Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi klimaskeptesch ass den Donald Trump?

Klimapolitik a Wirtschaft

Wéi klimaskeptesch ass den Donald Trump?

Den zukünftegen US-President Donald Trump huet seng Positioun zur Klimapolitik dës Woch an engem Interview mat der New York Times liicht nuancéiert. Hie stéing dem Thema ganz oppe géigeniwwer, esou de Republikaner, dee sech am Wahlkampf nach als Klimaskeptiker profiléiert huet. Datt net kloer ass, wou d'USA klimapolitesch histeieren, bréngt och ekonomesch Risike mat sech.

auto_stories

2 min

Am Wahlkampf hat den Donald Trump sech als Klimaskeptiker profiléiert (Foto: Bigstock / andy katz)

"D'Konzept vum Klimawandel gouf vun a fir d'Chinesen erfonnt, fir datt d'US-Industrie net méi kompetitiv ass." Dat huet den Donald Trump viru véier Joer um Kuerz-Messagë-Reseau Twitter geschriwwen. Méi rezent, am Presidentschaftswahlkampf huet den Donald Trump versprach, datt d'USA sech aus dem Paräisser Klimaaccord zréck zitt, wann hien d'Wahle gewënnt.

No de Wahlen ass den Donald Trump méi virsiichteg. An engem Gespréich mat der New York Times gouf hien op den internationale Klima-Accord ugeschwat, deen zejoert vun iwwer 190 Staaten ugeholl gouf. Hie stéing där Saach oppe géigeniwwer a géif sech dat elo ganz genau ukucken. De weltwäite Presse-Echo dorobber war, datt sech dem neien US-President seng Positioun zum Klimawandel geännert huet.

Trump bleift Klimaskeptiker

Mee stëmmt dat wierklech? Wann een d'Transkript vum Gespréich mat der New York Times liest, muss ee feststellen, datt den Donald Trump weiderhin déi typesch Argumenter vu Klimaskeptiker bréngt. D'Wëssenschaft wier gedeelter Meenung, verschidde Klimawëssenschaftler hätten hier Resultater manipuléiert, ee Lien tëscht CO2-Emissiounen an Äerderwäermung kéint ee maachen, mee vläicht wier dee Lien net sou staark.

Da bleift den Donald Trump och bei der Behaaptung, datt Klimaschutz ze vill kascht an eppes mam Depart vun US-Fabricken an d'Ausland ze dinn huet.

An engem Video-Message huet hien annoncéiert, hie wéilt Ëmwelt-Oploe sträichen, fir datt massiv kann a fossil Energien, dorënner Kuel, investéiert ginn. Hie wëll also d'Ëmstellung vun der Ekonomie op aner Energie-Ressourcen stoppen. Och ouni de Paräisser Klima-Accord formell ze kënnegen, mécht den Donald Trump domadder eng wichteg Signalwierkung vun deem Ofkommes futti: Nämlech, datt fir Investisseuren an Entreprisen kloer ass, wéi eng Energiequellen eng Zukunft hunn a wéi eng net.

Den Afloss vun de Lobbyen

Well si dës Previsibilitéit brauchen, a well et a Saache Klimaschutz keng onfair Konkurrenz tëscht de Länner méi soll ginn, hu vill Wirtschaftsacteure sech fir eng ambitiéis international Klimapolitik ausgeschwat. Och an den USA hunn elo 400 Entreprisen - vu Monsanto iwwer DuPont bis Unilever - den zukënftegen US-President opgefuerdert, sech un déi international Klimaschutz-Ziler ze halen.

Datt den Donald Trump dorobber lauschtert, bleift ongewëss. D'Kuele-Lobby ass a sengem Team gutt vertrueden, hat den New Yorker rezent an engem Artikel analyséiert.

Mee et sinn och vill Wieler, déi hoffen, datt den Donald Trump säi Wahlkampfversprieche vum Retour bei d'Kuelenindustrie anhält. Fir d'Leit, déi hiren Job verluer hunn, mee och fir d'US-Economie an déi international Communautéit méi allgemeng, wier et awer sécher déi besser Léisung amplaz nei Aarbechtsplazen a méi nohaltege Secteuren ze schafen.