Radioen

On air

Notturno  |  Bonnie "Prince" Billy - I Am The World's Greatest

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi nohalteg ass äre Kleederkonsum?

Biophilia

Wéi nohalteg ass äre Kleederkonsum?

Wéi kann ee säi Kleederkonsum méi ëmweltfrëndlech maachen? Wou fënnt een nohalteg a fair produzéiert Kleedung an ass och wierklech dran, wat drop steet? D'Paule Rodesch huet a senge Kleeder geraumt a sech op d'Sich no Äntwerte gemaach.

auto_stories

4 min

D'Sich féiert op Esch an de Benu-Village. De Grënner an Direkter Georges Kieffer féiert mech an de Bitzatelier, deen eréischt ganz frësch op eng nei Adress geplënnert ass.

Grad wéi de Rescht vum Ökoduerf funktionéiert och de Benu Couture nom Prinzip vun der zirkulärer Ekonomie. Jiddweree ka seng al Kleeder hei ofginn, d'Designer a Schneider am Atelier entwerfen doraus nei, modern Modeller, déi zwar en Serie produzéiert ginn, an der Ausféierung duerch den Asaz vu verschidde Stoffer awer ganz individuell ginn.

Et kann ee sech awer och op d'Mooss eppes Neies bitze loossen, aus dem Stock, oder aus den eegenen ale Kleeder.

Genau dat hunn ech haut Wëlles: mat engem Rack, deen ech zanter laange Joren a mengem Schaf hänken hunn, dee mer nach immens gutt gefält, mee deen no zwee Kanner einfach net méi passt.

Textilproduktioun: ee grousse Problem

Upcycling nennt sech dëst Konzept fir aus Alem Neies ze produzéieren. An dat ass eng einfach Léisung fir e grousse Problem.

Lëtzebuerg gëtt all Joers 10.000 Tonnen u Kleeder ewech, dat entsprécht 40 Milliounen T-Shirten, erzielt mir de Georges Kieffer.

D'Paule Rodesch am Gespréich mam Georges Kieffer

Fir d'Produktioun vun Textilien an den Ubau vun den néidege Ressourcen, wéi beispillsweis Kotteng, brauch et enorm vill Waasser an d'Chemikalien, déi benotzt gi fir d'Stoffer hierzestellen, ze fierwen an ze traitéieren, verschmotzen de Buedem, d'Loft, eis Mierer a Flëss.

Bei synthetesche Materialie wéi Polyester oder Polyacryl kënnt nach de Problem vum Mikroplastik derbäi.

"Bei all Ofriff, dat heescht wann ee vill driwwer reift, oder wann ee vill driwwer rutscht, oder bei all Waschgang, gi Mikroplastikpartikelen eraus. Déi eng bleiwen um Stull hänken a ginn do ofgeblosen, déi aner falen op de Buedem a komme mam Reen oder mam Ofwaasser iergendwou an der Natur eraus, dat selwecht beim Wäschen, dat geet an d'Mier eraus."

Aus wéi enger Matière sollt dann e Kleedungsstéck bestoen?

"Exzellent Produite wiere Léngen, Fluess: dat si Produiten, déi bei eis wuessen, déi däitlech manner Waasser verbrauchen, déi däitlech manner Pestizide verbrauchen an am Bio dann natierlech nach eng Stuf ënnendrënner leien."

Mee och an den natierleche Fiedem wieren hautdesdaags ëmmer méi heefeg synthetesch Materialie bäigemëscht, souguer wann 100 Prozent Kotteng drop steet, betount de Georges Kieffer.

Gëtt et Nohaltegkeet bei de Kleeder?

Et gëtt an Tëscht eng Hällewull u Labelen, déi mat Versprieche vun Nohaltegkeet a fairen Aarbechtskonditiounen an de Produktiounsfabricke lackelen.

Kléngt gutt, berouegt awer meeschtens just dat eegent Gewëssen, sou de Georges Kieffer:

"Si mer ganz éierlech, déi allermeeschte Leit, déi fannen dat och ok sou. Déi wëlle just e bësse berouegt ginn, fir datt se sech selwer, hirem Noper, hirer Famill kënne soen: hei ech hunn awer dono gekuckt."

Haart Wierder vum Georges Kieffer, mee hie betount, et kéint een näischt nohalteg kafen.

Am Benu-Village ginn al Kleeder frësch verwäert

Am Wäitsten an der Iwwerpréiwung vum sozio-ekonomesche Foussofdrock géifen nach de GOTS, de globalen Naturtextiliestandard an de VNI, de Verband vun den Naturtextilien goen. Ma och deene kéint een net komplett vertrauen:

"D'Leit mussen och verstoen, datt et kee Label gëtt op dëser Äerd, deen an der Kleederproduktioun Kanneraarbecht komplett ausschléisst."

Am Idealfall benotzt een also just dat, wat schonn do ass, wat anerer net méi brauchen. Firwat net eng Swap-Party doheem organiséieren, mat e puer Frënn oder Frëndinnen, proposéiert den Direkter vum Benu Village.

Jiddweree bréngt e puer Kleedungsstécker mat, déi em net méi gefalen, an eppes ze drénken oder z'iessen, an an engem gesellege Moment fannen déi ongewollte Kleeder nei Besëtzer.

Mir fält nach eng aner Iddi an: ech feile mol u menge Bitzkënschten! Meng éischt Swap-Party steet schonn am Agenda, an ech freeë mech fir mäin neien ale Rack geschwënn dierfen un ze probéieren.