, well si dacks mam Auto vu méi wäit géifen an de Grand-Duché schaffe kommen.

Esou Aarbechtskonditiounen hätten Auswierkungen op d'Privatliewen an op d'Gesondheet vun de Salariéen.

D'Salariée selwer hätt "d'Chance e gudde Patron ze hunn, deen drop oppasst, datt d'Leit net ausgebeut ginn." Mee et géifen och där anerer ginn. An hirem Secteur wier ee séier austauschbar, wann een net dat géif maachen, wat de Patron gären hätt.

Perséinlech géif sech d'Salariée net esou gutt vun de Gewerkschafte representéiert fillen. "Si misste méi dacks an d'Geschäfter kommen a mat de Leit schwätzen." Si géif sech generell méi Informatioune wënschen.


Lauschteren


Symbolbild. Foto: Bigstock / VadimGuzhva.

Am Gesondheetssecteur géifen d'Salariéen ëmmer méi Zäit virum Computer verbréngen, fir alles ze dokumentéieren, wat bei de Patienten gemaach gëtt. Dat hätt negativ Auswierkungen op d'Zäit, déi ee mat de Patiente selwer kéint verbréngen, esou eng Salariée. Si selwer schafft an enger Maternité hei zu Lëtzebuerg. Heiansdo hätt si d'Gefill, datt d'Leit sech "eleng gelooss fillen."

Si géif an engem Beruff schaffen, an deem dacks d'Nuechten, d'Feierdeeg oder Weekends géif geschafft ginn. Also dann, wann aner Leit fräi hunn. Mee si wier sech deem awer vun Ufank u bewosst gewiescht, erzielt d'Salariée.

Vun de Gewerkschaften géif si sech gutt representéiert fillen, well si fir d'Salariéen aus dem Gesondheetssecteur "dat Bescht erausschloen. Ech fanne schonn, datt si en oppent Ouer hu fir eis".

An enger Maternité ze schaffen wier e ganz spezielle Beruff, "mee e ganz positiven a schéinen. Wéi ech d'Schoul bis fäerdeg hat, wousst ech, datt ech ni wéilt eppes anescht maachen. Ech maachen de Beruff immens gären."


Lauschteren


Symbolbild ëffentlechen Déngscht. Foto: Bigstock / deagreez

"Wat ech ganz flott hei zu Lëtzebuerg fannen, ass dee multikulturellen a multilingualen Aspekt," erzielt ee Frontalier, deen an Däitschland wunnt an zu Lëtzebuerg am ëffentlechen Déngscht schafft.

De Wee vun doheem op d'Aarbechtsplaz wier awer "e bësse problematesch". Hie géif ëmmer mam Auto schaffe kommen, obwuel e gär op den ëffentlechen Transport zeréck gräife géif. Mee d'Ubannunge géifen dacks net iwwertenee stëmmen.

"Wa mäin Zuch op der Gare zu Lëtzebuerg ukomm ass, war deen aneren a Richtung Süde scho fort."

All Dag esou wäit ze fueren, hätt och en Impakt op d'Organisatioun vum Familljeliewen, besonnesch wa béid Elterendeeler géife schaffen.

Teleaarbecht kéint hëllefen de Problem, net nëmme fir Frontalieren, ze verbesseren. Mee de Salarié wier sech awer bewosst, datt dat och en Vue vum Steierrecht, net esou liicht ze realiséiere wier. Hie selwer hätt d'Chance, datt hie seng Aarbecht relativ flexibel kéint andeelen.


Lauschteren


Symbolbild Film-Freelance. Foto: Bigstock / gnepphoto.

Am Filmsecteur géif ee meeschtens méi wéi aacht Stonnen den Dag schaffen. Dat wier kee Geheimnis, esou eng Freelance am Filmberäich. Och d'Iwwerstonne géifen an der Reegel net bezuelt ginn, just a verschiddenen Departementer.

De Salaire gëtt dann och pro Dag verhandelt. Déi meescht Leit verdéngen ëm déi 200 bis 450 Euro Brutto den Dag. De Mindestloung géif bei 90 Euro Brutto leien. "Dat geet awer och heiansdo net esou genee."

E grousse Problem wier och, datt et allgemeng am Filmsecteur keen CDI géif ginn, ausser et schafft ee fir eng Produktiounsfirma, "an dat sinn der zwee oder dräi pro Produktiounsboîte a mir sinn zu enger 800, 900. Dat geet net." Als Freelance wier et dowéinst net méiglech, sech eng Wunneng hei zu Lëtzebuerg ze leeschten, "egal wéi vill een op sengem Kont stoen huet."

Dat géif awer net nëmme fir d'Leit aus dem Filmsecteur gëllen, mee am Allgemenge fir Leit, déi de Status vum Kënschtler (Intermittent du spectacle) hunn.

E Wonsch vun der Freelance wier et, datt et e gereegelte Salaire fir all Positioun am Filmsecteur géif ginn an datt sech och un dee gehale gëtt. Et bräicht een eng Gewerkschaft, déi d'Freelance vertrëtt an wou ee méi encadréiert ass.


Lauschteren