Radioen

On air

Notturno  |  Ish - Don't Stop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi wäit bedéngt d'Verhältnes zum Doud eis Fräiheet?

Prisma

Wéi wäit bedéngt d'Verhältnes zum Doud eis Fräiheet?

Eng Analys vun der Fro, wat den Doud ass a wat eis Vergänglechkeet mat eis mécht. Wéi wäit bedéngt d'Verhältnes zum Doud eis Fräiheet? De Gilles Retter notzt dem Martin Heidegger seng Gedanke fir deene Froen op de Grond ze goen.

auto_stories

8 min

Eng vun de Grondfroe vun der Philosophie ass déi nom Sënn vum Liewen. Eng Fro, déi mer eis am Alldag am Prinzip net stellen. Et ass eng Fro, déi am Fong banal kléngt, vläicht well se ze einfach oder ze schwéier ze beäntwerten ass. Aktuell gëtt et virun allem an deene Momenter, wou eis d'Liewe sënnlos erschéngt, zum Beispill wa mer mam Doud konfrontéiert ginn. Den Doud, d'Vergänglechkeet an d'Endlechkeet vum Mënsch, sinn deemno enk verbonne mat der Fro nom Sënn vum Liewen. De Gilles Retter stellt d'Fro no der Vergänglechkeet vum Mënsch an dem Impakt, deen dës op eist Liewe kann hunn.

Genee hei setzt och dem Martin Heidegger seng Philosophie un. En dätsche Philosoph, dee warscheinlech zu deene gréissten an aflossräichste Philosophe vum 20. Joerhonnert gezielt ka ginn. Deen awer gläichzäiteg ee vun deene schlëmmste Verbrieche begaangen huet, duerch säin Engagement am Nationalsozialismus. Bekannt ass virun allem säi monumentaalt Wierk "Sein und Zeit".

Seng Philosophie, déi duerchaus fir sech steet, huet awer och haut näischt vu senger Faszinatioun verluer. Ënner anerem duerch säi Jargon, deen heiansdo kaum ze verstoen ass. Esou weess een, wa vun "Eigentlichkeit", "Geworfenheit", vum "Sein" a "Seienden" geschwat gëtt, datt et sech ëm den Heidegger handelt. Mee och säin Denken iwwer Mënsch, seng Kritik un Technik a Moderniséierung, wierken net just duerch seng Schüler, bis an eis Zäit no.

A senger Philosophie stellt hie sech ganz grondsätzlech d'Fro: "Firwat gëtt et eppes, an net villméi näischt." Eng Fro, déi um Ufank steet vun all existenzialisteschem Froen an Nodenken. Senger Usicht no ass et d'Grondfro vun aller Philosophie, an allem, wat de Mënsch als Wiesen, dat freet, ausmécht. Eng Fro, déi eis an d'Bewosstsi ruffe soll, wat et iwwerhaapt heescht Mënsch ze sinn. Wat et heescht ze liewen. Et ass awer gläichzäiteg eng Fro, déi mer gréisstendeels vergiess hunn. Den Heidegger diagnostizéiert selbstbewosst, eng "Seinsvergessenheit des Menschen", e Sinn, dat et gëllt nees an de Bléck ze kréien.

"Vorlaufen zum Tode"

Ze "sinn", also ze existéieren, ass fir den Heidegger virun allem doduerch bestëmmt, datt mir an d'Liewen "geworf" ginn. Also gebuer ginn, ouni datt mir dat kéinten decidéieren, mer sinn einfach. Dës "Geworfenheet" bedeit, datt mir eis e Liewensentworf musse kreéieren. Dëse Liewensentworf musse mer fir déi Zäit entwerfen, déi eis zur Verfügung steet. Déi Zäit ass ëmmer begrenzt, esou datt den Heidegger, mat enger vu sengen onverkennbare Formuléierungen, eis Existenz als e "Vorlaufen zum Tode" bezeechent. Heiriwwer nozedenken gesäit hien als Sënn vun eisem Sinn, also eiser Existenz. An dat an der Zäit, déi eis zur Verfügung steet. Dofir och "Sein und Zeit". Heibäi spillt eis Vergänglechkeet eng wesentlech Roll. Dat, well se engersäits d'Bedéngung ass vun eiser Fräiheet, an op där anerer Säit awer och Angscht mécht.

