Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi gréng sinn eigentlech E-Fuels?

Biophilia

Wéi gréng sinn eigentlech E-Fuels?

Vun 2035 u wäerten an der EU keng nei Gefierer mat Verbrennungsmoteur méi zougelooss ginn, ausser si fuere mat klimaneutralem Sprit. Dat war de Kompromëss, deen d'EU-Kommissioun mat Däitschland fonnt hat, dat Widderstand géint e komplette Verbrenner-Aus geleescht hat. Mee wéi gréng sinn déi E-Fuels eigentlech?

auto_stories

3 min

Foto: Big Stock

E-Fuel, dat ass syntheetesche Sprit, mat deem ee ganz normal tankt a fiert. An der Zesummesetzung ass en d'selwecht wéi Bensinn, Diesel a Kerosin - e besteet aus Kuelestoff a Waasserstoff - allerdéngs ginn déi Substanzen hei net aus fossile matières premières gewonnen, wéi dem Pëtrol, mee mat Hëllef vu Stroum produzéiert.

Fir datt E-fuels wierklech klimaneutral sinn, muss dëse Stroum natierlech och komplett klimaneutral produzéiert ginn, also beispillsweis iwwert Photovoltaik- oder Wandkraaftanlagen. Dat ass wuel nach de klengste Problem bei der Saach. Aktuell gëtt ganz vill an den Ausbau vun den erneierbaren Energien investéiert.

Héich Produktiounskäschten

E-Fuels ginn ënnert anerem wéinst den aktuell nach ganz héije Produktiounskäschten kritiséiert. Et ass e ganz komplexe Prozess. Mat Stroum gëtt aus Waasser Waasserstoff gewonnen, de Kuelestoffdioxid gëtt aus der Loft agefaangen an aus béide Komponente ginn E-Bensin, E-Diesel oder E-Kerosin hiergestallt. Dat ass immens opwenneg an zimmlech deier.

Den Zuele vum onofhängegen International Council on Clean Transportation vu Washington no huet d'Produktioun vu klimaneutralem Sprit 2020 dräi Euro de Liter kascht, de konventionelle Sprit dogéint nëmme 50 Cent.

Eng Méiglechkeet, fir d'Käschten ze drécken, wier et, fir Wandrieder- a Solaranlagen a Gebitter ze bauen, an deene béid Elementer en abondance virhande sinn. Sou wéi Lëtzebuerg an eng Allianz vun aacht weideren EU-Länner et elo an der Nordséi wëlles hunn.

Geet een aus Europa eraus, verléiert een nees d'Kontroll iwwert d'Energiequell, wat am Kontext vun der Energiekris an der russescher Invasioun an der Ukrain e batteren Nogeschmaach hannerléisst.

E-Fuels si méi deier wéi Stroum a Waasserstoff

E weidere Constat vum ICTT: E-Fuels wieren haut nach vill manner effizient ewéi Stroum oder Waasserstoff. Déi Bréisseler ONG Transport et Environnement kënnt zu enger änlecher Conclusioun.

Vum Stroum aus der Wandkraaftanlag géifen um Enn, fir den Auto unzedreiwen, nëmmen nach eng 16 Prozent iwwereg bleiwen. Beim Elektroauto dogéint iwwer 70 Prozent, well de Stroum deen d'Wandrad generéiert, quasi integral an d'Autosbatterie fléisst. Duerch e méi héijen Asaz vu klimaneutralem Sprit géif deemno och de Besoin u Stroum enorm an d'Luucht goen.

D'Conclusioun vun den Auteuren ass, datt E-Fuels am Autotransport keng reell Alternativ duerstellen. Ganz sécher awer a Secteuren, an deenen d'Elektromobilitéit op d'Mannst den Ament net zukunftsfäeg ass, wéi beispillsweis an der Schëfffaart oder der Aviatioun.

Um Ausbau vum E-Kerosin bedeelegt sech aktuell och de Grand-Duché. Am Februar zejoert gouf Luxairport Aktionär bei der norwegescher Firma Nørsk e-Fuel, déi komplett klimaneutrale Flugbensinn wëllt hierstellen. Den éischte Produktiounssite soll 2026 a Betrib geholl ginn.