Fräiheet dowéinst, well mer dozou gezwonge si fir fräi ze sinn. Beim Sartre, dee staark vum Heidegger beaflosst war, heescht et, datt mer verurteelt oder verdaamt dozou si fir fräi ze sinn. Onofhängeg vu Genen, Erzéiung, Psychologie an esou weider, musse mer eis ëmmer entscheeden, wéi mer liewen, a wie mer wëlle sinn. Et ass dat, wat de Sartre mengt mat sengem berüümte Saz "l'existence précède l'essence". Et gëtt deemno kee Wiesen, keng "Essence" vum Mënsch oder eppes, dat doriwwer bestëmmt, wien oder wat mer sinn. Bei Déieren ass dat anescht, well si duerch hir Existenz bestëmmt sinn. Si musse sech net konzipéieren a wëssen an der Reegel och net ëm hir Endlechkeet. De Mënsch dogéint weess ëm seng Vergänglechkeet. Dëst Wëssen ass e grousse Bestanddeel vun eiser Existenz.

Wat bedeit et elo sech senger Stierflechkeet bewosst ze sinn? Den eegenen Doud ass jo net Deel vun eiser Erfarung. Et ass vill méi den Endpunkt vun alle Méiglechkeeten, vun aller Erfarung. Den Doud erliewe mer ëmmer nëmmen duerch déi Aner. Eréischt duerch den Doud vum anere gi mer eis bewosst, datt den Doud eppes ass, wat eis bevirsteet.

D'Suerg ass Deel vun der Zäit, déi mir liewen

Eppes, wat virun eis all steet an iwwer dat eraus näischt méi geduecht ka ginn. Konsequenz heivun ass, datt d'mënschlecht "Dosinn", fir eppes vum Heidegger sengem Jargon ze iwwerhuelen, virun allem vun Angscht bestëmmt ass. Angscht duerch d'Suerg ëm seng Existenz, d'Suerg ëm déi Leit, déi engem nostinn. D'Suerg ass Deel vun der Zäit, déi mir liewen, bezitt sech awer op dat, wat war, op dat wat ass, an op dat, wat wäert sinn.

An dëser Angscht treffe sech dann och vläicht Philosophie an Theologie, respektiv Relioun. Och déi chrëschtlech Theologie stellt d'Fro nom Sënn vun der mënschlecher Existenz a beäntwert se duerch eng Ausriichtung vum Liewen op Gott. Gott ass d'Äntwert op d'Suerg an d'Angscht virun der Vergänglechkeet. De Wee zu Gott gëtt de Sënn, an d'transzendent Virstellung vum Liewen nom Doud bei Gott, den Trouscht fir der Angscht ze begéinen.

D'Philosophie huet dogéint mam Nietzsche den Doud vu Gott proklaméiert. En absurd Bild, dat weise soll, datt fir ëmmer méi Leit d'Virstellung vun engem Jenseits, vun engem transzendenten Trouscht, hir Bedeitung verluer huet. Et geet heibäi awer net drëm fir Mënschen hire Glawen ofzeschwätzen, am Géigendeel. Den "tolle Mensch", deem de Nietzsche dës Wierder an de Mond leet, schwätzt zu deenen, déi souwisou schonn net méi gleewen. D'Fro ass hei: Wéi gi mir als Mënsche mat dëser Tatsaach ëm?

Wéi verschaffe mir d'Gefill vu verlooss sinn, Geworfenheet a Sënnlosegkeet an enger Welt ouni Gott? Also eng Welt, déi d'mënschlecht Dosinn am Fong just nach als glécklechen oder onglécklechen Zoufall vun der Natur gesäit. Et ass dat, wat mat Nihilismus gemengt ass. De Mënsch konfrontéiert mam Näischt.

Hei erkläert sech iwwregens och den Titel vum Jean-Paul Sartre sengem Haaptwierk "L'être et le néant".

En Näischt, dat Angscht mécht. Sech selwer ëmmer nees nei ze entwerfen, Decisiounen treffen ze mussen, iwwer Decisiounen nozedenken, ka beängschtegend sinn. Mer kennen dat, wa mer u Punkte sinn am Liewen, wou ee muss existenziell Entscheedungen treffen: Sech berufflech nei orientéieren, an en anert Land plënneren, aus gewinnte Strukturen, wéi enger Bezéiung, enger Famill, erausfalen. Esou Momenter si jo am Fong Momenter vu grousser Fräiheet bestëmmt, maachen awer och Angscht.

Den Eenzelen, deen d'Fäegkeet huet, sech seng Individualitéit, seng Geworfenheet, seng Endlechkeet, awer virun allem seng Fräiheet bewosst ze maachen, verschwënnt awer an eisem modernen Technologiezäitalter.

Nihilismus ass zur Grondstruktur vun der moderner Welt ginn

Firwat? Ma well mer an der Existenz vun deenen aneren opginn, am allgemenge vun de villen. Den Heidegger géif soen, den Individuum gebraucht am "een" oder Däitsch am "man". Et mécht ee wéi d'Leit, da geet et engem wéi de Leit. Et handelt een net méi als Subjekt, als Individuum, mee et mécht ee wéi all déi aner et och maachen. Et fiert een an d'Vakanz, wéi déi aner, et kritiséiert een d'Politik, wéi een dat eben esou mécht, et steet een am Stau, wéi déi aner, et geet ee schaffen, wéi dat sech gehéiert, et notzt een déi sozial Netzwierker, et ameséiert ee sech, wéi ee sech eben ameséiert, et probéiert ee sech awer och vun der Mass zeréckzéien oder ofzehiewen, wéi een dat mécht, wann ee sech zeréckzitt oder ervirdeet.

Dëst Verschwannen am EEN bréngt awer och mat sech, datt ee keng Verantwortung méi muss iwwerhuelen, well jo jiddwereen EEN ass. Et war ëmmer een. Mee et kann een dann ëmmer soen, datt et kee war.

Zeréck zur Fro nom "Doud vu Gott" an dem Nihilismus, déi fir den Eenzelen dacks méi wichteg ass, wéi mir dat vläicht mengen. Fir eis modern Gesellschaft bedeit dat, datt d'Kierchen hir Autoritéit verléieren an un hir Plaz d'Vernonft réckelt, respektiv déi eege Verantwortung. D'Fleeg vum engem Kult gëtt duerch mënschlecht Schafen ersat, duerch d'Erschafe vu Kultur, vun Technik, vu Méiglechkeete fir am Hei an Elo säi Gléck ze fannen. De Mënsch geet op a sengem Schaffen, a sengem Maachen, esou datt ee behaapte kann, datt den Nihilismus zur Grondstruktur vun der moderner Welt ginn ass.

Wat bestëmmt dat mënschlecht "Dosinn"?

Eng Welt, déi sech ëmmer méi uniformiséiert a globaliséiert. Déi an hirem Striewen no Fortschrëtt och keen Halt virdru mécht fir den Doud, an domat d'Vergänglechkeet vum Mënsch selwer ofschafen ze wëllen. Duerch Gentechnik soll den Alterungsprozess kontrolléiert ginn, duerch kënschtlech Intelligenz ka vläicht iergendwann d'biologesch Begrenztheet vum Mënsch opgehuewe ginn.

Ob dat dann elo d'Äntwert op d'Fro nom Sënn vum Liewe ka sinn, et weess een et net. Ob an enger Gesellschaft, déi sech duerch rasante wëssenschaftleche Fortschrëtt auszeechent, enger permanenter Oflenkung, duerch eng Spaass- a Konsumgesellschaft, d'Fro no Vergänglechkeet a Sënn iwwerhaapt nach wichteg ass, dierf hei mol dohigestallt bleiwen.

Eng gewëss Geloossenheet suggeréiert schonn den Heidegger. Trotzdeem schéngt eng Réckbesënnung iwwer d'Grondfro vum Mënschsinn an der Fro no der mënschlecher Existenz grad an eiser Zäit interessant. Vläicht emol net wéinst den Äntwerten, mee virun allem wéinst der Fro u sech.

Wann et kee Sënn méi gëtt, dee mer vun Autoritéiten operluecht kréien, an op där anerer Säit konsuméieren an d'Schafe vu Wuesstum eis mat engem Gefill vu Sënnlosegkeet zeréckloossen, dann ass et vläicht grad un der Zäit sech Gedanken ze maachen iwwer dat, wat dat mënschlecht "Dosinn" wierklech bestëmmt.